Radioen

On air

Espresso Beats  |  Primal Scream - Movin' On Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi een Impakt fir de Wunnengsbau?

Nei Bebauungspläng

Wéi een Impakt fir de Wunnengsbau?

Den Inneministère rechent domat, datt ronn zéng vun den am ganzen 102 Gemengen am Land de Stéchdatum vum 1. November net kënnen anhalen, an deemno mat hirem allgemenge Bebauungsplang net méi gesetzlech konform wieren. Fir dës Gemenge si Sanktioune virgesinn.

auto_stories

4 min

Dem Inneministère no wieren d'PAGe vun der neister Generatioun een Instrument fir d'Gemengen, fir nohalteg Quartiere realiséieren ze kënnen. Esou kéint een op d'Erausfuerderunge vun der demographescher an ekonomescher Croissance reagéieren.

Den Inneministère wollt net soen, wéi eng ronn zéng Gemengen et net packen, fir d'Prozedure vum neie PAG ze lancéieren. Dat wier de Moment "keng a Stee gemeesselt Informatiounen", huet et op Nofro hi schrëftlech vum Ministère geheescht. Et wier een awer an engem permanenten Austausch mat de Gemengen. Et géif ee gesinn, datt eng Rei Gemengen hiren éischte Vott vum neie PAG entweder kuerz virum 1. November, kuerz nom Delai oder Ufank Dezember huele wäerten. Den Inneministère betount awer, datt an dëse Gemengen den Delai vum 1. November net zu Verzögerunge wäert féieren, well déi Gemengen héchstens e puer Woche vun de Sanktioune betraff sinn.

Delai gëtt net nach eng Kéier verréckelt

Den Inneministère hat e Méindeg op Kritike vun der Chambre immobilière reagéiert a kloergestallt, datt den Delai vum 1. November net nach eng Kéier no hanne verréckelt gëtt, an déi virgesinne Sanktioune fir déi betraffe Gemenge wäerte gräifen.

Sollt et an den nächste Méint "kraachen", da weist d'Chambre immobilière all Responsabilitéit vu sech. "Mir kënnen eis nëmmen de Mond fusseleg schwätzen, mee heiansdo mengt een, et géif ee mat Mauere schwätzen", esou de Jean-Paul Scheuren, President vun der Chambre immobilière. Et wier keng responsabel Haltung, just op de Koalitiounsaccord hinzeweisen, mee et misst ee sech froen, ob een e Blockage den nächste Mount zu 100 Prozent kéint ausschléissen.

Keng punktuell Modifikatiounen um PAG

D'Situatioun nom 1. November géif riskéieren zu neie Blockagë bei den Autorisatiounen ze féieren, an dat am Kontext vun engem "extrem ugespaante Logementsmarché", warnt d'Interesse-Vertriedung vum Immobiliesecteur. Iwwergangsweis sollte Gemengen, déi den Delai vum 1. November net agehalen hunn, keng nei PAPen a keng punktuell Modifikatioune vun de PAGe maache kënnen. "Mir stellen eis einfach d'Fro, wat geschitt duerno, wann iergendee klot géint déi PAGen: hunn déi iergendwéi nach eng Valeur légale oder net? Mir mengen, datt d'Gesetzgebung net esou präzis ass, wéi d'Regierung dat selwer gleeft.", esou de Jean-Paul Scheuren.

Fir nei Problemer ze evitéieren, hätt d'Chambre immobilière gefuerdert, datt den Delai vum 1. November nach eng Kéier verlängert gëtt: eppes wat den Inneministère refuséiert ze maachen. Den Emile Eicher, President vum Gemengesyndikat Syvicol, ka verstoen, datt ee verhënnere wëllt, datt et "erëm eng Kéier" méi laang dauert. Zanter e puer Joer géif dësen Delai nämlech no hanne geréckelt ginn.

Emile Eicher: Méi wéi zéng Gemenge betraff

"Ech verstinn awer och déi Gemengen, déi an deem Fall sinn, déi zousätzlech Etüde musse maachen, an déi doduerch ënner Drock geroden.", esou den Emile Eicher. "Ech hoffen, datt dat elo mat Hëllef vun alle Bedeelegten iwwer d'Bühn geet." Bei deene Gemengen, déi den Delai vum 1. November wahrscheinlech net respektéiere kënnen, wier et méi problematesch:

"Also et wäerten der méi wéi zéng sinn. Et ass esou, datt mir mat der Ministerin diskutéiert haten, a finanziell Sanktiounen, déi si fale gelooss ginn. Do hätt ee souwisou och missten eng gesetzlech Basis dofir hunn, déi elo net geschafe ginn ass, sou datt dat elo net méi de Problem ass. De Problem ass awer éischter een, datt dee Moment keng Modifications ponctuelles vum PAG méi kënne gemaach ginn an och keng nei PAPen. (...) Dat bedeit fir d'Gemengen, datt se dann och musse mat deenen interesséierte Promoteuren oder Proprietäre schwätzen, datt et eben eng Zäitche méi laang dauert."

De President vun der Chambre immobilière Jean-Paul Scheuren seet dozou: "Do geet et ëm Wunnengsbau, do geet et drëm, wéi vill Wunnengen zu Lëtzebuerg kënne gebaut ginn, a wéi laang ee brauch fir eng Autorisatioun ze kréien."

D'Chambre immobilière vertrëtt - eegener Ausso no - ronn 80 Prozent vum Immobiliemarché, mat 200 Agencen, Promoteuren a Syndikater als Memberen.