Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Konsequenze fir den Tanktourismus an Ëmwelt?

Accisen um Sprit

Wéi eng Konsequenze fir den Tanktourismus an Ëmwelt?

D'Accisen op de Sprit wäerten zu Lëtzebuerg vum 1. Mee u gehéicht ginn. De Liter Bensin soll dann een Cent méi kaschten, beim Liter Diesel sinn et zwee Cent. Wéi eng Konsequenzen huet dat op den Tanktourismus zu Lëtzebuerg a wat bedeit dat fir d'Ëmwelt?

auto_stories

3 min

De Romain Hoffmann, President vum Groupement petrolier zu Lëtzebuerg, ass der Iwwerzeegung, datt d'Erhéijung vun den Accisen en direkten Impakt op d'Kafkraaft hätt. Et wier een dofir beim Groupement petrolier ni frou, wann Haussë géife kommen, well dat net produktiv wier. "Ech mengen deen een Cent am Bensin ass elo sécherlech eppes, wat virun allem d'Residenten an d'Frontaliere wäert treffen, hei zu Lëtzebuerg, well awer de Gros vun deem Verkaf eben un déi Leit gemaach gëtt."

"Dat huet iwwerhaapt keen Effekt"

Beim Diesel wieren dogéint virun allem d'Camionneure betraff. Hei géif sech all liicht Hausse bei den Accisen an der Vente bemierkbar maachen, esou de Romain Hoffmann. Fir nach méi héich Accisen um Sprit plädéiert dogéint d'Laure Simon, Member am Verwaltungsrot vum Mouvement écologique.

Fir d'Klimaziler anhalen ze kënne bräicht et méi Efforte wéi déi aktuell, well eng Hausse vun den Accise vun engem respektiv zwee Cent "iwwerhaapt keen Effet hunn", mengt si. "Dat wäert net dozou féieren, datt iergendee sech méi e klengen Auto keeft oder manner fiert." Och den Tanktourismus géif net erofgoen an et géif net dozou féieren, datt déi Leit manner Ëmweeër maache fir op Lëtzebuerg ze komme fir ze tanken."

"Tanktourismus mécht manner wéi zéng Prozent aus"

De Phenomen Tanktourismus wier zu Lëtzebuerg net vun der Hand ze weisen a misst agedämmt ginn, fënnt d'Laure Simon. Dat gesäit de Romain Hoffmann anescht a verweist op eng Etüd aus dem Joer 2016. Den Dokter Dieter Ewringmann hätt hei gewisen, datt dat Wuert "Tanktourismus" ëmmer falsch benotzt gi wier, an dat wier och "mat Zuele ganz kloer beluecht" ginn. De reellen Tanktourismus géif manner wéi zéng Prozent ausmaachen.

Duerch ee methodologesche Feeler géifen d'Klimaefforten zu Lëtzebuerg verfälscht ginn, esou de Romain Hoffmann weider. An der CO2-Emissiounsstatistik fir de Grand-Duché géif nämlech all Liter agedroe ginn, deen am Grand-Duché verkaf gëtt. E gréissten Deel vum Sprit, deen zu Lëtzebuerg verkaaft gëtt, géif awer net zu Lëtzebuerg verbraucht ginn. D'CO2-Emissioune géifen also och net do entstoen.

International Gesetzgebung gefuerdert

Fir eng klimafrëndlech Politik ze bedreiwen, bräicht et an den Ae vum Romain Hoffmann ee legale Kader, deen iwwer déi national Gesetzgebung erausgeet. Et wier egal, ob an der Belsch oder zu Lëtzebuerg getankt géif ginn, well ee Liter Diesel géif ëmmer CO2 ausstoussen, iwwer d'Grenzen ewech.

"Also wann de Camionneur, deen deelweis mat engem Tank duerch ganz Europa fiert, dee stéisst CO2 a ganz Europa aus." Dofir wier "op d'mannst eng europäesch, wann net eng Weltpolitik" néideg, sou de President vum Groupement petrolier.

Ergänzend sozialpolitesch Mesuren

Beim Mouvement écologique stinn déi ekologesch Bedenken am Virdergrond, esou d'Laure Simon. Datt verschidden ekologesch Mesurë mat zousätzleche Käschte fir de Konsument verbonne sinn, wier an deem Kontext inevitabel.

Fir den néidegen Equiliber tëschent enger nohalteger a klimafrëndlecher Politik an der gläichzäiteger Hausse vun de Fraisen ze fannen, ass et de Responsabel vum Mouvéco dofir wichteg, datt et och sozialpolitesch Moossname gi "fir Famillen oder Leit, déi net esou gutt gestallt sinn."

Et géif net drëms goen, eng Gilets jaunes-Aktioun zu Lëtzebuerg ze kreéieren, mee dat dierft een net negligéieren. Dofir wier de Mouvement écologique fir eng Erhéijung vun den Accisen, begleet duerch "aner Moossnamen", esou d'Laure Simon.