Radioen

On air

Notturno  |  Witch - Waile

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi ass d'Sozialversécherung och an Zukunft finanzéierbar?

Sozialsystemer

Wéi ass d'Sozialversécherung och an Zukunft finanzéierbar?

Pensiouns-, Kranken-, Pflegeversécherung an nach anerer - kuerz, de Prinzip vun der Sozialversécherung, ass ee vun de grousse politeschen Acquise vum 20. Joerhonnert. Wéinst der demographescher Entwécklung an dem technologesche Fortschrëtt stelle sech Froen, wéi d'Sozialversécherung och an Zukunft soll finanzéierbar sinn. Am Kader vun enger Feier fir zéng Joer Statut unique gouf de leschte Freideg iwwer d'Zukunft vun der Sozialversécherung diskutéiert.

auto_stories

3 min

D'Problematik vun der Sozialversécherung hänkt mat dem Opbau vun dëse Systemer zesummen. Dorun erënnert de President vun der Pensiounskeess, Fernand Lepage. De Kär vum aktuelle System baséiert op der Valeur vun der Solidaritéit.

"D'Pensioune vun haut gi vun den Aktive vun haut finanzéiert. An der Hoffnung, datt wann déi Aktiv vun haut an d'Pensioun ginn, genuch Aktiver do si fir deenen hir Pensiounen ze bezuelen."

Zu Lëtzebuerg an a villen anere westleche Länner gëtt et de Phenomen, datt d'Gesellschaft ëmmer méi al gëtt. Dat heescht och, datt den Undeel vun deenen, déi an der Pensioun sinn, méi grouss gëtt. Fir dat ze finanzéieren, misst d'Bevëlkerung ëmmer méi wuessen. Dat kéint laangfristeg keng Léisung sinn, fënnt de Vize-President vun der Salariatskammer Jean-Claude Reding. An der Vergaangenheet wier rieds gaangen iwwer 700.000 Awunner, elo géif vun enger Awunnerzuel vu ronn enger Millioun geschwat, a verschidde Leit hätten Angscht do virdrun. Si géifen zwar net ëm hir Pensioun fäerten, mee si hätten Ängschten, déi mam System géifen zesummenhänken, an deem si da géife liewen.

Nicolas Schmit: "Den Däiwelskrees duerchbriechen"

E weidere wichtege Phenomen ass den technesche Fortschrëtt, an domat verbonnen eng méi grouss Aarbechtsproduktivitéit. Et misst ee kucken, dëse Produktivitéits-Zouwuess zu engem Deel ze gebrauche fir de Sozialsystem ze finanzéieren. Esou den designéierten EU-Kommissär fir Aarbecht a sozial Rechter, Nicolas Schmit.

"Da si mer an engem Film, dee vill méi op Solidaritéit baséiert ass, wéi deen deen individuell fir sech accumuléiert huet, fir dann herno ze profitéieren vun deem, wat en iwwer déi 40 oder x Joren accumuléiert huet. Soss si mer an deem Däiwelskrees, dee jo net kann endlos weidergoen, datt ëmmer nei Leit musse kommen, fir datt déi , déi hannendru kommen, och nach eng valabel Pensioun kréien."

Et missten och nei Finanzéierungsquelle fonnt ginn, fir de Sozialsystem ze finanzéieren. Dem LSAP-Politiker Nicolas Schmit no géifen do och scho verschidde Modeller diskutéiert ginn. Hie kéint sech zum Beispill eng Tax op Robotere virstellen, déi géif hëllefen d'Baisse vun de Kotisatiounen auszegläichen. Esou géif een d'Kotisatiounen op d'Kapital ausdeenen.

Nicolas Buck: "Nei Sourcë fir Revenu sinn net d'Léisung"

Komplett géint eng sougenannte Roboterstéier war de President vum Patronatsverband Nicolas Buck. Fir hien ass sou eng Iddi absurd.

"Da misste mer ufänke mat word an excel. Ass dat och e Roboter? Wou hält dat op, wou fänkt dat un."

Un déi geriicht, déi nei Finanzéierungssourcë wëlle fannen, seet den Nicolas Buck. "Dir wëllt de System halen, wéi en zu Lëtzebuerg lo ass a wëllt just aner Sourcë fir Revenue fannen. Wou mir soen: Mir liewen iwwerall iwwer eise Moyenen an deem System."

Net op e System setzen, deen op Bevëlkerungswuesstum berout

D'Participante vum Panel si sech eens, datt een net kann op e System setzen, deen op Bevëlkerungswuesstum berout. Déi ekologesch Debatt géif weisen, datt dat laangfristeg a global gekuckt net ka funktionéieren, sou nach de Jean-Claude Reding.

"Wa mir muer 20 Milliarde Leit op der Welt hunn, da brauche mer eis keng Gedanke méi ze maachen iwwer de Pensiounssystem, well da fält d'Welt zesummen."