Radioen

On air

Notturno  |  Call Super & Julia Holter - Illumina

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Zukunft fir de Rifkin-Prozess?

Wirtschaft

Wéi eng Zukunft fir de Rifkin-Prozess?

Wéi kann d'Lëtzebuerger Ekonomie sech am Internet- an Energiezäitalter strategesch besser opstellen? Doriwwer huet den US-Fuerscher Jeremy Rifkin virun iwwer zwee Joer an enger Etüd Recommandatioune gemaach. Niewent Spacemining ass déi sougenannten drëtt industriell Revolutioun ee vun den Haaptprojete vum Wirtschaftsminister. D'Acteuren, déi an de Prozess matagebonne sinn, erwaarde sech elo, datt et virugeet. Mee et ass onkloer, wéi ee Suivi dat Ganzt kritt.

auto_stories

2 min

Se war mat groussem Pomp virun 800 Leit virgestallt ginn: Déi nei Wirtschaftsstrategie fir Lëtzebuerg. No der Presentatioun vun der Rifkin-Etüd am November 2016 gouf e Comité de suivi geschaf, dee souwuel Ministeren, wéi och Acteuren aus dem Privaten an dem ëffentleche Secteur regroupéiert. Zil ass et ze iwwerwaachen, wéi eng konkret Mesuren aus der Rifkin-Etüd entstane sinn.

Comité de suivi huet sech zanter Juni net méi gesinn

De Wirtschaftsminister Etienne Schneider sot, datt den zoustännege Minister ee bis zweemol d'Joer déi Gruppen zesummerifft, fir dann op de spezifesche Sujeten ze schaffen. "Fir ze kucken: wat sinn d'Conclusiounen, wat muss um legislative Plang gemaach ginn, fir déi Iddien ëmzesetzen." An dëse Gruppe wieren dann och d'Ressortministeren dobäi, fir datt een direkt déi Decisioune kéint huelen, déi sech opdränge fir an der Strategie weiderzekommen.

Zanter der Publikatioun vum leschte Rapport de suivi am Juni d'lescht Joer ass de Comité awer net méi zesummekomm. Eng nei Reunioun ass elo mol net geplangt. Dat confirméiert de Wirtschaftsministère op Nofro. Fir d'Chambre de Commerce, déi d'Etüd vu 425.000 Euro mat finanzéiert huet, ass e Suivi wichteg, fir den Drock am Prozess oprecht ze erhalen.

Schwéier, ee Suivi ze maachen

De Marc Wagener vun der Chambre de Commerce gëtt zwar zou, datt et schwéier wier de Suivi ze maachen, och wann et interessant wier fir bei all Mesure eenzel ze gesinn, wou een dru wier. "Bei verschiddene Mesurë kann een dat wahrscheinlech och maachen, anerer si vernetzt, anerer wiere wahrscheinlech komm, och wann et d'Etüd net gi wier." Fir de Marc Wagener wier et dohier interessant, fir de strategesche Grupp zesummenze ruffe fir ze kucken, wou ee bei den néng Prioritéite vun der Regierung drun ass.

Néng thematesch Plattforme goufe gegrënnt fir d'Mesuren auszeschaffen, déi aus der Strategie ervirgaange sinn. Zum Beispill soll bis 2020 eng Etüd fir eng intelligent Mobilitéit, oder nach een nationalen Energieinternet geschaf ginn. Och d'Aarbechtsgruppe wiere schwéier ze suivéieren, erkläert de Marc Wagener. Hie wéisst net genee, wéi eng Aarbechtsgruppen nach fonctionnéieren a wéi eng nei opgestallt ginn, well d'Portfolioe vun de Ministère changéiert hätten. "Do misst een dann nofroe bei deene jeeweilege Ministèren, wou dat alles drun ass."

Op Nofro bei de Ministèren huet et geheescht, datt ee sech am Gaange wier nei opzestellen. Effektiv krut den Energieressort am Dezember en eegene Ministère, virdru war en am Wirtschaftsministère. Wéi et weidergeet, wier nach net sprochräif, krute mir an de Ministèrë fir Ekonomie an Energie gesot.