Radioen

On air

De Moien  |  Oregon Heart - You May Be Sorry

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi kënne mer Mënschen ouni Pabeieren hëllefen?

Fräie Mikro

Wéi kënne mer Mënschen ouni Pabeieren hëllefen?

An dësen Zäite liewe Mënschen ouni iergend en Akommes an ouni sozial Rechter ënner eis, dat sinn ënner anerem Leit ouni gëlteg Openthaltspabeieren. Wat fir Froe stelle si sech, wéi eng Ängschten erliewe si? Wéi kënne mer hinne weiderhëllefen, well heem däerfen si jo den Ament net goen. De Fräie Mikro vun der Laura Zuccoli, Presidentin vun der ASTI.

auto_stories

3 min

D'Laura Zuccoli ass Presidentin vun der Auslännerorganisation ASTI.

Mir hunn all eis sozial Kontakter missen zeréckschrauwen. Verschiddener vun eis schaffe weider, anerer waarden drop, datt d'Liewen dobaussen nees uleeft. De Staat leet vill Mesuren op de Wee fir de Mënschen an den Entreprisen ze hëllefen.

Fir Aarbechter aus der sougenannter groer Ekonomie, déi bei eis ouni Umeldung geschafft hunn, ka keng Hëllef ugefrot ginn. Si sinn op sech selwer ugewisen, musse sech eleng duerchschloen. Dës Mënsche schaffen dacks iwwer Jore schwaarz, well si keng Aussicht op Openthaltspabeieren hunn. Si musse fir hir Famill am Heemechtsland opkommen a schaffen dofir hei bei eis fir en Hongerloun an dacks ënner onmënschlechen Aarbechtskonditioune, dëst virun allem an der Horesca-Branche an um Bau. Si ginn ausgenotzt a sinn dem Patron meeschtens hoffnungslos ausgeliwwert.

Wéi kann ech Iwwerliewen ouni Akommes? Meng Famill a mengem Heemechtsland lieft vun de Suen, déi ech all Mount dorower schécken, wat maache si elo ouni meng Hëllef? Froen, déi dës Mënsche sech all Dag an hirem Iwwerliewenskampf stelle mussen. Do kann een nëmme begréissen, dat d'Épiceries sociales séier reagéiert an hir Hëllef un Iesswueren och dëse Mënschen zougänglech gemaach hunn.

Kotisatioune bis zum Enn vun der Corona-Kris afréieren

Vill vun dëse Leit bezuele fräiwëlleg an eis Gesondheetskeess an. Mee wéi solle si dat elo ouni oder mat wéineg Akommes nach maachen? Dofir wier et ubruecht, d'Abezuele vun de Kotisatioune bis zum Enn vun der Corona-Kris anzefréieren, fir datt Leit krankeverséchert bleiwen och wa si tëschenzäitlech net cotiséieren.

Mir wësse mëttlerweil all, wéi wichteg et an Zäite vu Pandemie ass, sech séier kontrolléieren ze loossen, wann ee gesondheetlech Problemer huet. Mënschen ouni legalen Openthalt, déi dacks ënner onwierdegen Ëmstänn op enkstem Raum mat anere Leit zesumme wunnen, trauen sech net an eng medezinesch Kontroll ze goen a melle sech an der Reegel eréischt, wann et ze spéit ass.

Wou fannen ech Hëllef, ouni datt meng Pabeiere kontrolléiert ginn an ech riskéiere vun der Police gepëtzt ze ginn? Et geet net duer, eemol offiziell matzedeelen, datt jiddweree behandelt, de legale Statut vum Patient net gekuckt, an ee mat oder ouni Pabeiere gefleegt gëtt. Déi verantwortlech Instanze mussen dëse Message ëmmer erëm widderhuelen, besonnesch an deene Communautéiten, wou bekannterweis vill Persoune mat precairem Statut liewen.

Firwat dann net op dës Leit zeréckgräifen?

Portugal ass nach e Schratt weidergaangen an huet de Leit ouni Pabeieren et erméiglecht, e legalen Openthalt unzefroen, wa si beweise kënnen, datt si déi lescht sechs Méint virun der Kris an eng Krankekeess abezuelt hunn. Wéi gesot bezuelen och hei vill Leit ouni Pabeiere fräiwëlleg an eis Krankekeess an. Wier dat net eng Méiglechkeet, u si erunzekommen an esou akut Gesondheetsgefore fir d'Allgemengheet ze eliminéieren?

An Italien setze sech d'Aarbechtergewerkschaften dofir an, datt Leit ouni Openthaltsgeneemegung e legale Statut kréien an an der Landwirtschaft schaffe kënnen, well mat de generelle Beweegungsaschränkunge wéinst COVID-19 och d'Mobilitéit vun de Saisonsaarbechter an Europa zesummegebrach ass.

Hei zu Lëtzebuerg huet de Secteur vun der Agrikultur jo aus de selwechte Grënn anscheinend och Problemer Aarbechtskräften ze fannen. Firwat dann net op dës Leit zeréckgräifen?


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.