Radioen

On air

Al Schanken  |  Doyle Bramhall - I Can See Clearly Now

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Zukunft fir déi Lëtzebuerger Wirtschaft?

Economie

Wéi eng Zukunft fir déi Lëtzebuerger Wirtschaft?

Wéi wäert déi Lëtzebuerger Wirtschaft sech bis 2050 entwéckelen? De Wirtschaftsministère wëllt d'Meenung vun der Ëffentlechkeet duerch eng Online-Ëmfro kréien. Dräi verschidden Zenarie gi proposéiert.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Bis den 9. Januar sollen Lëtzebuerger Residenten, mee ënner anerem och Frontalieren, Associatiounen, Entreprisen a Gemengen zu de verschiddene Zukunftszenarie befrot ginn. De Feedback aus der Online-Ëmfro soll dann hëllefen, sech besser virzebereeden, erkläert de Franz Fayot.

Et géif net drëms goe fir en neie Regierungsplang ze schreiwen, mee der Politik déi néideg Instrumenter ze gi fir Decisiounen ze huelen, seet de Wirtschaftsminister.

Dräi méiglech Zenarien

Zesumme mam Grupp "Luxembourg Stratégies" huet de Wirtschaftsministère dräi Zenarie virgestallt, wéi d'Lëtzebuerger Ekonomie sech entwéckele kéint.

Am éischten Zenario entwéckelt sech bis 2050 alles konstant weider, wéi bis elo. Lëtzebuerg zielt 1,1 Milliounen Awunner an den Drock op de Wunnmarché an op d'Transportinfrastruktur bleift héich.

Am zweeten Zenario setzt Lëtzebuerg op "qualitative Wuesstem" an zielt bis 2050 am Ganze 770.000 Awunner. D'Populatioun an d'Wirtschaft wuessen net méi, wat den Drock vum Wunnengsmaart, vum Bildungswiesen a vun der Ëmwelt hëlt. Gläichzäiteg stagnéieren awer och d'Paien an d'Pensiounen

Am drëtten Zenario setzen 2050 insgesamt 1,2 Milliounen Awunner zu Lëtzebuerg de Wunn- an Aarbechtsmarché staark ënner Drock. D'Globaliséierung an d'Digitaliséierung gi viru gedriwwen an d'Äerderwiermung huet 2°C iwwerschratt.

Jonker sollen involvéiert ginn

Am Kader vun där ëffentlecher Campagne wäert de Wirtschaftsminister zousätzlech de 14. Dezember 2022 an de 16. Januar 2023 interesséiert Jonker invitéieren, fir sech iwwer d'Visioune vun der Lëtzebuerger Ekonomie ze echangéieren.

"Luxembourg Stratégie" well hei besser statistesch Modeller schafen an eng Debatt iwwer d'Zukunft undreiwen, sou d'Direktesch vun "Luxembourg Stratégies" Pascale Junker. Dofir sollen dräi bis véier Zenarien elaboréiert ginn, wou een da "plausibel" kéint festhalen, wéi eng Visioun een ausschafft. Déi Strategie géif een da stress-testen an eventuell och adaptéieren, "fir ëmmer erëm op eng méi resilient, inklusiv a kompetitiv Wirtschaft erauszelafen."

Nodeems de Feedback aus där Campagne dann ausgewäert gouf, soll dësen dann an Zenarie mat afléissen. Am Mäerz 2023 sollen d'Zenarien da finaliséiert ginn an eng strategesch, laangfristeg Visioun soll virgestallt ginn, sou nach de Wirtschaftsminister Franz Fayot.