Däitschland Wéi 150 Euro Däitschland paralyséiere kéinten

An Däitschland ginn d'Beschäftegt aus dem ëffentlechen Déngscht op d'Barrikaden - a Klinicken, Crèchen, am ëffentleche Transport. D'Tarifverhandlungen, déi ronn 2,3 Millioune Leit betreffen, ginn net virun. Nach weist d'Bevëlkerung Versteesdemech. Wei laang nach?

Matthias Kirsch

Matthias Kirsch

150 Euro. Fir déi eng Leit sinn dat vill Suen, fir déi aner manner. Op grouss Deeler vum ëffentleche Liewen an Däitschland kéinten déi 150 Euro awer an den nächste Wochen nawell zolitten Afloss hunn: Dorops, wéi gutt een mam ëffentlechen Transport op d'Aarbecht oder an d'Schoul kënnt; dorops, wéi vill Deeg d'Crèchen ophunn oder d'Dreckskëschten agesammelt ginn.

Ëm 150 Euro geet et an den Tarifverhandlungen tëschent den däitsche Gewerkschaften op der enger Säit, an dem Bund an de Gemengen op der anerer. Respektiv geet et ëm 4,8 Prozent méi Loun fir d'Beschäftegt vum ëffentlechen Déngscht - d'Hausse muss awer op d'mannst bei deenen 150 Euro leien.

Queesch duerch Däitschland hunn déi sougenannte Warnstreiks haut ugefaangen. Dat nodeems déi zweet Ronn vun den Tarifverhandlungen ouni Succès op en Ënn gaangen ass. Den nächsten Tour ass an dräi Wochen - a bis dohinner soll et, wann et no de Gewerkschafte geet, all Woch méi ongemittlech ginn.

Gemittlechen Ufank, mee ...

Um Ufank ass jiddefalls keng grouss Streik-Bomm ageschloen. Zu Freiburg gouf an e puer Crèchen a Klinicke gestreikt, am bayreschen Augsburg bei de Kläranlagen. Mee vu elo u kommen all Dag nei Aktiounen dobäi. Wéi gutt besonnesch d'Gewerkschaft ver.di esou Streiks ka koordinéieren, huet sech bei de leschte groussen Tarifverhandlungen virun zwee Joer gewisen: Deemools gouf besonnesch Crèchen, den ëffentlechen Transport an de Fluchverkéier bestreikt.

An och wann den ëffentlechen Transport Corona-bedéngt vläicht dëst Kéier manner Leit géif treffen, géife Streiken am Gesondheetssecteur ëmsou méi wéidoen. Wéi et aus béide Lageren heescht, wier een nach e gutt Stéck vunenee fort - mat enger séierer Eenegung ass also net ze rechnen.

Vill Support vum Public

Am Moment steet de Gros vun der däitscher Bevëlkerung jiddefalls nach hanner dem ëffentlechen Déngscht: méi wéi zwee Drëttel waren an enger Ëmfro vum Institut Forsa en Faveur vun engem Streik. Déi héich Zoustëmmung dierft och dohier kommen, datt eng ganz Rei ëffentlech Secteuren an de leschte Méint als systemrelevant opgefall sinn. Et ass net verwonnerlech, datt besonnesch am Fleegesecteur bal 80 Prozent vun den Däitschen der Meenung sinn, datt d'Léin sollte klammen.

Mee, wéi dat bei Streiken esou dacks de Fall ass: Wann et ee bis selwer am Alldag trëfft, da gëtt aus dem Support och séier Roserei. D'Gewerkschafte vum ëffentlechen Déngscht wäerten alles doru leeën, hir Fuerderungen duerchzekréien - éier et souwäit ass.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Rick Mertens Kommentar
Auslandschronik

Zwee Méint no de Bundestagswahlen ass an Däitschland nach keng nei Regierung a Siicht. Angscht brauch een awer net ze hunn. Neiwahlen oder eng Minoritéitsregierung kéinten och eng Chance sinn.

Simone Beck Meenung
Tag der Deutschen Einheit

No de Bundestagswahlen schéngt Däitschland op dësem "Tag der Deutschen Einheit" méi gespléckt wéi jee. Eng rassistesch Partei ass drëtt Kraaft am Bundestag a schiert Angscht virum Islam.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen