Radioen

On air

Notturno  |  Michael Wycoff - Looking Up To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi ee Renouveau fir d'LSAP?

Parteipolitik

Wéi ee Renouveau fir d'LSAP?

D'LSAP wëllt sech erneieren. Den Owend bestëmmt den LSAP-Kongress een neie Parteipresident a Generalsekretär. Déi zwee wichtegst Responsabilitéitsposten, fir déi et awer wéineg Interessi gëtt.

auto_stories

3 min

Den LSAP-Wahlkongress am Juli 2018. Foto: LSAP / Archiv.

Fir de Poste vum neie Generalsekretär ass den OGBL-Zentralsekretär a Buergermeeschter vu Réiser Tom Jungen den eenzege Kandidat. Niewent dem 42 Joer jonke Politiker wier wéineg Interessi un dësem Poste gewiescht, heescht et aus der Partei.

Och fir de Poste vum Parteipresident gouf et wéineg Interessi. Fir de Claude Haagen z'ersetze kandidéiert just den LSAP-Deputéierten a Geschäftsaffekot Franz Fayot.

Politikverdrossenheet a Generatiounsproblem

Et ware virun allem de lénke Fligel an d'Jongsozialisten, déi sech ëmmer nees agesat hate fir d'Erneierung vun der Partei virunzedreiwen. Datt elo kee vun de Jonken un engem Responsabilitéitsposten interesséiert wier, géif dem neie JSL-President Georges Sold no un enger Politikverdrossenheet an un engem Generatiounsproblem leien.

"Mir hunn e Problem mam Nowuess. Do gouf kee Nowuess geschafen a kee rekrutéiert. An déi jonk goufen net aktiv mat agebonnen. Dat heescht, mir hunn elo vill al Leit a quasi keen, dee souwuel Erfarung, wéi och Loscht huet, déi Erneierung unzedreiwen."

Net vill Kandidature vu Fraen

Niewent der Politikverdrossenheet vun de Jonke bedauert den Nico Wennmacher, datt keng Frae sech fir de Poste vum Parteipresident respektiv dee vum Generalsekretär gemellt hätten. Eenzeg Kandidatinne sinn d'Paulette Lenert fir de Poste vun der Vizepresidentin an d'Christine Schweich als Tresorière.

Bannent der LSAP wier dem LSAP-Politiker no an dësem Beräich nach vill Aarbecht ze leeschten, besonnesch fir Jonker a Fraen ze motivéiere fir matzeschaffen. "D'Féierungsequipe hätt als Missioun, fir dat alles an d'Weeër ze leeden."

Och Iddie mussen Deel vun Erneierung sinn

Dat soll an dësem Fall de Franz Fayot sinn. Scho virun engem Joer hat den LSAP-Deputéierten an engem Oppene Bréif fir d'Erneierung vun der Parteispëtzt plädéiert. De fréiere Generalsekretär Yves Cruchten seet, datt de Franz Fayot sech vill investéiert huet. "Hien huet sech Gedanke gemaach wou d'Partei soll higoen, mee den Erneierungsprozess kann net nëmmen um Personal hänken."

Fir den Yves Cruchten ass et wichteg, datt och Iddien Deel vun dësem Prozess sinn. "Dat wat mir wëllen no bausse verkierperen." Doru misst geschafft ginn, an de Franz Fayot wier do op der richteger Plaz.

Vill Kandidature fir d'Parteileedung

Niewent de Poste vum President, Generalsekretär, Vizepresident a Vizepresidentin an Tresorier soll och eng nei Parteileedung gewielt ginn. Do hätten dës Kéier ongewéinlech vill Kandidate sech gemellt, erkläert den Yves Cruchten. Et géif 46 Kandidature fir 10 Poste ginn, vill dovunner wiere Jonker an iwwer een Drëttel dovunner wiere Fraen.

Um LSAP-Kongress den Owend zu Käerjeng wëllt d'Partei sech op alle Posten erneieren. Den Erneierungsprozess schéngt domadder awer nach net ofgeschloss.