Radioen

On air

Tockcity  |  The Vaccines - Lunar Eclipse

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Zukunft fir de Paräisser Klimaaccord?

Klimaschutz

Wéi eng Zukunft fir de Paräisser Klimaaccord?

US-amerikanesche Medien no huet den Donald Trump Wëlles sech aus dem Paräisser Klimaaccord zeréck ze zéien. D'Ofkommes wier awer méi wéi jee en "historeschen Accord", betount d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op en Neits. Wann elo ee vun de Partner sollt erausklammen, géing dat net heeschen, datt all déi aner Länner elo géinge gebremst ginn.

auto_stories

3 min

Carole Dieschbourg

147 Natiounen hunn d'Klimaofkommes vu Paräis ratifizéiert. Dat wier wesentlech méi wéi deemools beim Kyoto-Protokoll. Hei wier nëmmen ee klengen Deel vun der Welt aktiv gewiescht. "De Paräisser Accord ass no net emol engem Joer schonn a Kraaft getrueden. Déi aner Länner sinn elo am Gaangen déi Dynamik ëmzesetzen. Dat huet een och elo rezent um politesche Plang zum Beispill beim G7-Sommet gesinn", seet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Hei kéinten och nei Allianzen entstoen. "Den Ament si mer am Gaangen tëscht der EU a China eng Deklaratioun ze maachen."

Och d'Wirtschaft ass um Wee d'Klima Risiken mat anzereechen. "D'erneierbar Energiepräisser sinn immens gefall. D'Job-Chancen am Klimaschutzberäich sinn héich", esou d''Carole Dieschbourg. Reng aus der wirtschaftlecher Siicht géinge sech d'Ziler, déi am Paräisser Klimaaccord festgehale sinn, also och lounen. "Den Donald Trump mécht eng réckwäertsgeriichte Politik. Mat Iddien aus dem 19. oder 20. Joerhonnert versicht den US-amerikanesche President d'Problemer vum 21. Joerhonnert ze léisen."

"Total international Isolatioun"

Der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg no géif den Donald Trump sech mat senger Aart a Weis international immens isoléieren. "D'EU réckelt méi no zesummen a fënnt kloer Wierder fir de President dobäi ze halen. Fir hien ze warnen ass a mengen Aen och wichteg." Dobäi géing sech den Donald Trump nei Alliéierter sichen. "Hie bedreift eng vereelzte Kuelen Industrie a versicht hei Aarbechtsplazen ze retten. Op der anerer Säit hu mer eng modern, total innovativ Ekonomie mat erneierbaren Technologien."

Den Donald Trump wëll Ufank Juni seng Decisioun matdeelen, ob d'USA aus dem Klimaaccord erausklammen oder weider matmaache wäerten.

"Austrëtt kéint viru Geriicht ugefecht ginn"

Fir tatsächlech aus dem Klimaaccord erauszeklammen wier dem Carole Dieschbourg no net esou einfach. Experte géinge vun dräi bis véier Joer schwätzen. "Dat kann och juristesch attackéiert ginn", esou d'Ëmweltministesch. Och an der Vergaangenheet wier den Donald Trump net ëmmer direkt mat sengen Decisiounen duerchkomm. "A seng Legislaturperiod ass begrenzt. Mir musse kucken, wéi mir dës Zäit iwwerbréckt kréien."

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet zu Berlin den US-President gewarnt. Hien huet betount, datt et d'Roll vun der EU wier elo ze soen "Esou geet dat net". Och de gréngen EU-Deputéierte Claude Turmes huet kuerz no der Annonce vun den US-amerikanesche Medien e Communiqué geschéckt. Hien ënnersträicht, datt virun allem d'EU elo richteg misst urappen an op erneierbar Energie an nohalteg Entwécklung misst setzen.

D'Carole Dieschbourg huet sech während de Verhandlunge vum Paräisser Klimaacoord am Dezember 2015 ëmmer fir en ambitiéist Ofkommes staark gemaach. Lëtzebuerg hat iwwerdeems zu där Zäit och d'Presidence.

Si Wuesstem a Klimaschutz ze vereenegen?

De Statec hat a senger "Note de conjoncture", déi Enn Mee virgestallt gouf, vu ronn 5 Prozent Wirtschaftswuesstem an deenen nächste Joer fir Lëtzebuerg geschwat. Sinn d'Reduktiounsziler vum CO2-Ausstouss vu 40 Prozent bis 2030 mat dësem staarke Wuesstem ze vereenegen? Obwuel d'Wirtschaft wiisst, géifen duerch méi effizient Technologien net onbedéngt méi Ressource verbraucht, seet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. "Et dierf ee sech awer net op där Entkoppelung ausrouen."

Den Nohaltegkeetsministère huet Enn Mee eng "Phase de Vigilence" lancéiert fir d'Bevëlkerung ze sensibiliséieren, datt et den Ament immens dréchen ass. Et wier also wichteg, datt d'Leit Waasser spueren. "Wann ee sou Zäiten, wéi déi heiten huet, muss ee sech dru winnen, datt ee méi verstänneg a responsabel mat der wichteger Ressource Waasser soll ëmgoen."