Radioen

On air

Espresso Beats  |  Tosca - Swimswimswim (Mato Version)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass eng Librairie e Geschäft wéi all déi aner?

Riicht eraus

Ass eng Librairie e Geschäft wéi all déi aner?

Stater Gemengepolitiker vu Majoritéit an Oppositioun hu sech an der Emissioun Riicht eraus mat enger Schrëftstellerin an engem Vertrieder vum Stater Geschäftsverband ausgetosch. D'Ënnerstëtzung vu Bicherbutteker schéngt fir se all wichteg ze sinn. Wéi wäit se muss oder ka goen ass awer ëmstridden.

auto_stories

3 min

D’Annonce, virun enger Rei Wochen, datt déi Stater Librairie Alinéa kéint zoumaachen (elo soll dat net méi de Fall sinn), huet d’Debatt iwwert d’Iwwerliewe vum Klenghandel an de Stellewäert vum Verkafsartikel Buch relancéiert. Eng Librairie hätt e Wäert fir d’Demokratie a fir d'''liberté de pensée'', si wier eng Plaz vum Austausch a vun de Renconteren, sot d’Schrëftstellerin Nathalie Ronvaux an der Emissioun Riicht eraus.

Fir de Stater Gemengeconseiller Guy Foetz (Déi Lenk) wiere Bicherbutteker an enger Stad e wichtege kulturelle Facteur. ''Eng Librairie soll Wësse vermëttelen an zur Erzéiung, zu Diskussiounen an zu Kreatioune bäidroen''. Iwwerliewe kéinte Librairien awer just, wann se nei Konzepter ausschaffen, déi och de SchrëftstellerInnen entgéint kommen, sou de Guy Foetz.

“D’Librairë mussen sech a Fro stellen"

D’Federatioun vun de Librairë wier do gefuerdert, fir nei Konzepter an Iddien ze bréngen, sou de President vum Stater Geschäftsverband. Dem Guill Kaempff no kéinten d'Bicherbuttéker ''eng Journée oder eng Semaine du livre organiséieren'', domat géifen se och méi Liewen an d’Stad bréngen. De Problem bestéing – a sengen Aen – awer och an der Gréisst vun de Geschäftssurfacen. Fir Bicher unzebidde bräicht ee méi Plaz wéi fir aner Artikelen.

'D’Librairë mussen sech d’Fro stellen, ob et net aner Opportunitéite gi fir de Clienten d’Bicher ze presentéieren''. Eng audio-visuell Presentatioun wier eng vun de Méiglechkeeten, sou de Guill Kaempff. ''An da muss onbedéngt den Online-Verkaf realiséiert ginn’'. ''Elo ass de Moment fir eppes z’ënnerhuelen'', mengt d’Nathalie Ronvaux. An den Ae vun der Schrëftsstellerin kann een awer net op den Online-Verkaf setzen, wann een d’Leit an d’Stad wëll unzéien. Zemools mat groussen an erfuerene Betriber an deem Beräich kéinte kleng Geschäfter net mathalen. Et missten ''joint ventures'' geschaf ginn tëschent de Geschäftsleit am Sënn vun enger nohalteger Entwécklung, proposéiert d’Nathalie Ronvaux.

Exceptionnelle Statut fir Bicherbutteker?

D'Fërderung vun der Kultur a besonnesch vum Buch wier eng Aufgab net nëmme vun de Gemengen, mee och vum Staat, sou séngersäits de Guill Kaempff. De Stater Schäffe Patrick Goldschmidt (DP) sot, datt d’Stad Lëtzebuerg ganz vill an déi nei City-Bibliothéik géif investéieren. Als Gemeng kéint een awer net den eenzele Commerce finanziell ënnerstëtzen. De Librairien en ''exceptionnelle Statut'' ginn, fënnt och de Guill Kaempff keng gutt Approche. ''All Indépendant muss sech engem Defi stellen, muss sech all Dag nei erfannen an a Fro stellen'', sou de President vum Stater Geschäftsverband.

D’Loyere wieren ee grousse Problem an der Stad, sou de lénke Gemengepolitiker Guy Foetz. ''E Geschäftsmann muss mol vir d’éischt kucken, esou vill ze verkafen, fir datt hien e Loyer tëschent 10.000 a 15.000 € bezuele kann.'' Allerdéngs hätt e Libraire eng sozial Roll z'erfëllen. D’Gemeng hätt hirersäits eng Rei vu Lokaler respektiv kéint der nach kafe fir et - ënnert anerem - de Librairen z'erméiglechen, sech mat engem méi bëllege Loyer an der Stad z’etabléieren. ''D’Gemeng Lëtzebuerg huet genuch Reserven an d’Kultur muss deen Deel kréien, deen si brauch fir z’iwwerliewen'', sou de Guy Foetz.

D’Fro vun de Loyeren

Den DP-Politiker Patrick Goldschmidt gesäit de Problem net an éischter Linn bei de Loyeren. An de leschte Jore wieren him keng Geschäftsleit begéint, déi hire Buttek wéinst engem ze héije Loyer hätte missten zoumaachen. ''Déi gréisser Faillitë virun e puer Joer haten aner Ursaachen''.

Dat neit Gesetz iwwert de Bail commercial, dat nach an der Chamber muss gestëmmt ginn, misst verhënneren, datt d’Proprietairen d’Loyeren an extrem Héichten dreiwe kënnen, sot de President vum Stater Geschäftsverband. Fir de Guill Kaempff musse Geschäftsleit, déi Locataire sinn, ''net einfach esou op d’Strooss kënne gesat ginn''. Am Fall vun enger Kënnegung missten se eng ''indemnité d’éviction'' ausbezuelt kréien.