Radioen

On air

Notturno  |  Lisa Berg - Hope

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Wéi d'Politik mat der Strenz viru Walen ëmmer nees beléift gëtt

Ee Joer virum Superwahljoer

Wéi d'Politik mat der Strenz viru Walen ëmmer nees beléift gëtt

D'Lëtzebuerger Staatsfinanze kréien déi vill Krisen däitlech ze spieren. Zënter dem éischte Coronajoer 2020 ginn historesch Defiziter zu Lëtzebuerg realiséiert. Trotzdeem ginn et an der Politik ee Joer virun de Chamberwale genuch Stëmme fir weider mat der Strenz Suen auszedeelen. D'Politiker sollte sech net dobäi erwësche loosse just nach wëllen de Wieler ze gefalen, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

Den Defizit beim Zentralstaat schwätzt fir sech: am Joer 2020 war et en Defizit vun 3,1 Milliarden, d'lescht Joer vu 400 Milliounen, dëst Joer gëtt mat engem Defizit vun 1,4 Milliarde gerechent, an d'nächst Joer mat - 2,8 Milliarden. A véier Budgetsjore géif den Zentralstaat (also ouni d'Sécurité Sociale an d'Gemengen) 7,7 Milliarde méi ausginn, wéi der erakommen. Dat gouf et esou zu Lëtzebuerg nach ni.

Et ass eng Chance, an engem Land ze liewen, dat et sech a Krisenzäiten erlabe kann, massiv Suen auszeginn. An et ass och richteg, datt net direkt no Austeritéit geruff gëtt, anescht wéi no der Finanz- a Scholdekris virun iwwer zéng Joer.

Net cibléiert Mesuren

Mee am Detail leeft awer esou Munches schif.

Dës Regierung, déi seet, se hätt d'Staatskeess seriö geréiert, gëtt Suen aus, déi se just ausgëtt, fir kënnen ze soen, se hätt d'Tripartite hannert sech, a se hätt de soziale Fridde gerett. Déi zwee Tripartite-Accorde si finalement vill ze deier well se net cibléiert genuch sinn.

Den Estimatiounen no, (vun deenen net ausgeschloss ass, datt se däitlech ze niddereg sinn) kompenséiert de Staat fir 500 Milliounen Euro wärend néng Méint eng Indextranche (wat nach vill méi deier gi wier, wann d'Regierung dem OGBL gefollegt hätt), den Tankrabatt huet 77 Millioune kascht, an d'staatlech Hëllef géint d'Hausse vun de Stroum-, Gas- a Mazoutspräisser kascht iwwer 600 Milliounen Euro.

Et muss manner Energie verbraucht ginn, fir datt d'Präisser erof ginn

Vill Leit profitéiere vun deene Mesuren, ganz vill Leit och, déi net drop ugewise wieren. Dir kritt déi Suen och, wann der eng Luxuslimousine fuert a 15 Liter op 100 Kilometer verbraucht oder wann der eng Heizung hutt, déi 500 Metercarré op vollen Touren hëtzt. Dovun ofgesinn, datt esou eng "Präisbrems" oder esou en Tankrabatt ekologesch eng Katastroph sinn, ass et och ekonomesch kontraproduktiv: Nëmme wa mer dozou incitéiert gi manner ze verbrauchen, kënnen och d'Präisser falen. Wéi Offer an Demande zesumme spillen, misst den Decideure jo awer bekannt sinn. Dofir wier et vill besser, d'Energie géif just bis zu engem gewësse Verbrauch staatlech subventionéiert ginn.

Och d'CSV ass onkonsequent

Net fir näischt ruffen Ekonomisten dozou op, fir cibléiert Mesuren z'ergräifen. Mat deene Suen, déi de Lëtzebuerger Staat ausgëtt, hätt een deenen déi et wierklech brauche vill méi missen hëllefen. Zum Beispill hätt ee kënnen d'Steiertabell bei den ënneschte Gehaltsklassen un d'Inflatioun upassen.

D'CSV hirersäits kritiséiert, datt d'Staatsschold ze staark geklomme wier, nodeems si den Tankrabatt am Léifsten nach méi laang applizéiert hätt. An da fuerdert si och nach eng komplett Upassung vun der Steiertabell un d'Inflatioun. D'CSV huet soss scho bei engem Defizit vu 500 Milliounen Euro no Austeritéit gejaut, an elo géif se dann higoen, a wärend der gréisster Defizit-Spiral, déi mer bis elo haten, och den ieweschte Salairen d'Steiere reduzéieren. An enger Inflatiounsphas, déi net just op e Krich zréckzeféieren ass, mee eben och ob eng ekonomesch Iwwerhëtzung a Liwwerengpäss a Ressourcëknappheet, géif de Lëtzebuerger Staat deenen, déi scho grouss Kafkraaft hunn, nach méi Kafkraaft ginn, fir de Marché monter weider z'iwwerhëtzen.

Leit mat den niddregste Léin musse méi ënnerstëtzt ginn

Et muss ee gutt oppassen, wat ee seet. Bis elo hunn hei am Land déi Wéinegst Decideure verstanen, datt eng Inflatiounsphas ganz séier och zu sozialen Onroue kënne féieren. Och dofir wier et besser, deene Leit, déi net vill hunn, grad elo méi Opmierksamkeet ze schenken, am Plaz - an engem Virwaljoer - all deene wëllen ze gefalen, vun deenen ee sech d'nächst Joer eng Stëmm erhofft.