Radioen

On air

Notturno  |  Thad Jones - April In Paris

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi een Droit d'auteur am Internetzäitalter?

Copyright

Wéi een Droit d'auteur am Internetzäitalter?

En Dënschdeg gëtt am Europaparlament iwwer eng Direktiv ofgestëmmt, mat där den Droit d'auteur soll reforméiert ginn. Zil ass et, den Droit d'auteur un dat digitaalt Zäitalter unzepassen an eng EU-wäit Harmoniséierung ze kreéieren. Kreativer a Konschtschafender solle gerecht fir hir Aarbecht remuneréiert ginn. Kritiker fäerten awer, datt d'EU-Direktiv d'Enn vum fräien Internet bedeit.

auto_stories

3 min

Et ass virun allem den Artikel 13 vun der EU-Copyright-Direktiv géint deen e Samschdeg um Kierchbierg an op sëlleche Plazen an Europa manifestéiert gouf. Den Artikel 13 gesäit vir, datt Internetplattforme verhënnere mussen, datt Contenu bei hinnen eropgeluede gëtt, fir dee si keng Lizenz hunn. D'Plattforme kéinten dat awer nëmme mat sougenannten Uploadfilteren erreechen, soe Kritiker vun der Reform, wéi de Sam Grüneisen vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg. Esou Uploadfiltere wieren awer immens feelerufälleg a kënnen ausgenotzt ginn. De Sam Grüneisen huet d'Angscht, datt "mir dono just nach eng riseg Plattform hunn, wou alles zenséiert gëtt".

Upload-Filtere si feelerufälleg

Am Gesetzestext stinn Ausname fir Karikaturen a Meenungsäusserungen, mee technesch Filtere kéinten hei dacks net ënnerscheeden. Esou Filtere wiere fir kleng Internetfirmen immens deier, sou datt d'Muecht vun deene grousse Plattformen, wéi zum Beispill Youtube, riskéiert nach méi grouss ze ginn.

De Marc Nickts vun der Sacem, déi d'Lizenzrechter vun Artiste vertrëtt, ass ee vun de Supporter vun der Reform. Him no wier een am Legislatiounsprozess op d'Kritik agaangen an hätt Verbesserungen agebaut, déi virun allem méi Rücksicht op Start-uppe géifen huelen. "D'Smart Exceptioun ass ageféiert gi fir ze soen, datt Start-uppe sech lues a lues kënnen entwéckelen", seet de Marc Nickts.

Wirtschaftsministère: Ausnahmereegelung fir Start-uppe ginn net wäit genuch

D'Ausnahmereegelunge fir Start-uppe wieren awer onnéideg komplizéiert, fënnt sengersäits de Lex Kaufhold, Conseiller am Wirtschaftsministère. D'Ausnahmereegelung géif sech op Start-uppe bezéien, déi manner wéi dräi Joer bestinn. Donieft géif de Chiffre d'affaire gekuckt ginn a wéi vill Visiteuren een de Mount huet. "Dat ass alles immen komplizéiert. Mir hätte léiwer gehat, PMEen wiere ganz einfach ausgeschloss gewiescht", sou de Lex Kaufhold.

Dem Conseiller vum Wirtschaftsminister no ass den Artikel 13 vun der Direktiv awer ze onprezis formuléiert. Doduerch géif d'Direktiv zu méi juristescher Onsécherheet féieren, amplaz eng europawäit eenheetlech Gesetzeslag ze kreéieren.

En neien Droit d'auteur ass néideg

A ganz Europa gouf et eng ganz emotional Debatt iwwer d'Copyrightreform. Déi zwou Säite geheie sech géigesäiteg vir, grouss Wirtschaftsinteressen hanner sech stoen ze hunn. Internetgigante wéi Youtube a Google bei den Direktiv-Géigner, grouss Verwäertungsgesellschaften a Produktiounsboîtten op der Säit vun den Ënnerstëtzer.

Dobäi si sech béid Säiten eens, datt den d'Droit d'Auteur muss un d'digitaalt Zäitalter ugepasst ginn. Dat wier fir Konschtschafender immens wichteg, mengt och de Lëtzebuerger Jazzmuseker Pol Belardi.(Oppeleeung: De Pol Belardi schafft punktuell als Freelance fir d'Museksredaktioun vum radio 100,7)

"Et ass, wéi wa soss e Lidd um Radio gespillt gëtt, oder en CD verkaaft gëtt oder iergendeppes mat där Musek, déi ech gemaach hunn, geschafe gëtt. Da steet mir e Stéck vum Kuch zou. Dat ass am Internet bis elo nach immense schwiereg. Dat ass ëmmer nach esou eng Zon de Non-Droit. Et wëllt ni ee responsabel sinn. Besonnesch déi grouss Plattformen ëm déi et jo geet."

Lëtzebuerg stellt sech géint den aktuellen Entworf

Wann et aner Méiglechkeete ginn, wéi Kënschtler kënnen e fairen Undeel kréien, wier hien oppe fir alternativ Modellen ouni Uploadfilteren, seet de Pol Belardi. Et wier awer elo mol wichteg, datt déi Direktiv kënnt, fir datt sech eppes ännert.

En Dënschdeg gëtt am EU-Parlament iwwer d'Direktiv ofgestëmmt. Am Trilog tëschent Kommissioun, Parlament a Conseil huet déi Lëtzebuerger Regierung géint dee leschten Entworf vun der EU-Direktiv gestëmmt. Och déi Lëtzebuerger EU-Deputéiert wëllen zu Stroossbuerg géint d'Direktiv stëmmen.