Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Sheer Mag - Moonstruck

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi de Logement de Stéit mat nidderegem Akommes ze schafe mécht

Chronik

Wéi de Logement de Stéit mat nidderegem Akommes ze schafe mécht

Wien zu Lëtzebuerg eng Wunneng bezuele muss, huet ëmmer manner Sue Rescht fir aner Saachen. Dat ass eng vun de Konklusioune vun enger neier Etüd vum staatlechen Observatoire de l'Habitat. Besonnesch Locatairë mussen ëmmer méi e groussen Deel vun hirem Revenu fir hir Wunneng ausginn. Kuerz virun der Ried zur Lag vun der Natioun den Dënschdeg, erhéicht dat den Drock op d'Regierung fir Léisungen ze proposéieren, mengt de Jean-Claude Franck an enger Chronik.

auto_stories

2 min

De Jean-Claude Franck ass Chefredakter vum radio 100,7

6 vun 10 Stéit hei am Land bezuelen en Immobiliëprêt oder e Loyer. An den Undeel, deen dofir drop geet, gëtt par Rapport zu hirem Revenu ëmmer méi grouss. Am Joer 2016 hunn d'Stéit an de Locatiounswunnenge ronn 32 Prozent vun hirem Revenu fir de Loyer ausginn, 2019 waren et 5,5 Prozentpunkte méi.

En Drëttel vun all de Leit déi lounen, ginn 2019 méi wéi 40 Prozent vun hirem Revenu fir d'Wunneng aus. Bei de Proprietäre mat Prêt ass den Deel vun deenen, déi iwwer 40 Prozent musse fir d'Wunneng ausginn, méi niddereg. An trotzdeem ass e vun 2016 op 2019 och däitlech an d'Luucht gaangen. All Véierten ass do an där Situatioun.

Ëmmer méi Leit kommen a finanziell Schwieregkeeten

Et ass evident: d'Loyeren an d'Immobiliëpräisser sinn déi lescht Joren am zweestellege Prozentsaz geklommen, d'Revenue vun deene meeschte Leit awer just ganz wéineg.

Statistesch gesinn hunn déi, déi lounen, méi en nidderegt Akommes wéi d'Proprietären. Wann dann den Undeel vum Loyer par Rapport zum Akommes esou staark wiisst, ass kloer, datt do vill Leit ëmmer méi a finanziell Schwieregkeete kënne kommen.

Et sinn dann och si, déi déi generell Inflatioun a besonnesch déi méi héich Energiepräisser am stäerksten ze spiere kréien, well si ëmmer manner Sputt hunn, fir esou Präishaussen ofzefiederen.

D'Regierung muss Äntwerte liwweren

A wann déi nächst Zäit d'Nidderegzënspolitik vun den Zentralbanke géif änneren, géifen och vill Proprietäre méi ënner Drock geroden. Wann d'Zënse klammen, bleift och bei hinnen ëmmer manner Rescht fir aner Saachen.

De Premierminister Xavier Bettel muss den Dënschdeg an der Ried zur Lag vun der Unioun dofir net just soen, wéi d'Regierung d'Spekulatioun am Immobiliësecteur wëllt an de Grëff kréien. Mee et sinn och Äntwerten néideg, wéi dofir ka gesuergt ginn, datt d'Stéit mat nidderegem Akommes net nach méi an d'Laberente kommen.