Radioen

On air

Notturno  |  Mutiny On The Bounty - Mkl Jksn

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lokal oder national Approche?

Denkmalschutz

Lokal oder national Approche?

Et gëtt nach kee Konsens, wéi den nationalen Denkmalschutz an Zukunft soll gereegelt ginn. De Kulturministère wëll de Gemengen eng méi grouss Responsabilitéit ginn. Vill Acteure vum Terrain wënsche sech de Géigendeel.

auto_stories

5 min

Datt d'Gesetz vun 1983 iwwert den nationalen Denkmalschutz veraalt ass, doriwwer si sech d’Politik esou wéi d'Acteuren um Terrain Eens. Deemno hat sech de Staatssekretär am Kulturministère bei sengem Amtsuntrëtt viru gutt engem Joer d'Reform als Prioritéit gesat. Den Aarbechtsgrupp, deen agesat gouf, fir um Gesetzprojet matzeschaffen, hätt seng Aarbecht awer scho virun iwwert engem Joer ofgeschloss, sou d'Andrea Rumpf. D'Directrice vum "Luxembourg Centre for Architecture" a Member vum Aarbechtsgrupp bedauert, datt een zënterhier keng Réckmeldung méi kritt hätt.

Net am Sënn vun den Denkmalschützer

Iwwer zwanzeg Leit aus verschiddene Beräicher aus der Baukultur hätten a gutt zéng Reuniounen all Gesetz fir all Themeberäicher duerchdiskutéiert. Domadder wier eng Basis geluecht ginn, fir déi nei Gesetzgebung. Dono sollt de Ministère een Text ausschaffen. D'Membere vum Aarbechtsgrupp géifen elo awer d'Gefor gesinn, datt wéinst der Komplexitéit vun der Matière gesot gëtt, datt awer nees eenzel Gesetzer fir déi verschidde Beräicher entstinn, amplaz een eenheetlecht Gesetz. Da géif nees tëscht archeologeschen, gebauten, immateriellen Denkmäler, an och nach dem "patrimoine mobilier" ënnerscheet ginn. "Dat ass net an eisem Sënn", sou d'Andrea Rumpf.

Dem Guy Arendt no géif een den Ament intensiv um Text vum Gesetzprojet geschafft ginn. De Staatssekretär am Kulturministère verséchert, datt de Projet nach an dëser Legislaturperiod wäert presentéiert ginn. Ënnert wéi enger Form, wier nach net gewosst: "Dat ass nach ee vun de Punkten, déi mir musse kloer stellen." Et kéint ee sech virstellen, datt een et an engem eenheetleche Gesetz mécht - wat seng Avantagen, mee och seng Desavantagen hätt.

Konkurrenz tëscht lokal an national

Fir ze verstoen, wéi de Schutz vun de Gebaier funktionéiert, muss een zwëschent dem nationalen Denkmalschutz an dem kommunale Schutz ënnerscheeden, erkläert de Paul Ewen vun der ASBL Luxembourg Patrimoine. Dat géif bei de Bierger zu Konfusioun feieren: "Et ass ee relativen Duercherneen." Et kéint ee vu kengem erwaarden, sech am Detail mat zwou "concurentiellen" Legislatiounen ausenaner ze setzen, déi deels eng aner Finalitéit hätten.

De Plan d'Aménagement Général (PAG) wier zum Beispill éischter een Instrument fir Urbanismus, also fir d'Entwécklung vun enger Gemeng oder enger Stad. Mee do géif d'Oppassen op de Patrimoine keng sou grouss Roll spillen, seet de Paul Ewen. Et wier och besser, wann net d'Gemenge missten op de Patrimoine oppassen. Dat misst d'Aufgab vun enger nationaler Agence sinn. An déi misst sech op eng eenheetlech Gesetzgebung kënne beruffen, déi national gülteg wier. Dës Agence misst onofhängeg vu politeschen a kommunale Consideratioune sinn an nëmmen inhaltlech Critèren zréckbehalen, fir eng Classifikatioun ze maachen.

