Radioen

On air

Notturno  |  Shintaro Sakamoto - Let's Dance Raw

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi laang woussten d'Autoritéite scho Bescheed?

Fipronil-Skandal

Wéi laang woussten d'Autoritéite scho Bescheed?

Lëtzebuerg ass ënnert den 12 europäesche Länner, an deene kontaminéiert Eeër a Produiten op de Marché komm sinn. Wéinst den Enquêtë wiere ronn 50 Eeër-Betriber an der Belsch blockéiert, esou d'FUGEA. Ufank September soll an Estland, um Bord vum Treffe vun de Landwirtschaftsminister aus de betraffenen EU-Staaten, iwwert d'Konsequenze vum Skandal diskutéiert ginn.

auto_stories

7 min

D'Bauere wieren d'Affer am Fipronil-Skandal. Dat seet d'Gwenaëlle Martin vun der belscher Federatioun vun de Baueren an Déierenziichter, FUGEA. D'Baueren hätte Botz-Produite kaf, vun deene se net gewosst hätten, datt dat verbuede Mëttel Fipronil dra war. Trotzdeem géif de Secteur elo drënner leiden.

"De finanzielle Verloscht vun de Bauere muss opgefaange ginn"

Wéinst den aktuellen Enquêtë kéinte ronn 50 Eeër-Betriber an der Belsch net produzéieren a näischt verkafen. Wéini si vun den Autoritéiten nees gréng Luucht géife kréie fir ze schaffen, wéissten d'Baueren net. Déi eng Halschent vun de Betriber géif op d'Resultater vun de Kontrolle waarden, déi aner Betriber wieren nach guer net kontrolléiert ginn, esou d'Gwenaëlle Martin.

"Dat ass problematesch, well d'Baueren an der Onkloerheet sinn. Si stelle sech d'Fro, wat si aus sanitäre Grënn mat hiren Déieren an den Eeër solle maachen."

D'Bauere misste fir déi kontaminéiert Eeër, déi ewech geheit misste ginn, entschiedegt ginn. De finanzielle Verloscht muss opgefaange ginn, seet d'Gwenaëlle Martin vun der FUGEA. Dofir huet déi belsch Federatioun sech gëschter an enger Krisesëtzung mam belsche Premierminister Charles Michel getraff. "Fir Léisungen ze fannen an d'Bauere schnell entschiedegen ze kënnen".

Et kéint een de Moment nach net aschätzen, ob belsch Betriber duerch de Fipronil-Skandal zou maache misste well de finanzielle Schued ze grouss wier. Den Image vum Secteur hätt awer gelidden, seet d'FUGEA. Duerch de Fipronil, deen an den Eeër fonnt gouf, géifen d'Konsumenten d'Vertrauen an de Produit verléieren.

Flësseg Eeër mat Fipronil kontaminéiert

Vum leschten Dënschdeg un hunn déi zoustänneg Autoritéiten zu Lëtzebuerg iwwer kontaminéiert Eeër informéiert, déi um Lëtzebuerger Marché verkaf gi sinn. Betraff war hei den Discount-Supermarché Aldi. Um Mëttwochowend koum dunn e Communiqué vum Gesondheetsministère an der Veterinärsinspektioun, datt och de Supermarché Cactus Produite verkaf hätt, déi mat Fipronil-kontaminéierte flëssegen Eeër produzéiert goufen. Rieds geet iwwer déi Lëtzebuerger Liewensmëttelproduzente Caterman a Carnesa, zwee Sous-Traitante vum Cactus.

"Déi flësseg Eeër si benotzt ginn, fir Produiten hierzestellen. Dovunner ass een Deel vun de Produiten net méi an de Rayonen, well dee scho giess ginn ass. Et ass nach ee klengen Deel vun de Produiten, déi am Betrib waren an do bleiwen, bis datt d'Resultater vun den Analyse virleien," esou de Jean Brasseur vun der Veterinärsinspektioun.

Dat lescht Weiderveraarbechte vun dëse wahrscheinlech kontaminéierten Eeër bei Caterman war de 25 Juli. Carnesa huet déi flësseg Eeër benotzt, fir Gehacktes a Paté hierzestellen. D'Gehacktes gouf eliminéiert. De Paté bleift am Betrib, bis ee weider Informatiounen hätt, heescht et.

Eeër sinn aus engem hollännesche Betrib komm

Allerdéngs wieren och bei enger Routinekontroll vun der Veterinärsinspektioun vum 11. Juli kleng Quantitéite vu Fipronil bei Eeër vum Cactus festgestallt ginn, esou de Jean Brasseur.

"Déi Eeër, déi sinn aus engem hollännesche Betrib komm, dee bis ewell nach net vun den Hollänner gemellt ginn ass, datt e verdächteg wier. Mir hunn awer elo de Fipronil doranner fonnt.

De Cactus hätt matgedeelt, datt si net direkt aus Holland beliwwert géinge ginn, mä déi concernéiert Eeër hätte si vun engem belsche Fournisseur kritt, dee si sengersäits aus Holland kritt huet. Dat wier net d'Reegel, esou de Jean Brasseur.

Datt d'Eeër grad op d'Insektemëttel Fipronil getest gi wieren, wier Zoufall gewiescht.

"Nodeems mir driwwer informéiert gi sinn, datt d'Eeër och am flëssegen Zoustand verschafft ginn, hu mir elo decidéiert, datt mir elo den Tour vun engem groussen Deel vun de Produzente maachen a Prouwe vu flëssegen Eeër huelen."

De Supermarché Cactus huet op d'Nofro hin, ob de Communiqué verwisen, deen e Mëttwoch den Owend vum Gesondheetsministère an der Veterinärsinspektioun verschéckt gouf.

Wien dréit d'Responsabilitéit?

Milliounen Eeër goufen an deene betraffene Länner mam Insektizid Fipronil kontaminéiert. A Frankräich wiere schonn tëschent Abrëll a Juli 200.000 Eeër mat Fipronil um Marché gewiescht. Dat hunn déi franséisch Autoritéiten gemellt. Den Asaz vu Fipronil ass verbuede bei Déieren, déi fir d'Consommatioun geduecht sinn. Wien dréit d'Responsabilitéit, datt et esou wäit konnt kommen?

D'Belsch an Holland gi sech géigesäiteg d'Schold, schonn éischter eppes iwwer déi mat Fipronil kontaminéiert Eeër gewosst ze hunn. Déi hollännesch Autoritéit fir Liewensmëttelsécherheet NVWA huet confirméiert, schonn Enn d'lescht Joer eppes iwwer den Asaz vum d'Insektemëttel an den Héngerställ als Botzmëttel gewosst ze hunn. Et wier eng anonym Indikatioun dozou ginn. Deemools wieren et keng Indikatioune ginn, datt een akute Risiko géing bestoen.

Béid Länner, d'Belsch an Holland weisen awer d'Virwërf zréck, nogekuckt an net reagéiert ze hunn. "Et ass net de Moment, fir sech géigesäiteg d'Schold ze ginn," kritiséiert e Spriecher vun der EU-Kommissioun.

Wousst d'EU-Kommissioun scho méi fréi Bescheed?

Och d'EU-Kommissioun soll scho méi fréi Informatioune kritt hunn, wéi si am Ufank matgedeelt hat. Dat geet aus engem Rapport vun der belscher Autoritéit fir Liewensmëttelsécherheet FASNK ervir. D'EU-Kommissioun huet um Mëttwoch Owend zouginn, datt d'Belsch schonn de sechste Juli iwwert eng EU-Plattform Informatioune vun Holland ugefrot. Ënner anerem och fir beim Thema mat Holland zesumme weider nozefuerschen.

D'EU-Kommissioun huet erkläert, datt si déi Plattform, déi vun der Belsch benotzt gouf fir iwwer de Fipronil-Skandal z'informéieren, just technesch iwwerwaacht.

