Radioen

On air

De Moien  |  Cate Le Bon - Are You with Me Now?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi kann de Pensiounssystem oprecht erhale ginn?

Pensiounssystem

Wéi kann de Pensiounssystem oprecht erhale ginn?

D'Pensiounskeess huet en neie President: den éischte Juli huet de Fernand Lepage de Robert Kieffer ersat. Zanter zéng Joer gëtt de Gros vun de Pensiounsreserven op de Finanzmäert ugeluecht, d'Reserve sinn de Moment esou héich, wéi nach ni virdrun. Kann een allerdéngs dorop opbauen?

auto_stories

2 min

Fir eng Ofsécherung am Alter ze garantéieren, géif et, an den Ae vum neie President vun der Pensiounskeess, eng méi grouss Bereetschaft bei de Bierger ginn, fir d'Kotisatiounen ze erhéijen, wéi fir d'Leeschtungen ze kierzen, seet de Fernand Lepage, neie President vun der Pensiounskeess a vum Kompensatiounsfong.

De Fernand Lepage ass sech awer och bewosst, datt et an den 80er Joren e Konsens um Niveau vum Conseil économiqe et social ginn hätt, fir den Taux de Cotisation op 30 Prozent eropzehiewen, deen haut bäi 24 Prozent leit. "Dat hätt bedeit, datt déi dräi Partien hir Participatioun géife vun aacht op zéng Prozent eropschrauwen. Ech hunn den Androck, datt déi Bereetschaft haut net méi ginn ass", seet de Fernand Lepage.

Finanziell Situatioun vu Pensiounskeess ganz gutt

Déi finanziell Situatioun vun der Pensiounskeess wier momentan ganz gutt an et wier och eng gutt Iddi vu sengem Virgänger Robert Kieffer gewiescht, fir d'Sue vum Fonds de compensation op de Finanzmarchéen ze investéieren. Domat hätten d'Reserve massiv opgestockt kënne ginn.

Déi lescht Jore wieren d'Iwwerschëss vun de Cotisatioune regelméisseg méi grouss gewiescht, wéi d'Leeschtungen, déi ausbezuelt goufen. Eleng d'lescht Joer sinn d'Reserven ëm ongeféier eng Milliard Euro geklommen.

Op den 31. Dezember 2017 hätten d'Reserven de Stand vun 18,8 Milliarden Euro erreecht. "Dat entsprécht 4,5 mol de Joresausgaben", seet de Fernand Lepage.

D'Pensiounsreserve wieren dofir geduecht, fir sech eng politesch Marge ze ginn, am Fall wou den Taux de Cotisation net méi géif duergoen, seet de Fernand Lepage. D'Marge soll et erlaben, fir en neie Finanzéierungssystem opbauen ze kënnen.

Nei Dateschutzreglementatioun intern kee Problem

Den neie President vun der Pensiounskeess dementéiert iwwerdeems, datt d'Personal a senger Verwaltung opgeruff gi wier, fir eventuell Verstéiss vun Aarbechtskolleege géint den Dateschutz ze denoncéieren.

"Op kee Fall ass do eng Prozedur vun Denonciatioun", sou de Fernand Lepage. Sollt e Mataarbechter Donnéeë benotzen, déi hien net hätt sollen, da misst hien dat beim Dateschutz-Beoptraagten (DPO) mellen, seet de President vun der Pensiounskeess. Den DPO ass am EU-Reglement virgesinn. "Et ass net, wéi wann hien do Sanktioune misst fäerten. Am Géigendeel: den DPO ass den Interlocuteur zu der nationaler Dateschutzkommissioun".

"Eis Sensibilisatioun war vläicht net staark genuch (...). Hei ass ni en Opruff gewiescht, datt eenzel Aarbechtskolleegen ënnerenee sech sollten denoncéieren".

Zanter Enn Mee gëlle jo och fir d'Verwaltung méi streng Regelen. Eisen Informatiounen no suergt d'Applikatioun vum neien EU-Reglement fir Onsécherheet beim Personal.