Radioen

On air

Al Schanken  |  Willie Nelson - Gotta Serve Somebody

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Zukunft fir déi staatlech Kannerheemer?

D'Institutioune gi reforméiert

Wéi eng Zukunft fir déi staatlech Kannerheemer?

Déi staatlech Kannerheemer sollen reforméiert ginn, well Personal a Strukture fehlen, fir de Kanner e stabillen Encadrement ze garantéieren. Wat ännert sech elo fir Kanner, déi net méi kënnen doheem wunnen? A wéi ass d'Liewen an esou enger Struktur?

auto_stories

4 min

Am Foyer Wendel zu Schëffleng schaffen den Ament sechs Educateuren, déi néng Kanner versuergen. Bei 74 Prozent vun all de Fäll ass et d'Geriicht dat decidéiert, datt e Kand vun doheem fort muss. Dacks, well d'Verhältnisser tëschent de Kanner an den Elteren net méi zoumuttbar sinn. Den Alldag vun de Kanner am Heem wier duerno staark gefëllt, esou de Sven, Erzéier am Foyer. Fir d'Kanner géif dacks eng Welt zesummebriechen, well si net ëmmer just Hausaufgaben um Programm hätten, mä och nach dacks Visitte beim Psycholog oder der Assistance.

Net genuch Personal fir e stabille Kader

Fir déi verschidde Fäll ze behandelen ass den Institut "Staatlech Kannerheemer" a fënnef Departementer agedeelt. Dorënner déi klassesch Daags- an Nuetsfoyeren, déi aus verschiddenen Haiser bestinn an d'Departement vun der Präventioun a vun der Therapie.

Den Ament géif et awer nach net genuch Personal gi fir de Kanner ee stabillen Encadrement z'offréieren, esou d'Karin Kelsen. Si iwwerhëlt vum éischten August un de Poste vun der Direktesch vun de Staatleche Kannerheemer. Et wier eng Aarbecht, déi ni fäerdeg wier an dofir wéilt si d'Departementer an Zukunft méi grouss maachen, fir all Kand gerecht ze ginn.

Méi Kanner, méi Posten

2017 kruten d'staatlech Kannerheemer 12 zousätzlech Posten, heescht et aus dem Educatiounsministère. An den nächsten zwee Joer solle weider nei Posten dobäi kommen. Präzisiounen dozou géifen et awer nach keng ginn. "Do ass an de leschte Joren eng Schéier opgaangen. Déi Strukture si beim Personalbedarf dem Besoin net nokomm. Dat huet dozou gefouert, datt ganz vill Personalwiessel ass an datt d'Personal iergendwann och eng Kéier demotivéiert an ausgebrannt ass," esou den Educatiounsminister Claude Meisch.

Hie wéilt dowéinst eng Form vu Contingent schafen, datt wa méi Kanner an eng Struktur kommen, hannendrun och automatesch weider Poste géife geschaaft ginn. Nieft dem Personalschlëssel gesäit d'Reform och eng Moderniséierung an eng Erweiderung vun de Strukture vir.

D'lescht Joer hu 84 Jonker an den Heemer gewunnt, mä just 80 Plaze ware virgesinn. "Dat geet net duer," esou d'Karine Kelsen. Et wier eng grouss Demande do, mä d'Plaze wieren ëmmer séier besat. Hir wier et awer wichteg, datt d'Strukturen trotzdem iwwerschaubar bleiwe géifen. "Et ass wichteg, datt dat net Institutioune ginn, an deenen honnerte Kanner sech zesummefannen a wou da sou een Eenheetsbräi gekacht gëtt. Fir d'Kanner solle speziell Saachen ugebuede ginn. Net allgemenger, an déi jiddereen iergendwéi dra passt."

Finanzéierung iwwert de Staatsbudget

D'Gesetz vun 2008 iwwert d'Recht op Hëllef fir déi Jonk huet nëmmen déi privat Kannerheemer betraff, esou de René Schmit, aktuellen Direkter vun de staatleche Kannerheemer. Dowéinst wier et senger Meenung no elo eréischt zu enger Reform vun deenen Institutioune komm. "Déi privat Strukture gi finanzéiert duerch Dagessätz. Hei sinn d'Personalfraise mat agebonnen. Déi staatlech Strukture ginn net iwwert dee Wee finanzéiert, mä iwwert de Staatsbudget. Do ass d'Diskrepanz um Niveau vun de Finanzen, déi zur Verfügung stoungen, ëmmer méi grouss ginn."

Nieft dem finanzielle Volet soll d'Reform dann och fir eng méi transversal an interdisziplinär Politik suergen, erkläert de René Schmit. Him feelt et u Koordinatioun. Et misst méi tëschent deene verschiddenen Institutiounen a Ministèren zesumme geschafft ginn. Den Zoufallsprinzip géif dacks entscheeden, wou ee Kand bei gefroter Hëllef géif hikommen. Si wéilten dat awer gär anescht maachen.

E "Sorgenfresser" fir d'Kanner

An Zukunft sollen dann och bestoend Konzepter, wéi zum Beispill d'Traumapädagogik, verdéift ginn, esou de Romain Lies. Hie koordinéiert d'Foyeren. "Fir d'éischt geet et mol drëms, datt ee weess, datt ee mat Kanner a Famillen ze dinn huet. Déi hunn eng Rei vu ganz belaaschtende Liewenssituatiounen hannert sech a ganz schwiereg Momenter erlieft. Schonn eleng de Fait, datt d'Kanner an een Heem placéiert ginn, datt se aus hirem Milieu eraus gerappt ginn, ass een traumatescht Erliefnis u sech." Et wier wichteg, dat ze verstoen a kënnen ze interpretéieren.

Ee Beispill vun der sougenannter Traumapädagogik ass de "Sorgenfresser", mat deem si vill schaffe géifen, wann d'Kanner eppes bedréckt. "Dee verdaut dat besser an dat läit da manner um Mo, wéi wa si dat déi ganzen Zäiten a sech halen," esou den Erzéier Sven.

Den Ament géif am Ministère dann och un engem Kader-Plang geschafft ginn, deen d'Qualitéitscritèrë vun de Kannerheemer soll definéieren. De Sven a seng Equipe probéieren op alle Fall d'Liewe vun den néng Kanner zu Schëffleng esou agreabel, wéi méiglech ze gestalten. Et wier awer net ëmmer einfach een Doheem ze schafe an dem d'Kanner sech och wuel fillen. "Et ass och net ëmmer harmonesch hei, mä dat ass et doheem och net.". Si géifen awer hiert Bescht maachen, esou de Sven.