Am Fipronil-Skandal hunn d'Enquêteuren zwou Persounen an Holland festgeholl. Dobäi handelt et sech ëm zwee Manager vun der Entreprise ChickFriend. Déi zwee Männer stinn am Verdacht, beim Botze vun Héngerställ bewosst d'Insektegëft Fipronil agesat ze hunn. De Parquet geheit hinne vir, déi ëffentlech Gesondheet op d'Spill gesat ze hunn a verbuede Substanzen ze besëtzen. Vun ChickFriend selwer koum nach keen offizielle Communiqué.

Alleguer déi 180 hollännesche Eeërproduzenten, bei deene kontaminéiert Eeër fonnt goufen, si Client bei ChickFriend. Fipronil ass bei der Gefligelzuucht verbueden a gouf virun allem bei der Bekämpfung vun der Bluttlaus agesat, déi fir Hénger geféierlech ass.

Risiko fir d'Gesondheet oder net?

D'Konsumenten interesséiert awer virun allem, ob de Genoss vu mat Fipronil-kontaminéierten Eeër schiedlech fir d'Gesondheet ass. Eréischt bei engem héije Konsum vu mat Fipronil-kontaminéierten Eeër kéint e Risiko fir d'Gesondheet bestoen, esou dat däitsch Bundesinstitut fir Risikobewäertung. Bei Kanner kéinte scho méi kleng Quantitéiten en Afloss op d'Gesondheet hunn. Allgemeng wier de Risiko awer als geréng anzeschätzen. Trotzdeem hätt den Insektizid näischt an Eeër ze sichen.

An der EU dierf Fipronil nëmme bei der Behandlung vu Geseems benotzt ginn, esou d'Monika Lahrssen-Wiederholt vum Bundesinstitut fir Risikobewäertung. Den Insektizid kann do fir d'Bekämpfung vun Zecken, Lais oder Milben agesat ginn. D'Mëttel wierkt op den Nervesystem vun de Schädlingen. A grousse Quantitéite kéint och de mënschlechen Nervesystem ugegraff ginn.

"Awer och op den Nervesystem vun aneren Déierenaarten. Dat kennt een aus den toxikologeschen Tester."

De gesondheetleche Risiko ass éischter geréng

Fir de Gesondheetsrisiko vum net erlaabten Asaz vu Fipronil an der Eeërproduktioun ze bewäerten, ass d'Bundesinstitut fir Risikobewäertung esou virgaangen:

"Mir hunn deen héchste Wäert vu Fipronil geholl, dee bis elo an engem Ee aus der Belsch gemooss gouf. Dorausser hu mir berechent, wéi vill Eeër een iesse kann, ier ee Gesondheetsrisiko besteet. Dobäi komme mir fir erwuesse Leit op siwen Eeër. Bei engem klenge Kand vun zwee bis véier Joer wieren zwee Eeër nach net schiedlech. Bei ganz klenge Kanner vun engem Joer ass et onbedenklech, wa si een Ee iessen," esou Monika Lahrssen-Wiederholt

Erbriechen oder Schweessausbréch kéinte Symptomer sinn, sollt een ze vill vun de kontaminéierten Eeër iessen, esou d'Expertin. Allerdéngs géif dat net heeschen, datt dann dës Symptomer och optriede mussen. D'Wahrscheinlechkeet datt e Gesondheetsrisiko besteet, wann een Héngerfleesch ësst, wier kleng.

"Déi Daten, déi eis aus Däitschland virleien, goufe lo aus Betriber geholl, déi elo gespaart sinn. Déi Donnéeën hu mir och ausgewäert a festgestallt, datt keng akut Gefor fir d'Konsumenten, och net fir Kanner, besteet."

D'Hénger-Mast-Betriber wieren net vun dësem Skandal betraff, wëll sech d'Hénger do net sou laang ophale géifen, datt sech Schädlinge géifen entwéckelen. Deementspriechend géif do och keen Insektizid agesat ginn.

Mëttlerweil, huet den Hiersteller BASF ugekënnegt, d'Lizenz fir d'Insektizid Fipronil, déi Enn September ausleeft, net méi ze verlängeren.