Radioen

On air

De Moien  |  Sly & The Family Stone - Everyday People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi neutral ass d'EU am Dialog mam Iran?

EU-Aussepolitik

Wéi neutral ass d'EU am Dialog mam Iran?

Zéngdausende waren ëm de Joreswiessel am Iran op d'Strooss gaangen. Wäit iwwer 3.000 Leit goufen dono festgeholl, 22 Mënsche koumen ëm d'Liewen. Während sech den amerikanesche President Donald Trump kloer hannert d'Demonstrante gestallt huet, huet sech d'EU méi zréckgehalen. Op alle Fall gëtt um Atomdeal festgehalen, sou de Message. Hannendru stiechen och ekonomesch Interêten.

auto_stories

4 min

E Freideg huet den Donald Trump der EU een Ultimatum vu véier Méint gesat. Si misst sech dozou verflichten, datt déi sougenannte Breakout-Period net méi laang wéi ee Joer ass. Domat ass déi Zäit gemengt, déi den Iran bräicht, fir d'Material zesummenzekréien, fir eng Atombomm ze bauen.

Dat ze verhënneren ass de But vum Atomaccord, deen et zënter 2015 mam Iran gëtt. Deem Deal no ass den Iran d'Accord, datt international Kontrollen duerchgefouert ginn. D'Land huet seng Uran-Uräicherung och reduzéiert. Am Géigenzuch goufen dono Sanktiounen opgehuewen.

EU hält um Atomdeal fest

D'Menace vum Donald Trump, sech aus dem Deal erauszezéien, hat zu Bréissel fir gréisser Opreegung gesuergt. D'EU huet e puer Mol ënnerstrach, et géif een um Ofkommes festhalen.

"Den Deal funktionéiert, en huet säin Haaptzil erfëllt, nämlech den iraneschen Atomprogramm ze kontrolléieren", sot d'EU-Chefdiplomatin Federica Mogherini no engem Gespréich mam iraneschen Ausseminister. Déi international Atomenergie-Agence hätt an néng Rapporte confirméiert, datt den Iran sech u seng Engagementer hält.

D'EU spillt als Koordinatorin vum Deal eng zentral Roll a si mécht hir Saach ganz uerdentlech, seet de Steven Blockmans, Politikwëssenschaftler a Mataarbechter vum Centre for European Policy Studies zu Bréissel.

"D'EU huet et ëmmer nees fäerdeg bruecht, sech op den eigentlechen Inhalt vum Accord ze konzentréieren, dee betrëfft den Atomprogramm, all déi aner Saache falen net do drënner", sou de Steven Blockmans.

Atomdeal funktionéiert, seet International Agence

Seng Analys bezitt sech reng op d'Rapporte vun der Internationaler Atomenergie-Agence. Et gëtt och Kritiker, déi soen d'Kontrolle vun där Agence wieren net streng genuch, oder si géifen net iwwerall do vum Iran eragelooss ginn, wou misst kontrolléiert ginn.

Den Iran selwer spillt d'Kontroll vu baussen erof. De President vun der iranescher Atomenergie-Organisatioun, den Ali Akbar Salehi, huet sech am August 2017 an engem Interview an der iranescher Televisioun domat gebretzt, datt säi Land säin Atomprogramm nees bannent kuerzer Zäit kéint reaktivéieren. Hie sot zum Beispill, datt am Plutonium-Reaktor zu Arak just déi baussecht Pipeline mat Zement gefëllt goufen, an dat kéint ganz einfach réckgängeg gemaacht ginn.

EU profitéiert ekonomesch vum Atomdeal

Vun amerikanescher Säit gëtt d'Gefor, datt den Iran awer bannent kuerzer Zäit capabel wier, eng Atombomme ze bauen, ëmmer nees betount. D'Federica Mogherini gesäit den Atomdeal awer als eng "Garantie fir de Fridden" un.

Et géif kee Grond ginn unzehuelen, datt sech den Iran net un den Accord hält, sot och den däitschen Ausseminister Sigmar Gabriel, dee wéi säi franséischen a briteschen Homolog beim Gespréich mam iraneschen Ausseminister derbäi war. Hien huet dernieft déi ekonomesch Säit vum Deal ënnerstrach. Den Iran kéint am Géigenzuch zum Verzicht Uran unzeräicheren drop zielen, datt déi ekonomesch Relatiounen ausgebaut ginn, sou de Sigmar Gabriel. Doru misst ee weider schaffen.

Dat si vill EU-Länner am gaangen ze maachen. Och vu Lëtzebuerg aus gouf et direkt nom Accord e puer offiziell Visitten an eng Wirtschaftsmissioun am Oktober 2016.

D'EU huet vun den ekonomesche Suitte vum Ophiewe vun de Sanktiounen profitéiert. De Steven Blockmans schwätzt vun "enger Zort Gold-Rausch", bei deem "all méiglech Wirtschafts- oder Premierministere mam But Geschäfter mat iranesche Partner ze maachen, an den Iran gereest sinn". "D'EU huet an engem méi wäite Sënn vum Atomdeal profitéiert", sou de Politikwëssenschaftler. Dat géif d'EU och gewëssermoossen opmaache fir Kritik aus den USA.

Der EU Chefdiplomatin Federica Mogherini wier en Vue vum Atomdeal awer näischt virzewerfen, seet de Politikwëssenschaftler, deen an der EU bis elo trotz den ekonomeschen Interêten, een onparteiesche Vermëttler gesäit.

Amnesty: Fokus méi op Mënscherechter setzen

Méi allgemeng gesi wier dem Steven Blockmans eng gewëss Verännerung an der Approche opgefall. D'Federica Mogherini hätt sech selwer een Image opgebaut, "duerch eng Zort Appeasement vun Diktaturen, eng Realpolitik an där si ze wäit geet, well d'EU dee Rôle net spille kann a sollt, andeems Mënscherechter net un éischter Stell genannt ginn, wat traditionell awer geschéie sollt".

Amnesty International mécht zënter laangem drop opmierksam, datt d'EU dee Sujet méi aktiv misst uschwätzen. Dat ass awer leider trotz de schroe Virfäll och elo no den Demonstratiounen net geschitt, seet d'Iverna McGowan vun Amnesty. D'Approche misst sech änneren, fuerdert Amnesty. Virun allem well d'EU am gaangen ass, eng éischt Delegatioun am Iran opzemaachen an hei sollt de Fokus der Mënscherechtsorganisatioun no net nëmmen op déi ekonomesch Säit gesat ginn.

Et gëtt Meenungsverschiddenheete mam Iran, virun allem och iwwert de Rôle, deen d'Land aussepolitesch spillt, dat hunn d'EU-Ministere leschten Donneschdeg zouginn. Déi wéilt een elo och an Entrevuen uschwätzen, gouf betount.

Mam Atomdeal hätt dat näischt ze dinn, sot de Sigmar Gabriel. Op där anerer Säit ass awer den Deal fir den Iran eng Zort Garantie, datt baussent dem Accord alles kann esou virugoe wéi bis elo, well den Drockmëttel vun de Sanktiounen ewechfält - an och well déi, déi um Deal festhalen, wirtschaftlech ëmmer méi un d'Land gebonne ginn.