Radioen

On air

Notturno  |  Arthur Russell - Get Around To It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Zukunft fir d'Tageblatt?

Danièle Fonck

Wéi eng Zukunft fir d'Tageblatt?

Op manner Säite méi Qualitéit liwweren. Sou erkläert d'Danièle Fonck dat neit Format vum Tageblatt. D'Generaldirektesch vun Editpress seet, de Grupp géif besser do stoe wéi aner Medienhaiser.

auto_stories

2 min

Et wier net un de Journaliste fir parteipolitesch Brëller unzehunn, sou d'Danièle Fonck. Awer Journaliste sollten eng Meenung hunn, fir den ëffentlechen Debat unzedreiwen. An hiren Ae géif deen zu Lëtzebuerg feelen.

"Wann den OGBL seng Aarbecht als Gewerkschaft mécht, da gëtt et bestëmmt kee Grond, fir en ze kritiséieren", seet d'Danièle Fonck. Net den OGBL als Gewerkschaft wier Haapt-Aktionär vum Tageblatt, mee d'Asbl "Centrale du LAV". Et géif gutt Grënn dofir ginn, datt den OGBL dat getrennt hätt.

"Mir kucken d'LSAP heiansdo méi kritesch, wéi si et gär huet", sou d'Generaldirectrice vun Editpress. Genee wéi een och aner Parteie sou kritesch géif kucken, wéi een dat fir richteg géif halen. "Mir maachen eis Aarbecht op eng éierlech Manéier an op eng korrekt Manéier."

D'Defie fir d'Press

Well d'Basiszeitung mat 48 Säite méi kleng wier wéi virdrun, hätten d'Journaliste méi Zäit fir Sujeten z'analyséieren, ze recherchéieren an ze kommentéieren. D'Zukunft vum Print géif am Qualitéitsjournalismus leien. Parallel wéilt een deene Clienten, déi sech digital wéilten informéieren ee Bouquet offréieren. Un déi nei Pressehëllef fir Online-Medien hätt si keng präzis Erwaardungen, sou d'Danièle Fonck. Si wéisst just, datt eng Hëllef soll kommen, awer de Projet wier nach ze vague fir ze soen, ob een eng Kandidatur wéilt stellen.

An där leschter Plurimedia-Etude vun TNS-Ilres hat d'Tageblatt just een Undeel um Marché vun 9,1 Prozent. De Grupp Editpress géif wéi all anere Pressebetrib op der Welt, den Defie matmaachen, déi sech der Press international géif stellen. "Ech géif soen, datt mir eis éischter gutt par Rapport zu villen anere schloen." 2016 wier een net defizitär gewiescht. Un der Offer vum Grupp géif sech näischt änneren. Mat senger franséischsproocheger Offer wier Editpress fir d'Zukunft beschtens positionéiert, sou d'Directrice Générale vum Grupp.

Pensioun keen Thema?

Mat 65 Joer muss de Verwaltungsrot de Vertrag vun der Generaldirectrice verlängeren. Dat wier awer keen Thema, sou d'Danièle Fonck. "Ech mengen, datt ech deem Haus an deem ech ganz laang Jore schaffen a scho ganz villes geleescht hunn, net iergendendwéi geschuet hunn. Bien au contraire."

"Aner Haiser hu méi Leit ofgebaut, wéi mir der hunn", seet d'Danièle Fonck. Datt d'Stëmmung am Tageblatt net gutt wier, wier just eng Rumeur. Wann ee Mataarbechter onzefridde wier, kéint een net drop schléissen, datt keng gutt Ambiance am Haus wier.