Radioen

On air

Notturno  |  Wilco - You Are My Face

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Projet "Outlet-City" zu Iechternach

Gemengewalen 2023

Projet "Outlet-City" zu Iechternach

Zu Iechternach suerge virun allem zwee Sujete fir kontrovers Diskussiounen. Den Trafic ass ee vun den Haaptsujeten am aktuelle Walkampf ëm d'Gemengeposten. Aktuell leeft zu Iechternach ee grousse Projet, fir souwuel d'Park- wei och d'Verkéierssituatioun ze verbesseren.

auto_stories

4 min

Foto: Ana Angel

De Projet besteet aus méi Etappen a soll bis 2028 déi bestoend Stroossen esou matenee verbannen, datt den Trafic entlaascht gëtt. Parallel dozou gëtt d'Unzuel u Parkméiglechkeeten zu Iechternach erhéicht, dat duerch een neit Parkhaus.

Am Juni, Juli wier et fäerdeg a géif mat ville Parkplazen op déi al Gare kommen, erkläert eng Geschäftsfra aus dem Iechternacher Zentrum. 240 Parkplaze sollen dohi kommen, dernieft soll e Park and Ride mat 400 Plaze bei der Grenzbréck entstoen. D'Iddi wier och net schlecht.

Een dee an een Zenter wéilt shoppe goen, dee wéilt eng Parkplaz no dobäi hunn, betount d'Silke Müller vun der Union des Commerces et Artisants vun Iechternach.

"Wann d'Leit wierklech sou vill kafe wéilten, da fueren déi net onbedéngt mat engem Bus rëm op iergendeen Opfangparking, där mer bis elo och just zwee hunn a nach en drëtten dobäi komme soll, deen awer net do ass."

Eidelstoend Gebaier an der Groussgaass

Restauranten, Caféen, Schong- a Kleederbutteker - et fënnt ee sou munches an der Halergaass a ronderëm d'Maartplaz.

Eng weider Geschäftsfra seet dozou, datt d'Leit gäre géife kommen, well si ëmmer fir jiddereen do wieren. Ënner Geschäftsleit géife si sech gutt verstoen an och géigesäiteg ënnerstëtzen.

An awer - déi eelste Staat zu Lëtzebuerg kämpft, wéi vill aner Stied hei am Land och, mat eidel stoende Gebaier. Iwwer d'Hallschent vun der Verkafsfläch steet eidel. Dat si 50 Butteker, also ronn 7.000 m2.

Fir deem entgéint ze wierken, gëtt et zanter 2017 Pläng fir een Outlet op Iechternach ze bréngen. E City-Outlet - e Konzept, wat et bis ewell zu Lëtzebuerg esou nach net gëtt. Grouss Marke sollen de Leerstand am Stadkär nees opfëllen. D'Geschäftsleit, déi hir Butteker elo schonn am Stadkär hunn, maachen op d'Problemer opmierksam.

Si géifen haaptsächlech just informéiert ginn, well et nach keng Tatsaache géife ginn. Ob wierklech ee vun enge bestëmmter Mark géif dohi komme wier nach onkloer.

Et géif dovu geschwat ginn, datt de Projet Fréijoer 2024 géif starten. Dat géif zu engem Nogoût vun de Geschäfter an der Konfektioun oder mat Kleeder ze dinn hätte féieren. Déi géifen elo ufänken hir Kollektioune fir de Summer ze bestellen. De Problem wier awer, datt si net wësse géifen, wéi grouss hir Bestellung sollt sinn.

Een Outlet géif dacks mat enger negativer Konnotatioun verbannen. Déi aner Geschäfter déi lo nach do wier, géife warscheinlech Bemierkunge gemaach kréien, datt si net op deen Zuch géife sprangen.

Eng weider Suerg wier, datt déi Leit déi vu bausse géife ra kommen, menge géifen dat si och een Outlet wieren. Si hätten zwar dacks Saachen an de Solden, mee si wieren awer keen Outlet.

Wander- an Outdoorartikele kommen op Iechternach

Wander- an Outdoorartikele sollen haaptsächlech am Outlet ugebuede ginn - an dat net ouni Grond, fannen och verschidde Geschäftsleit vun Iechternach.

"Et feelt ganz vill Outdoor fir ze wanderen. Well ebe lo ganz vill fir ze wanderen hei ass. Mir hu scho ganz vill awer mir kennen net alles an eise Buttek ophuelen, da platze mir."

Eppes wat zu Iechternach gutt géif lafen, wiere Sportartikelen, well et der net genuch do géife ginn. Niewent Wanderschong, wier Kleedung fir wanderen ze goe gutt, seet ee vun de Geschäftsleit. Wanderer géifen et ëmmer vill ginn.

Iechternach ass d'Paart vum Mëllerdall - an de bekannte Mëllerdall-Trail fänkt an Tëschenzäit och am Stadkär vun Iechternach un a feiert e Stéck duerch den Zentrum, iert et da weider an d'Natur geet. Ënner anerem zitt dat virun allem am Summer vill Touristen un, erkläert d'Silke Müller,

"Déi gesinn déi Problemer net, well se genau wëssen, datt et bei hinnen an de Stied selwecht ass. Et si méi sou déi ansässeg Leit, déi ebësse gro gesinn, awer gro ass net schwaarz."