Radioen

On air

De Weekend  |  Luk. - Crack Feat. Jast & Skuto

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Reform?

Ombusmann

Wéi eng Reform?

Den Ombudsmann krut dës Legislatur keen neit Gesetz - dat obwuel am Regierungsprogramm vun 2013 virgesi war, datt eng méiglech Reform soll analyséiert ginn. Déi aktuell Mediateur Claudia Monti weist drop hin, datt scho Proposen um Dësch leien. Dorënner déi, datt dem Mediateur säi Kompetenzberäich soll erweidert ginn.

auto_stories

4 min

D'Claudia Monti. Foto: Archiv

Et war der Claudia Monti hir Virgängerin, d'Lydie Err, déi an hirem leschte Rapport 2016 eng Rei Recommandatioune gemaach hat, fir eng Ofännerung vum Gesetz vum Ombudsmann. "Dat meescht dovu kann ech mat zwou Hänn ënnerschreiwen", seet d'Claudia Monti. Virop d'Propos, datt de Mediateur och een Abléck an déi Strukture kritt, déi zwar een ëffentlechen Optrag erfëllen, awer dem Privatrecht ënnerleien, zum Beispill gewësse Schoulen, Spideeler, Crèchen oder Altersheemer.

"Et ass extrem frustrant, wann Dir de Leit musst soen: "Jo, Dir sidd lo vläicht an engem Spidol oder an engem Altersheem, mee wann Dir an deem enge Spidol wiert, kéint ech intervenéieren, mee Dir sidd an deem falsche Spidol, dat huet net de Statut vun enger Administratioun, do kann ech näischt maachen".

Oppositioun net auszeschléissen

Sollt et zu där Kompetenzerweiderung kommen, wier Oppositioun net auszeschléissen, do ass d'Claudia Monti sech sécher an erënnert un d'Kritik, déi dem Ombudsmann u sech ufanks entgéintgeschloen ass.

"Do waren am Ufank verschidde Parteien net esou waarm dofir, mee och déi éischt concernéiert, dat heescht d'Fonction publique, déi am Fong gefaart huet, si géif do ee Superchef kréien, dee géif kontrolléieren, ob si hir Aarbecht gutt oder schlecht géif maachen. Also kann ech mir virstellen, datt wahrscheinlech elo déi Beamten, déi nach net ënner d'Kontroll falen, dat och wäerte fäerten."

Mee: Den Ombudsmann wier ee Partner, sou d'Claudia Monti, kee Feind. "Mir sinn elo net deen, deen hinnen nëmmen op d'Fangere klappt a seet: Dir maacht Är Aarbecht schlecht. Mir sinn och do fir een Intermediaire ze sinn, fir och hir Positioun ze erklären, a Wierder, déi d'Leit verstinn. Mir kënnen och ee ganz flotten Alliéierte sinn"

Experte fir spezialiséiert Themen

Eng weider Reformpropos, déi der aktueller Mediateur um Häerz läit, ass déi, datt den Asaz vun Experte per Gesetz festgehale gëtt. D'Demanden, déi un den Ombudsmann geriicht ginn, wieren ëmmer méi spezialiséiert a géifen da staark iwwer déi juristesch Analys erausgoen, zum Beispill am medezineschen an ëmwelttechnesche Beräich. An d'Claudia Monti erhofft sech och ee méi klore Suivi vun hire Recommandatiounen.

D'Claudia Monti kéint sech virstellen, datt een en Delai géif drasetzen, bannent deem op Recommandatioune misst geäntwert ginn, oder eng Prise de position misst gemaach ginn. Falls d'Proposen net ëmgesat goufen, misst erkläert gi firwat. "Et ass extrem frustrant, wann Dir Recommandatioune maacht, an Dir wësst herno net, wat domat geschitt."

Rechter méi kloer ervirhiewen

Am Regierungsprogramm vun 2013 steet, datt den Ombudsmann iwwer eng méiglech Reform de Schutz an d'Promotioun vun de Mënscherechter zougeschwat kritt. Dat wier wichteg, sou d'Claudia Monti, well wat evident kléngt, wier et net ëmmer.

"Et ass jo esou, datt ech u sech als Ombudsmann déi Rechter souwisou schonn a menge Funktiounen hunn. Natierlech, wann een dat nach eng Kéier extra ënnersträicht, da wëssen d'Leit och, datt et dozou gehéiert." Et géif Visibilitéit bréngen a vill Leit géifen dacks guer net wëssen, firwat den Ombudsmann iwwerhaapt do ass, seet d'Claudia Monti.

Haus vun de Mënscherechter

De Koalitiounsprogramm gesäit an deem Kontext och vir, een Haus vun de Mënscherechter ze schafen, an deem nieft dem Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand, dem Centre pour l'égalité du traitement an der consultativer Mënscherechtskommissioun och dem Ombudsmann géif Plaz fannen. Eng Iddi, mat där d'Claudia Monti sech aus Onofhängegkeetsgrënn net kann ufrënnen, wéi si schonn an hirem Rapport ugangs des Joers ze verstoe ginn huet. An der Chamber ass si domat op wéineg Versteesdemech gestouss. D'Deputéiert hu während der Debatt iwwer de Rapport Enn Juli drop higewisen, datt esou Synergië kéinte geschafe ginn. D'Claudia Monti hat sech méi Zousproch erwaart.

"Also ech war éierlech gesot e bëssen erstaunt, datt gesot ginn ass, si wéissten net richteg, wat ech do ze kontestéieren hätt, an datt ech natierlech selbstverständlech d'Independance vum Ombudsmann géif behalen, wat jo, mengen ech, eng Konditioun sine qua non vun der heiten Institutioun ass".

Näischt iwwer de Knéi briechen

Trotz ville Virschléi um Pabeier gouf d'Reform vum Ombudsmann net méi konkret iwwer déi lescht Legislaturperiod. D'Claudia Monti bedauert dat a seet datt et wichteg wier, näischt iwwer de Knéi ze briechen. An de Parteie géif awer iwwer d'Thema diskutéiert ginn, seet si.

"Bon, ech waarde lo mol drop, datt mir vläicht eventuell gegebenenfalls nach eng Kéier bei déi eenzel Leit vläicht gi fir doriwwer ze diskutéieren"