LSAP an DP sinn anerer Meenung

Et wier eng logesch Iddi, den Denkmalschutz national ze regelen, mengt och den LSAP-Deputéierte a Member vun der Chamberkulturkommissioun Franz Fayot: A sengen Ae wier et net gutt, datt all Gemeng eng aner Approche huet zu deem, wat se mécht a wéi wäit se wëll goen. Da wieren d'Critèren och all kéiers anerer.

De Staatssekretär Guy Arendt ass anerer Meenung. Beim nationalen Denkmalschutz sollt d’Politik och an Zukunft dat lescht Wuert hunn. Déi 105 Gemengen géifen dann eng méi grouss Responsabilitéit beim Schutz vun hire Gebaier kréien. D'Leit op kommunalem Niveau géifen déi spezifesch Situatioun an hirer Gemeng besser kennen a wëssen, wat déi "lokal Geschicht" ass.

Lokalhistoriker gebraucht

Hunn d'Gemengen dann déi néideg Moyenen, fir Decisiounen zum Denkmalschutz ze huelen? Jo, mengt de Guy Arendt: "Et gëtt jo awer Historiker och an de Gemengen, et gëtt Geschichtsfrënn a verschiddene Gemengen. Natierlech muss ee sech op d'Bee setzen an déi méi eeler Leit aus enger Gemeng erunzéien a soen: 'Hei verziel eis Mol e bëssen d'Geschichten'."

De Patrick Sanavia, Direkter vum staatleche Service "Sites et Monuments", präziséiert awer, datt déi mannste Gemengen d’Moyenen hätten, fir de Schutz vun hire Gebaier ze bestëmmen. Deemno hätt de Service de Gemengen gehollef. De Service hätt iwwer 500 Reuniounen an Analysen um Terrain gemaach. Iwwer 28.000 Gebailechkeete goufen esou dokumentéiert.

Eng weider Diskussioun dréit sech ëm d'Terminologie. Am Guy Arendt sengen Ae misst den nationalen Denkmalschutz op e puer wichteg Gebaier limitéiert ginn: Zum Beispill de Palais, d'Chamber, d'Kathedral oder d'Basilika zu Iechternach.

Éischt Inventairen: Fiels a Fëschbech

Datt d’Regierung Fortschrëtter gemaach hätt, wat de Schutz vum Patrimoine hei am Land ugeet, géif ee gesinn, esou de Paul Ewen. Dëst Joer huet Lëtzebuerg d'Konventioun vu Granada ratifizéiert, déi dem Guy Arendt no och soll an deem neie Gesetz verankert ginn. D'Konventioun verflicht Lëtzebuerg ënnert anerem dozou ee wëssenschaftlechen Inventaire vun alleguerten de Gebaier am Land ze maachen.

Déi éischt Gemeng, d’Fiels, wier elo fäerdeg, erkläert de Patrick Sanavia. An der Fiels hätt ee ronn 230 Haiser definéiert, déi am PAG geschützt ginn. Bei 64 Haiser geséichen d'Experten een "intérêt national de protection". Demnächst géif de Fielser Inventaire ëffentlech gemaach ginn.

Och zu Fëschbech hätten d'Aarbechten um Inventaire elo ugefaangen. Wat genee d'Roll vun dëse lokalen Inventairë soll sinn, konnt de Guy Arendt awer nach net genee soen. Et misst een elo kucken, ob d'Gemeng de Schrëtt mécht, fir déi ausgewise Gebaier ze schützen, oder ob de Ministère dat mécht.

Vill Aarbecht, net genuch Personal

D'Inventairë maachen ass opwänneg: Knapp en halleft Joer hunn zwee Freelance-Experte vu "Sites et Monuments" eleng um Inventaire vun der Fiels geschafft. D'Andrea Rumpf vum "Luxembourg Centre for Architecture" ass iwwerzeegt, datt méi Leit missten agestallt ginn: "Well de But war, fir dat landeswäit ze maachen." De Ministère schléisst eng Verstäerkung vum Service "Sites et Monuments" an eng Vereinfachung vum wëssenschaftlechen Inventaire op Nofro hin net aus.

D'Konventioun vu Granada gesäit ënnert anerem och d'Sensibiliséire vum Public vir. Et hätt ee sech scho Gedanken doriwwer gemaach. Konkret Schrëtter hätt een dofir awer nach net geholl.