Radioen

On air

Notturno  |  Carthago - Alech

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi ka Lëtzebuerg seng staark Wirtschaft festegen?

OECD-Etude

Wéi ka Lëtzebuerg seng staark Wirtschaft festegen?

Der Lëtzebuerger Wirtschaft geet et gutt. Awer fir d'Zukunft mussen eng Partie Jalone gestallt ginn, notamment an de Beräicher Emploi an Integratioun vun Auslänner. D'OECD huet hir neisten Etude iwwert d'Lëtzebuerger Ekonomie verëffentlecht. Ganz kloer ass doran och ze liesen, datt Lëtzebuerg sech manner ofhängeg vum Finanzsecteur soll maachen.

auto_stories

2 min

Déi Lëtzebuerger Wirtschaft wier eng ganz staark, sou d'Conclusioun vun der OECD. et géife vill Aarbechtsplaze geschaaft ginn, vun deenen net nëmmen d'Residenten, mee och d'Frontaliere géife profitéieren. De Finanzsecteur wier gutt encadréiert, allerdéngs misst d'Land sech nach en anert Standbeen schafen.

Méi kompetent Personal

Fir méi onofhängeg vum Finanzsecteur ze ginn, dee gutt en Drëttel vum PIB ausmécht, preparéiert d'Regierung jo déi drëtt industriell Revolutioun, a wëllt sech méi op digital Technologien an erneierbar Energie konzentréieren. D'OECD begréisst dës Mesure. Allerdéngs misst drop opgepasst ginn, fir och Personal mat den néidege Kompetenzen unzestellen.

Tatsächlech läit Lëtzebuerg beim Taux vun de Salariéen, déi en Job ausüben, fir dee si eigentlech net déi néideg Kompetenzen hunn, iwwert dem EU-Duerchschnëtt. An deem Beräich sollt een ënnert anerem op Lifelong-Learning setzen, sou de Pierre Beynet, Economist bei der OECD. Et wier zum Beispill wichteg, fir Congéë fir Formatioune virzegesinn. "Natierlech léiert ee vill iwwert seng Aarbechtsplaz, andeems ee schafft. Heiansdo gëtt vergiess, datt ee scho muss schaffen, fir kënnen ze léieren."

Besser Integratioun vun Auslänner

Lëtzebuerg profitéiert vun de villen Auslänner a Frontalieren, déi heihinner schaffe kommen. Allerdéngs misst d'Integratioun virugedriwwe ginn, besonnesch och vu Leit aus Net-EU-Länner, seet de Pierre Beynet. Et missten zum Beispill méi Sproochecoursen ugebuede ginn.

Bei der Beschäftegung vun Immigranten am Ëffentlechen Déngscht wier Lëtzebuerg ganz hannen op der Lëscht vun den OECD-Länner. "Iwwerdeems schafft d'Hallschent vun de Lëtzebuerger am ëffentlechen Déngscht", seet de Pierre Beynet. Den Accès an de Secteur sollt vereinfacht ginn. "Dat ass och e Wee zur Integratioun an d'Gesellschaft. Et muss gekuckt ginn, wat ee kéint änneren. Zum Beispill bei de Sproochekenntnisser oder den Diplomen, déi gefrot sinn."

Donieft sollten Auslänner déi hei liewen och verstäerkt um lokale Geschéie kënnen deelhuelen, wéi beispillsweis bei de Gemengewahlen am Hierscht, sou de Pierre Beynet. Och wann hir Bedeelegung elo nach net esou héich wier, sollte si weider encouragéiert ginn, fir aktiv um Liewen am Grand-Duché ze participéieren.


De Bäitrag vum Paule Rodesch vum 21. Juli 2017:

OECD-Etudeplay_arrow