Radioen

On air

De Moien  |  Noel Gallagher's High Flying Birds - Council Skies

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng nohalteg Wirtschaftspolitik?

Chamberwahlen 2018

Wéi eng nohalteg Wirtschaftspolitik?

D'Josée Lorsché (déi gréng) wëllt ewech vun der Nischepolitk, déi anere Länner schuet. D'Sylvie Mischel (ADR) insistéiert, datt fir Lëtzebuerg déi selwecht Regele gëlle soll, wéi fir déi aner Länner.

auto_stories

3 min

Schluss mat der Nischepolitik, vun där d'Finanzplaz joerzéngtelaang sou gutt gelieft huet: Dee Modell hätt ausgedéngt, seet d'Josée Lorsché. Et kéint net sinn, datt Lëtzebuerg Steiernischen notzt, fir anere Länner ze schueden, seet si.

déi gréng plädéiere fir eng harmoniséiert europäesch Steierpolitik an eng Finanzplaz, déi hiert Geschäft ëmmer méi op Nohaltegkeet ausriicht.

Fir Lëtzebuerg missten déi selwecht Spillregele gëllen, wéi fir déi aner Finanzplazen uechter d'Welt, seet d'adr. Fir d'Sylvie Mischel ass et wichteg, "datt mir net bei all Leak, deen d'Fransousen oder anerer an der Press breettrëppelen, datt mir do op d'Knéie falen".

Käschten-Notzen-Analys fir nei Betriber

Wéi eng nei Betriber sollen nach op Lëtzebuerg kënne kommen? D'adr wëllt, datt an Zukunft bei all Demande eng Käschten-Notzen-Analys gemaach gëtt, fir ze kucken, ob dee Betrib dem Land méi bréngt, wéi e kascht, oder schuet.

Datt déi gréng dat och wëllen, wonnert d'Sylvie Mischel: Si freet sech, wisou déi gréng dat an der Regierung net ëmgesat hätten. Et wiere keng Käschten-Notzen-Etüde gemaach gi bei deene Firmen, déi op Lëtzebuerg komm sinn. "Weder bei Google, nach bei Knauf, nach bei der Jughurtsfabrick."

Fir d'Josée Lorsché ass de Problem deen, datt de Wirtschaftsministère d'Betriber ugezunn hätt, ouni datt iwwer Nohaltegkeet geschwat gi wier. "A wann en da bis hei war, dann ass emol gekuckt ginn, wéi de Ressourcëverbrauch ass."

Nei Aarbechtsplazen

Där Approche hätt d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg sech widdersat. An dat wier keng "gréng Ideologie", wéi vun der adr ënnerstallt. D'Josée Lorsché freet sech, wat engem 100 Aarbechtsplaze géifen notzen, wann 1.000 Leit ronderëm krank géife ginn. "Dann hu mir vun deenen Aarbechtsplaze guer näischt, well se ginn eis ënner dem Stréch méi deier, wéi se eis notzen."

Datt nei Aarbechtsplaze geschaafe ginn, wier eleng kee Kritär fir e Betrib wëllkomm ze heeschen, seet och d'adr-Kandidatin Sylvie Mischel, awer aus anere Grënn. Fir si ass kloer, datt een net déi néideg Leit am Land hätt, an "mir mussen déi siche goen, dann hu mir eis jo an de Knéi geschoss". Dann hätt ee méi Stau, an et géif een d'Präisser vun de Wunnengen nach manner an de Grëff kréien.

Wat Space-mining ubelaangt ass d'adr hell ewech begeeschtert. déi gréng gesinn dat méi nuancéiert. Et sollt een als éischt emol d'Hausaufgaben op der Äerd maachen, éier datt een an de Weltraum Ressourcë géif siche goen, mengt d'Josée Lorsché.