Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Reegele gëlle fir de Gebrauch vu Schosswaffen?

Police

Wéi eng Reegele gëlle fir de Gebrauch vu Schosswaffen?

De Parquet huet nom déidlechen Tëschefall e Samschden zu Ettelbréck, bei deem e Mann vun engem Policebeamte erschoss gouf, eng Instruction judiciaire opgemaach. D'Generalinspektioun gouf domadder chargéiert, déi néideg Informatiounen zesummen ze sammele fir d'Hannergrënn vum Tëschefall ze klären. De Gebrauch vun der Waff ass dobäi strikt reglementéiert.

auto_stories

4 min

Lauschterenplay_arrow


D'IGP wëllt eng komplett an objektiv Enquête féieren an déi néideg Informatiounen dann un den Untersuchungsriichter weiderleeden, seet d'Monique Stirn, Cheffin vun der Generalinspektioun vun der Police.

Änlech wéi d'Police judiciare schaffen d'Enquêteure vun der IGP am Optrag vun der Justiz, an dësem spezielle Fall fir festzestellen, ob de concernéierte Beamten eng Strofdot begaangen huet, oder net.

De gesetzleche Kader

Gesetzlech gereegelt gëtt de Waffegebrauch vun der Police duerch d'Gesetz vum 28. Juli 1973. Am Artikel 1 si véier prezis Situatiounen opgezielt, an deenen de Polizist d'Waff dierf asetzen, dat mat der Prämiss "en cas de nécessité absolue".

  • Eemol wann d'Beamte selwer physesch attackéiert ginn, an dat och souguer, wann den Ugräifer selwer keng Waff huet,
  • Wann eng drëtt Persoun physesch attackéiert gëtt a beschützt muss ginn,
  • Am drëtte Fall geet et ëm d'Ofséchere vu Gebaier oder Plazen, déi attackéiert ginn,
  • De véierte Fall, deen d'Gesetz virgesäit, ass d'Verhënnere vun engem Fluchtversuch. D'Beamten dierfen op eng Persoun schéissen, déi fort leeft, allerdéngs muss dës Persoun e Crime begaangen hunn, et muss sech ëm Leit handelen, no deene gesicht gëtt, oder awer ëm Prisonéier, déi wéinst engem Crime verurteelt goufen.

An alle Fäll gëllt, datt d'Waff nëmmen agesat dierf ginn, wann dës Leit net anescht ze stoppe sinn. De Beamte muss virdrun zwee mol geruff hunn: "Stoe bleiwen, Police!"

Am Artikel 2 vum Gesetz vum 28. Juli 1973 gëtt och preziséiert, datt d'Waff agesat dierf ginn, wann den Inkriminéierten e Gefier steiert, nodeems en eng Waff géint Beamten agesat huet, an domadder wëllt flüchten. Dat selwecht gëllt, wa mat dësem Gefier d'Beamten a Gefor bruecht goufen oder eng Policespär duerchgebrach gouf.

Gebrauch vu Waffen als allerlescht Instanz

D'Police erkläert op Nofro vum radio 100,7, datt d'Artikelen 416 a 417 vum Code pénal op de generelle Kader vun de legitimmer Defense aginn: "Il n'y a ni crime, ni délit, lorsque l'homicide, les blessures et les coups étaient commandés par la nécessité actuelle de la légitime défense de soi-même ou d'autrui."

Op de Gebrauch vu Waffe soll "natierlech ëmmer nëmmen an allerleschter Instanz zréckgegraff ginn, wann et net anescht geet", ënnersträicht d'Police an hirer Äntwert.

Den Asaz vun de Moyenen ass situatiounsofhängeg

D'Polizisten hu verschidde Moyenen zur hirer Dispositioun, dozou gehéieren nieft der Schosswaff och nach de Pefferspray an ee Stick. Et kéint een awer net vun enger Graduatioun schwätzen, wëll heeschen, datt net als éischt ee Moyen agesat muss ginn, ier en anere benotzt dierf ginn.

All Situatioun misst individuell vun de Beamten ageschat ginn, wat vu ville Variabelen ofhänke kann an déi vu Situatioun zu Situatioun anescht sinn. Et géif deemno keng allgemeng gülteg Approche ginn, déi op all Situatioun géif passen, erkläert d'Police an hirer schrëftlecher Äntwert.

D'Formatioun vun de Policebeamten

An der Formatioun vun de Policebeamte géif op d'Deseskalatioun an op déi proportional Uwennung vun de Moyene vill Wäert geluecht ginn, heescht et an der Äntwert vun der Police weider.

D'Policebeamte kréien an der Ausbildung bäibruecht, wéi ee mat Waffen ëmgeet. Weiderhi ginn et praktesch Course wéi polizeilech Taktiken oder d'Gestioun vu Konfliktsituatiounen. Dës ginn och all Joer an enger Formation continue opgefrëscht.

D'Policebeamte kréien an hirer Formatioun awer net bäibruecht, op wéi ee Kierperdeel si schéisse sollen. Allerdéngs gëtt geléiert, datt d'Polizisten och sou treffen, datt keng Persoun am Hannergrond verletzt ka ginn.

Trotz der Ausbildung wier d'Situatioun um Terrain awer eng aner, ënnersträicht d'Police an hirer schrëftlecher Äntwert un de radio 100,7:

"Och de performantsten Training, vun theoreteschen Elementer bis hin zu prakteschen Übungen, muss een a Relatioun setze mat deem Stress, deem Drock an där Angscht, déi eng reell Situatioun bei de concernéierte Polizist(inn)e kann ervirruffen. Policebeamten si Mënschen, keng Maschinnen."