UNICEF Rapport Wéi eng Zukunft fir d'Kanner?
Lëtzebuerg schneit schlecht of, wann et ëm eng adequate Zukunft vu senge Kanner geet. Dat geet aus engem neie Rapport vun der Unicef an der Weltgesondheetsorganisatioun ervir.
De ganzen Interview mam Professer Anthony Costell lauschteren
Lëtzebuerg läit zwar ganz vir op Plaz 11 vun den 180 Länner, déi am Rapport jee no Gesondheet, Ernärung a Bildung gemooss goufen, mee de Rapport analyséiert och d'Zukunft vun de Kanner op der Welt unhand vun den CO2-Emissiounen, déi ausgestouss ginn. An do géif Lëtzebuerg op deene leschte Plaze leien, erkläert den Anthony Costello.
Lëtzebuerg géif do knapp 500 Prozent iwwer dem Zil leien, dat d'Länner bis 2030 erreeche sollen. Dat hätt enorm Konsequenze fir d'Zukunft vun de Kanner an der Welt.
"Mir gesinn elo schonn extrem Wiederkonditiounen, Iwwerschwemmungen, Bëschbränn oder Hëtztwellen. An zu dësem Moment ootmen 90 Prozent vun de Kanner keng propper Loft an, och zu Lëtzebuerg net."
D'Regierunge missten hir CO2-Emissiounen urgent reduzéieren, fir de Kanner eng gutt Zukunft op dësem Planéit ze bidden, esou den Anthony Costello, ee vun den Haaptauteure vum Rapport.
Kanner si vu Marketingcampagnë betraff
Ee weidere Message am Mëttelpunkt vum Rapport wier, datt Kanner virun allem an Europa an an Amerika aggressive Marketingcampagnen ausgesat sinn. Dorënner Produite wéi Alkohol, Tubak oder Softdrinken.
"Am Verglach zu virun 30 Joer sinn haut eelefmol méi Kanner obèse, ronn 130 Millioune Kanner weltwäit. An dat hänkt un de Reklammen: a verschiddene Länner gesinn d'Kanner 30.000 Reklamme pro Joer op der Tëlee."
Déi gréisste Suerge géifen dem Expert allerdéngs d'Reklammen op de sozialen Netzwierker maachen. D'Kanner géifen ëmmer méi Zäit op hiren Handye verbréngen, a wa si Spiller spillen, da géif hir IP-Adress, hir Informatiounen, hir Beweegungen an hir Positioun gespäichert ginn. Agencen oder Facebook géifen Algorithmen notzen, fir Kanner méi geziilt ze cibléieren.
Dat wier e grousse Problem, fir deen et den Ament nach wéineg Informatioune géife ginn, an dee bis ewell och wéineg reguléiert wier, esou de Professer Anthony Costello.