Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Program (Pascal Schumacher Rework)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Problem ass fir den Terrain ze kréien"

Riicht Eraus

"De Problem ass fir den Terrain ze kréien"

Fir d'Buergermeeschterinnen Simone Massard-Stitz (CSV) vu Sandweiler, Pascale Hansen (DP) vu Bettenduerf a Simone Asselborn-Bintz (LSAP) vu Suessem ass kloer: D'ëffentlech Hand huet eng wichteg Roll beim Schafe vu Wunnraum ze spillen. Mee net all d'Instrumenter sinn dobäi d'selwecht nëtzlech. Beim Virkafsrecht gëtt d'Prozedur iwwerdeems dacks vun de Geriichter a Fro gestallt.

auto_stories

4 min

D'Virkafsrecht bei Bauterraine wier fir d'Gemengen ee wichtegt Instrument, fir kënne Wunnraum ze schafen. Dat betounen déi dräi Buergermeeschterinnen. D'Prozedur gëtt awer ëmmer méi dacks vun anere potentielle Keefer a Fro gestallt - a verschiddene Fäll huet d'Verwaltungsgeriicht d'Virkafsrecht vun de Gemenge gekippt.

D'Gemeng Suessem ass géint esou eng Decisioun an Appell gaangen a waart elo op eng Decisioun.

Och d'Gemeng Bettenduerf ass mam Virkafsrecht schonn op Widderstand gestouss, seet d'Pascale Hansen. De Wonsch vun de Gemengeresponsabelen ass et, datt d'Prozedur vum Virkafsrecht preziséiert gëtt.

Logement: Beléiften Instrumenter ...

De Staat leet Sue bäi, wann eng Gemeng Terraine keeft, oder Logementer schaaft. "Dat ass korrekt an dat ass och net de Problem", seet dozou d'Simone Massard-Stitz. D'Schwieregkeet wier fir iwwerhaapt un Terrainen ze kommen. Nieft dem Virkafsrecht wier et wichteg, datt bei gréissere Bauprojete vu private Promoteuren een Undeel vum Terrain fir d'Schafe vun abordabele Wunnraum muss reservéiert ginn.

Et wier wichteg, datt d'Gemenge Proprietär dovunner ginn, esou d'Simone Massard-Stitz, soss wier spéiderhin net garantéiert, datt d'Präisser vun de Wunnengen abordabel bleiwen.

... a manner beléiften Instrumenter

D'Gemengen hunn d'Recht de Proprietär vun engem Terrain ze obilgéieren eppes ze bauen - a wann en dat net mécht, den Terrain ze exproriéieren. Dat Instrument halen déi dräi Buergermeeschterinnen awer net fir nëtzlech: "Et ass politesch schwiereg", erkläert d'Simone Massard-Stitz.

Si wéisst net richteg, wéi een e Proprietär kéint obligéieren ze bauen, ergänzt d'Pascale Hansen: "Ech mengen, et ass ëmmer besser déi Saachen am Konsens an Dialog ze maachen". Expropriatiounsprozedure wiere schwiereg a laangwiereg Prozeduren.

Baulandverträg, fir déi elo eng legal Basis soll kommen, halen déi dräi Buergermeeschterinne fir dee besseren Outil fir Terrainen ze mobiliséieren.

Kee Succès: Baulückeprogramm a Steiermoossnamen

De Baulückeprogramm vun 2015 hätt wéineg bewierkt, seet d'Simone Massard-Stitz: Et hätt een all d'Proprietäre vu Baulücken zu Sandweiler ugeschriwwen a just an "engem Prozent" vun de Fäll iwwerhaapt eng Réckmeldung kritt.

De Pacte Logement erlaabt et de Gemengen och fir eng Taxe op eidel Wunnengen an ongenotzt Bauterrainen ze erhiewen. Si kënnen och d'Grondsteier liicht eropzesetzen, mat engem Hiewelsaz. Fir si wier dat awer keng Optioun, esou déi dräi Buergermeeschterinnen. Bettenduerf hat eng Steier op eidel Wunnengen ageféiert, mee huet se wéinst dem groussen Opwand nees fale gelooss.

Gemengefinanzen: Manner Suen, mee Krise-resistent

Alleguer d'Gemenge kréie wéinst der Kris manner Suen aus dem kommunalen Dotatiounsfong. Wichteg Investissementer an déi ëffentlech Infrastrukture wéi Schoulen, Maison Relaisen oder Ofwaasserréier sinn dowéinst zu Bettenduerf, Sandweiler a Suessem awer net a Fro gestallt. Eenzel Projeten, déi éischter "nice to have" wieren, géife méi spéit realiséiert ginn, erkläert d'Simone Asselborn-Bintz. An eventuell géif een och nei Scholden ophuelen, fir Investissementer ze finanzéieren.

Vun der Sandweiler Buergermeeschterin war et méi grondsätzlech den Appell un d'Regierung fir de Gemengen hir Subside méi séier ze rembourséieren. Deels géif dat dräi bis véier Joer daueren, esou d'Simone Massard-Stitz. Bei groussen Investissementer vun iwwer zéng Milliounen Euro zum Beispill fir e Schoulgebai géif dat am Gemengebudget awer vill ausmaachen.

Ee Referendum zu Sandweiler ...

Bis spéitstens am Mäerz soll zu Sandweiler e Referendum organiséiert ginn iwwer d'Zukunft vum Gemengegebai. De Schäfferot (CSV an déi gréng) wëllt d'Gebai ofrappen, d'Oppositioun huet mat Succès eng Ënnerschrëftenaktioun dogéint organiséiert. Den Ubau ass eréischt vun 1999, mee en ass schlecht isoléiert a bitt net genuch Plaz, seet d'Buergermeeschterin. Eng Renovatioun wier opwändeg a kéint de Plazmanktem laangfristeg net behiewen. D'Gemeng géif déi nächst Joren nach staark wuessen a bräicht méi Personal fir ee gudde Service um Bierger.

D'Simone Massard-Stitz weist sech iwwerzeegt, datt de Schäfferot de Leit d'Noutwendegkeet vun engem Neibau mat méi Informatioune vermëttelt kritt. Eng grouss Biergerversammlung wier do elo eigentlech dat Richtegt, mee wéinst der Pandemie misst een nach kucken, wat ee ka maachen.

... an een anere Referendum zu Bettenduerf

Bettenduerf ass eng vun de fënnef Nordstad-Gemengen, déi iwwerleeë fir ze fusionéieren. D'Pascale Hansen seet sech optimistesch, datt d'Bierger am Fréijoer 2022 iwwer d'Fusioun kënnen ofstëmmen. Een ambitiéisen Zäitplang, well virdru mussen och déi fënnef Gemengeréit dem Projet nach gréng Luucht ginn.

Am Oktober goufen zu Ettelbréck, Dikrech, Schieren, Ierpeldeng a Bettenduerf Biergerforumen zum Theema organiséiert: "Mir wollten hir Ängschten awer och hir Visiounen héieren", esou d'Pascale Hansen. Dëst och fir net duerno de Reproche gemaach ze kréien, d'Leit wieren net mat agebonne ginn.