Radioen

On air

One World  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Jugendhëllef brauche mir?

Fräie Mikro

Wéi eng Jugendhëllef brauche mir?

Zanter bal 20 Joer soll d'Gesetz iwwer de Jugendschutz reforméiert ginn. De Projet, deen am Mäerz 2018 presentéiert gouf, war mat groussen Hoffnungen erwaart ginn, déi awer enttäuscht goufen. E Fräie Mikro vum Frank Wies.

auto_stories

4 min

Frank Wies

Jugendhëllef ass net einfach partiellen oder totalen Entzuch aus dem Elterenhaus, esou wéi d'Gesetz et hei virgesäit. Jugendhëllef heescht u sech offensiv sozial-pädagogesch Strategien entwerfen, déi an éischter Linn de virdrugenannten Entzuch am héchste Mooss géife verhënneren. Jugendhëllef a -schutz gehéieren an enger moderner Legislatioun an de Beräich vun der primärer Präventioun an net, wéi et hei virgesinn ass, an de Beräich vun enger tertiärer, ënner dem Motto: "D'Kand läit am Bur, loosse mir et an en anere Bur verleeën." Dës Wierder sinn den 14. Mäerz 1984 vum sozialisteschen Deputéierte Benny Berg an der Chamber als Kritik gefall, géint de Projet de loi, deen dem aktuelle Gesetz iwwer de Jugendschutz zu Grond louch.

Si sinn och haut, 35 Joer méi spéit, nach ëmmer aktuell. Zanter enger gefillter Éiwegkeet ginn d'Lacunne vun der aktueller Gesetzgebung ervirgehuewen a Verbesserunge versprach.

Schonn am August 1999 hat déi deemoleg Regierung hire Wëllen erkläert, eng Reform an d'Weeër ze leeën. Am Juni 2004 gouf dunn e Projet presentéiert. Bis zum Regierungswiessel 2013 ass dësen Text awer net wierklech vum Fleck komm a gouf dunn zanter 2015 vun engem Aarbechtsgrupp iwwerschafft an am Mäerz 2018 hunn d'Ministere Braz a Meisch der Ëffentlechkeet d'Resultat vun dëser laanger Aarbecht presentéiert.

De Staatsrot kritiséiert d'Approche vum geplangte Gesetz

Haut, ee Joer méi spéit, ass vum Enthusiasmus an der Zefriddenheet, déi di zwee Ministeren deemols gewisen hunn, net méi vill iwwreg bliwwen. Esou huet de Staatsrot net manner wéi ronn 20 Oppositions formelles a sengem Avis am Januar vun dësem Joer ugeféiert. Méi generell huet e festgestallt, datt net wierklech reforméiert gouf, mee am Allgemengen d'Approche vum alen Text, déi de Benny Berg schonn 1984 esou treffend kritiséiert hat, bäibehale gouf. De Staatsrot nennt dat den Unilateralismus a viséiert domadder haaptsächlech d'Aart a Weis an där d'Jugendriichter hir Decisiounen huelen. Dat geschitt dacks am "stillen Kämmerlein" a gëtt de betraffene Famille bei engem Placement vun der Police matgedeelt, wann déi dat betraffent Kand siche kommen.

Zwar hunn d'Auteure probéiert, de sëlleche Kritiken un der Approche Rechnung ze droen, an deem si eng Consultatioun vun de Famillen am Virfeld vun enger Decisioun virgesinn hunn. Ouni konkret Mesurë fir dëse Prinzip ëmzesetzen, bleift et awer bei enger frommer Absichtserklärung.

Jugendschutz ass kee Jugendstrofrecht

Well et ass net gelonge fir iwwer de Schied vun der Approche vun 1992 ze sprangen. D'Auteure vum Projet verstoppen dat iwwregens och net. Am Exposé des motifs präziséiere si, datt déi sougenannten "Approche protectionnelle" bäibehale gouf.

Dës hätt hier Virdeeler, well si flexibel wier an et kéint een an engem selwechten Text de Schutz an d'Bestrofung vun deene Mannerjärege behandelen. Mee genau dora leit de ganze Widdersproch vun eiser Gesetzgebung. Si nennt sech "protectionnelle", et gëtt präziséiert, datt kee Strofrecht fir Mineure soll agefouert ginn, an awer strotzt den Text vu Strofmosmesuren déi kënne geholl ginn. Dës gi vun enger mëndlecher Verwarnung bis hin zu dem Placement am Centre socio-éducatif de l'État, allgemeng als Dräibur bekannt.

Dës Strofmesurë kënne geholl ginn, wann de Mineur eppes verbrach huet, wat fir en Erwuessenen als Strofdot gëllt. Während dem Brigang vun iwwer 18 Joer awer eng ganz Rei Rechter garantéiert ginn. Soll dat net fir Kanner gëllen? Firwat soll zum Beispill e Jugendlechen net wëssen, fir wéi laang hie seng Fraïheet geholl kritt, während den Erwuessenen dat muss a sengem Uerteel mat gedeelt kréien?

Dat ass keng Fro vun néideger Flexibilitéit vun de Mesuren déi de Jugendriichter kéint huelen, mee ganz einfach en elementaart Recht wat een, "Approche protectionnelle hin oder hier ", Kanner net ka refuséieren. Virun allem wann een, wéi och dës Regierung, der Meenung ass, datt Mannerjäreger a leschter Instanz nach ëmmer kéinten an e Prisong agespaart ginn.

Et feelt un Alternativen an u Präventioun

Entweder et wëll een eleng Jugendschutz maachen, dann awer ouni esou exorbitant Strofmesuren, oder awer et respektéiert een déi fundamental Rechter an et mécht een e richtegt Strofrecht fir Mannerjäreger.

An dat wat de Benny Berg 1984 zu der Philosophie vum ale Jugendschutz gesot huet gëllt leider och fir den néie Projet. Eréischt wann d'Kand am Buer läit soll de Jugendriichter et riichten. Wou si Präventioun, wou sinn Alternative fir zum Beispill Famillen ze hëllefen am Virfeld eng Eskalatioun vu Situatiounen ze vermeiden?

Et wéilt een deene Verantwortlechen am léifsten zouruffen: traut iech dach eng richteg Reform ze maachen! Eng wou ee gesäit datt eng Philosophie hannendru stécht, mat klore Linnen a Rechter, déi präzis formuléiert sinn. Well wann den aktuelle Projet an dëser Form zum Gesetz gëtt, dann doktere mer och déi nächst 30 Joer nach un enger Jugendhëllef déi den Numm och verdéngt.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.