arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Auswierkungen huet d'Vakanzesaison?

Coronakris

|
reading time

2 min

Wéi eng Auswierkungen huet d'Vakanzesaison?

Iwwer déi lescht Deeg ass d'Zuel vun den Nei-Infektioune méi lues gewuess, wéi nach an de puer Woche virdrun. Den exponentielle Wuesstum, vun deem ee bei der Covid-19-Task-Force ausgaange war, huet sech net confirméiert, seet de Mikrobiolog Paul Wilmes am 100,7 Interview. Et kéint ee fir den Ament awer nach net virausgesinn, wéi eng Auswierkungen d'Vakanzesaison op d'Entwécklung vun den Infektiounszuele wäert hunn.

reading time

2 min

play_arrow De Bäitrag vum Paule Rodesch lauschteren

D'lescht Woch hat een nach domat gerechent, datt et dës Woch all Dag ëm 200 Nei-Infektioune mam Coronavirus géif ginn, an der Realitéit wieren et der awer ronn d'Hallschent gewiescht. De Paul Wilmes, deen an der Covid-19 Task-Force ass, déi d'Regierung wärend der Corona-Kris beréit, betount awer, datt déi Zuele séier nees kéinte klammen. Engersäits wéinst de ronn 1.300 aktiven Infektiounen, anerersäits och, well geschaten 1.200 Mënschen am Land infizéiert wieren, ouni et ze wëssen. Déi Persoune wieren asymptomatesch a géifen de Virus ouni hiert Wësse weiderginn.

Et wier den Ament schwéier fir eng Previsioun ze maachen, wéi d'Infektiounszuelen sech am Hierscht kéinten entwéckelen. De Moment wier net gewosst, wéi vill Leit dëst Joer Vakanz doheem maachen, a wéi vill der an d'Ausland fueren.

Drëtt Well duerch Corona-Importer?

Déi éischt Well vun der Pandemie am Februar a Mäerz gouf haaptsächlech duerch den Import vum Virus gedriwwen, warnt de Mikrobiolog. Et misst een oppassen, datt een net an en änlechen Zenario fält, wann d'Leit aus hirem Congé zeréckkommen. Et wier dofir wichteg, datt Lëtzebuerg déi néideg Capacitéiten hätt fir dës Leit kënnen ze testen.

Eng nei Hausse bei de Coronainfektiounen am Hierscht kéint een also net ausschléissen. Besonnesch och, well dann d'Schoulen nees opginn an d'Leit zeréck op d'Aarbecht ginn. Doriwwer eraus wären d'Temperaturen dann och e gutt Stéck méi niddereg wéi am Moment, betount de Paul Wilmes. Doduerch géifen d'Leit sech net méi souvill dobaussen ophalen, mee nees méi an zouene Raim. Eng Hausse bei de positive Fäll wier doduerch ganz warscheinlech.