Radioen

On air

De Moien  |  The Shins - Phantom Limb

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi an der EU Stroum gespuert soll ginn

ENERGIE SPUEREN

Wéi an der EU Stroum gespuert soll ginn

Iwwerall an der EU hunn d'Regierunge Spuerpläng ausgeschafft. Manner hëtzen an d'Luuchten ausmaachen, gehéiert dacks zu de proposéierte Mesuren. Et gëtt awer duerchaus Nuancen an ënnerschiddlech Iddien.

auto_stories

4 min

Inflatiouns-Tauxe vun no bei zéng Prozent, Energie-Präisser, déi weider klamme wäerten: Iwwerall an der EU gëtt reagéiert, d'Länner stieche schonn elo vill Suen dran, de Stéit an den Entreprisen ze hëllefen.

De Bréisseler Think Tank Bruegel schätzt, datt et zanter September zejoert eng hallef Billioun Euro sinn, déi d'EU-Staaten zesumme mat Groussbritannien an Norwege fir d'Hëllef opbruecht hunn.

Am Meeschten huet Groussbritannien ausginn, do waren et ëmmerhin sechs Prozent vum PIB, dono komme Länner wéi Kroatien, Griicheland, Italien oder Spuenien. Lëtzebuerg ass mat 2 Prozent an der Mëtt.

Déi grouss Ënnerscheeder am Volume vun der Hëllef kéinten um Enn dozou féieren, datt déi ekonomesch Divergenzen tëscht de Länner nach méi grouss ginn, warnen d'Auteuren vun där Etüd.

Polen: Wien Energie spuert, bezilt manner

Energie spueren ass eppes, wat de Staat näischt kascht an awer effikass ass - a gëtt dowéinst och ganz grouss geschriwwen. Eent vun den éischte Länner mat enger nationaler Campagne war Spuenien. En neit Gesetz schreift vir, datt ëffentlech Gebaier am Summer net ënner 27 Grad gekillt an am Wanter net iwwer 19 Grad gehëtzt dierfe ginn.

De Lëtzebuerger Staat war do méi generéis a gesteet de Staatsbeamten an Gemengefonctionnairen mat 20 Grad ee Grad méi zou. Dat si Recommandatiounen, per Gesetz virgeschriwwe gëtt dat net, och de Präisdeckel um Stroum ass net u Konditioune geknäppt.

Anescht ass dat zum Beispill a Polen. Hei profitéieren just déi Stéit vum méi bëllegen Stroum, deene hire Verbrauch am Joer ënner enger definéierter Limitt läit. Hinne gi weider Reduktiounen offréiert, wa se op d'mannst 10 Prozent manner Stroum consomméieren.

Dat ass richteg esou, seet den polneschen Energie-Expert, Jakobik Wojciech:

"D'Energie-Präisser ginn agefuer an et ass gutt, datt de Verbrauch soll kontrolléiert ginn. Endlech huet den Premier dozou opgeruff, Energie ze spueren."

Belsch a Rumänien: Ferngesteiert Stroosseluuchten spuere Stroum

D'Luuchten am Espace public manner laang umaachen oder ganz ausloossen, ass eng Mesure, déi a ville Länner propagéiert gëtt.

Och d'Belsch, déi weltwäit fir hir gutt beliichten Stroosse bekannt ass, zitt mat. Eleng op wallouneschen Autobunnen ginn 20.000 Luuchten ausgeknipst. D'Sécherheet bleift garantéiert, seet den Denis Cornet, den Direkter vun der SPW, déi fir d'Infrastruktur zoustänneg ass.

"Op den Entréeën a Sortie vun den Autobunne bleiwen d'Luuchten un, si ginn op 30 Prozent gedimmert a si just da voll un, wann een Auto kënnt. Dat heescht, datt déi Konfliktzonen genee esou sécher si wéi virdrun."

D'Luuchte kënnen am Noutfall och op Distanz un- an ausgemaach ginn. Och Gemenge setzen op Fernsteierung an op Sensoren, wéi zu Sadu am Zentrum vu Rumänien.

"Vun enger Auer Nuets un, gëtt op ee Minimum erofgedimmt. Wann och nëmmen eng Kaz laanscht leeft, schalt ee Sensor op mannst déi d¨dräi Luuchte virdrun nees voll un." Trotz där neier Installatioun ginn nach Sue gespuert, ass de Buergermeeschter vu Sadu, de Valentin Ivan iwwerzeegt.

Dänemark: Decke verdeelen u Bank-Employéen

A Bulgarien huet iwwerdeems ee bekannten Zirkus decidéiert selwer aktiv ze ginn, fir u bëllege Stroum ze kommen, wéi den Direkter Alexander Balkanski erkläert.

"Mir hunn elo ee mobillen Solar-Park op all eise Camionen, déi mam Zirkus ronderëm fueren. Soubal d'Sonn schéngt, ginn doduerch Batterien opgelueden an Energie gespäichert."

Kreativ oder vläicht einfach nëmme pragmatesch ass een iwwerdeems och an Dänemark, wéi Bloomberg gemellt huet.

Déi meescht dänesch Banken hunn décidéiert, den Thermostat op déi vun der Regierung recommandéiert 19 Grad erofzedréinen.

Fir dat méi agreabel fir d'Employéeën ze maachen, hu verschiddener elo Decken verdeelt. Anerer stellen Pulloveren a Jacketten zur Verfügung - aus dem Stock, deen normalerweis fir Publicitéits-Cadeauen genotzt gëtt.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.