Radioen

On air

Notturno  |  Claire Parsons - Snow In August (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi bastelen ech mir e Steierparadäis?

Fräie Mikro

Wéi bastelen ech mir e Steierparadäis?

Et ass scho bal langweileg. Nees gouf Lëtzebuerg als Steierparadäis denoncéiert, dës Kéier net vu Journalisten, mee vun engem universitäre Think Tank. D'Methoden, déi dobäi ugewannt ginn, treffen e Punkt, dee fir Lëtzebuerg net méi verhandelbar ass, seet de Jean-Jacques Rommes, fréieren Direkter vun der Bankenassociatioun ABBL.

auto_stories

3 min

Attacken op eis Finanzplaz ginn et zënter mindestens 30 Joer. D'Press, och déi einheemech, huet dat gär. Et kléngt jo esou moralesch. D'Argumenter waren dobäi am Detail bal ëmmer falsch, déi grouss Stoussrichtung allerdéngs net ëmmer. Elo kënnt eng nei Generatioun vu Reprochë mat scho bal surrealem Charakter.

"Tiens, tu m'étonnes"

Bei de sougenannte "Luxletters" zum Beispill kritt déi Lëtzebuerger Verwaltung am Prinzip virgeworf hire Contribuabelen, op Nofro hin, Rechtssécherheet a konkrete Fäll ze garantéieren. Dat heescht: dat wat no Verwaltungsrecht hir verdaamte Flicht ass, gëtt elo vu Monde, Süddeutsche a Co als hallef kriminell Praxis un déi grouss Medieklack gehaangen. Bei "OpenLux" kréie mir gesot, eise Régistre des bénéficiaires, deen eis Nopere meeschtens nach guer net hunn, wier lückenhaft.

Mee et geet nach besser. D'Europäesch Kommissioun huet, op politeschen Drock vu Steier-ONGen, déi grouss Banke verflicht ëffentlech ze soen, wéi vill Benefice si wou maachen. Dobäi koum dat eraus wat all Mënsch wosst: an Irland zum Beispill oder och a Lëtzebuerg si Banken héich profitabel. Dat leet dann eng nei Ronn vu gezielter Desinformatioun an. An dësem Fall kënnt déi vun deem sougenannten "EU-Tax Observatory" ënner d'Verantwortung vum Gabriel Zucman, engem militante Steier-Aktivist, dee Lëtzebuerg scho fréier mat technesch wëlleg manipulativen Argumenter un de Pranger gestallt huet an 2013 souguer verlangt huet 'de sortir ce pays parasite de l'Union européenne'.

Elo huet de gudden Här Zucman, déck gesponsert vu Bréissel, Berlin a Paräis, eraus fonnt, Lëtzebuerg wier nach ëmmer e Steierparadäis. "Tiens, tu m'étonnes", kann een do nëmme soen, mee och ouni Ironie dierf ee staune wéi hie säi Lieblingshieschen des Kéier aus dem Hutt gezaubert huet.

E politescht Gaunerstéck

Ouni hei an den Detail kënnen ze goen, geet et duer ze wëssen, datt eist Land reprochéiert kritt, d'Banke géifen hei méi Profit pro Mataarbechter ervir brénge wéi a Flächestaaten wéi Frankräich. Dat ass e richtege Coup de Génie: Well d'Finanzaktivitéite generell méi produktiv sinn do wou si zentral verwalt ginn, exportéiert Lëtzebuerg Déngschtleeschtunge mat héijem Mehrwert. Änlech Aktivitéite sinn natierlech zu Frankfurt a Paräis genau esou profitabel, mee Banken an deenen Zentren droe gläichzäiteg d'Personal vun all aner Servicer an hire Flächestaaten mat - vum Bancomat op der Gare de l'Est bis zur klengster Agence a Polynesien. Domat si si statistesch op d'Land gekuckt ëmmer manner profitabel.

Mir gi par contre, op déi Aart a Weis ipso facto zum Paria. Et geet duer, genau dat ze maache firwat den EU-Bannemaart geschaaf gouf: sech ze spezialiséiere fir profitabel ze sinn an dann an déi ganz EU ze exportéieren. A relativ kleng muss ee si fir datt dat opgeet, wat och déi Lëtzebuerger Press sech net traut mam Numm ze nennen: e politescht Gaunerstéck!


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.