Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat Schlëmmst ass d'Ongewëssheet"

Kanada

"Dat Schlëmmst ass d'Ongewëssheet"

Politiker, Geschäftsleit, Ëmweltaktivisten oder einfach Bierger – a Kanada sinn alleguerten d'Blécker op d'USA geriicht, an et waart ee gespaant an e bësse besuergt drop ze gesinn, wat Zukunft bréngt.

auto_stories

4 min

Den Justin Trudeau mam Donald Trump (Foto: dpa / picture alliance)

"Et ass ee Clown! Dee Mann ass net ganz kloer am Kapp", seet eng Fra an de Stroossen vu Montréal. Wie sech do e bësse mat Passanten ënnerhält, deem gëtt séier kloer: Den Donald Trump ass eng ëmstridde Figur, déi och bei de Kanadier fir vill Gespréich suergt.

Nodeems hien am November zejoert d'Wahlen an den USA gewonnen huet, ass bei ville Kanadier ee Gefill vun Ongewëssheet opkomm. Ugefaange bei den Entreprisen, déi all Dag mat hiren amerikanesche Partner Handel bedreiwen. "Et fléisse vill Suen deen een an deen anere Wee iwwer d'Grenz", seet de Guillaum Dubreuil, Spriecher vun der kanadescher Handelskammer, déi ronn 200.000 Betriber uechtert Kanada vertrëtt.

Hie seet, datt d'Stëmmung bei senge Memberen nach bis virum éischten Treffen tëscht dem Justin Trudeau an dem Donald Trump immens ugespaant war, besonnesch well den US-President ze verstoe ginn hat, datt en dat nordamerikanescht Fräihandelsofkommes NAFTA kéint nei verhandelen.

Liicht Entwarnung a Saache NAFTA

De Guillaum Dubreuil mécht drop opmierksam, datt d'USA de gréissten Handelspartner vu Kanada sinn. Ongeféier 76 Prozent vum internationalen Handel, dee Kanada bedreift, leeft iwwer d'Vereenegt Staaten. "Wa vun enger Neiverhandlung vun Handelsaccorde Rieds geet, oder dovun, datt Grenze solle méi zou gemaach ginn, da mécht dat ville kanadeschen Entreprise Suergen", sou de Guillaum Dubreuil.

Datt den Donald Trump schlussendlech versprach huet, d'NAFTA-Ofkommes nëmmen esou ze änneren, datt et jidderengem zegutt kennt, huet déi kanadesch Handelskammer berouegt. D'Entreprisë mengen awer och, datt den Donald Trump onberechenbar ass, an datt se dat, wat zu Washington geschitt, ganz genee musse suivéieren, sou de Guillaum Dubreuil. "Dat schlëmmst ass d'Ongewëssheet, also net ze wëssen, wou et higeet. D'Entreprisen halen all d'Aen an d'Oueren op fir erauszefannen, wat zu Washington geschitt", seet den Handelsexpert.

"Klimawandel keen Thema méi"

Suerge ronderëm d'Zukunft provozéiert den Donald Trump och bei de kanadeschen Ëmweltorganisatiounen, wou hien als eng Gefor fir de Kampf géint de Klimawandel gesi gëtt. Bei der Pressekonferenz nom Treffen tëscht dem Donald Trump an dem Justin Trudeau hätt keen e Wuert iwwer d'Äerderwiermung verluer, bedauert de Patrick Bonin, Responsabel vun der Klima-Campagne bei Greenpeace Kanada.

"Dat ass geféierlech. Mir si vun enger Situatioun ausgaangen, wou Obama an Trudeau de Weltklimaaccord vu Paräis ënnerstëtzt hunn. Lo ass de Klimawandel keen Thema méi, an den Donald Trump riskéiert souguer sech zréckzezéien. D'Zesummenaarbecht am där Hisiicht kéint also ee risege Retard kréien", sou de Patrick Bonin.

Hoffnung zerschloen

Kanada misst besonnesch elo ee Leader am Kampf géint de Klimawandel sinn, wou d'Land mat enger US-Administratioun ze dinn huet, déi dat Thema net als eng Prioritéit gesäit, mengt de Patrick Bonin.

D'Hoffnung dorop gouf awer séier zerschloen, wou den Donald Trump rezent den ëmstriddene Keystone XL-Projet fir eng Pipeline relancéiert huet, déi Pëtrol aus de kanadeschen Teersand-Virkommen an d'Raffinerien um Golf vu Mexiko soll bréngen. Fir de Patrick Bonin ass dat ee Schrëtt an déi falsch Richtung. "Mir fäerten, datt den Justin Trudeau sech kéint vum Trump an déi do Richtung matzéie léisst".

Zuele vun der Immigratioun ginn erop

Onrou gëtt et dëser Deeg och an de kanadesche Flüchtlingsorganisatiounen. Dem Donald Trump säin Dekret iwwert d'Areesverbuet vun Staatsbierger aus siwe moslemesche Länner an d'USA huet nämlech och hei vill Reaktioune provozéiert.

Rekordzuelen un Asylbewerber kommen zu Fouss bei äisegen Temperaturen iwwert d'Grenz a Kanada. De leschte Mount hunn eleng an der Provënz Québec 452 Leit op Grenzpunkten eng Asyl-Demande agereecht, 230 Prozent méi wéi am Januar zejoert. De Phänomen ass Experten no op d'Ongewëssheet ronderëm d'Immigratiounspolitik vun den USA zréck ze féieren.

Clarke: Trudeau huet gutt reagéiert

An déi d'Zuele kéinte weider klamme mengt de Paul Clarke, Generaldirekter vun Action Réfugiés Montréal, eng lokal Organisatioun déi Flüchtlingen aus verschiddene Länner hëlleft a Kanada ze kommen. "Mir bereeden eis drop vir, datt d'Zuel vun den Asyldemande hei a Kanada erop ginn", seet hien.

D'Reaktioun vu Kanada op dem Donald Trump säin Dekret war allerdéngs duerchaus positiv, mengt de Paul Clarke. Um Dag wou den Dekret ënnerschriwwe gouf, huet den Justin Trudeau een Tweet erausgeschéckt fir z'ënnersträichen, datt säi Land déi Mënschen ophëlt, déi virun Terror a Krich fortlafen, ganz egal wat hire Glawen ass.

Konfrontatioun evitéiert

D'Solidaritéit an esou Situatioune wier eppes wat d'Kanadier ausmécht, mengt de Paul Clarke. "Ech mengen, d'Regierung iwwerhëlt eng leedend Roll an där Hisiicht, wann si vermëttelt, datt Kanada genuch Plaz huet, och wann et hei Leit ginn déi keen Job hunn".

Zenter datt den Donald Trump de President vun den USA ginn ass, huet d'Politik a Kanada generell awer ëmmer nees d'Konfrontatioun mat der neier Administratioun evitéiert. Et wëilt ee villméi eng positiv Relatioun opbauen, an op konkret Aktioune vum Wäissen Haus waarden, huet et geheescht.