National Politik Wéi steet et ëm de politeschen Debat an der Chamber?

Den LSAP-Fraktiounspresident Alex Bodry bedauert, grad wéi de Michel Wolter vun der CSV, datt et an der Chamber un engem politeschen Debat feelt. D'Chamber misst sech méi Mëttel ginn, fir hirer Roll gerecht ze ginn. D'Chamber géif als Institutioun relativ schwaach do stoen, par Rapport zur Regierung, déi ee ganze Verwaltungsapparat huet.

Carole Schimmer / cz

Chamber
Debatt an der Chamber

Et wier fir den Alex Bodry manner eng Fro vun Ausernanersetzungen tëscht de Parteien, mä éischter eng Fro vun Expertis, déi d'Chamber sech an der politescher Konfrontatioun vis à vis vun der Regierung wéilt ginn.

Fir dat ze änneren, bräicht een e fulltime Parlament mat Deputéierten an Experten, déi sech an Dossiere kenne spezialiséieren, seet den LSAP-Fraktiounschef, Alex Bodry. Duebelmandater missten och ofgeschaaft ginn. Et wier och net gutt, datt verschidde Gesetzprojeten an zwou Chamberkommissiounssëtzungen géifen thematiséiert ginn, an datt d'Amendementer dono vu Regierungsbeamten ausgeschafft ginn.

Et wier keng positiv Entwécklung, datt d'Debatten an de Chamberkommissiounen haaptsächlech op d'Avise vum Staatsrot géife baséieren. D'Chamber dierft sech net eleng op d'Avise vum Staatsrot verloossen. D'Parlament misst méi staark ginn an de Courage hunn, fir d'Regierungsprojeten, duerch en eegenen Input ze beräicheren. Deen Ament kéint d'Chamber selwer Initiativen ergräifen, seet den LSAP-Fraktiounschef.

Den DP-Fraktiounspresident Eugène Berger dogéint ass der Meenung, datt d'Gesetzprojeten no engem Accord tëscht de Koalitiounspartner op den Instanzewee geschéckt ginn. D'Chamberkommissioune géife sech primär op eventuell juristesch Problemer konzentréieren, déi misste geléist ginn, mengt den Eugène Berger.

Den CSV-Deputéierte Michel Wolter hat an der Emissioun Riicht eraus gesot, datt hien an de leschte Joren d'Loscht un der Chamber e bësse verluer hätt, well kee politeschen Debat méi stattfënnt. Déi Kritik gëtt vun der grénger Fraktiounscheffin Viviane Loschetter verworf. D'Regierung géif dacks d'Chamber consultéieren, iwwert Debatten zu villen Dossieren. Wann ee sech géint den Debat géing spären, da wier dat d'CSV. D'Viviane Loschetter vermësst iwwerdeems och dacks konkret Virschléi vun der CSV.

Bäitrag lauschteren

Interview Alex Bodry

Interview Eugène Berger

Méi zum Thema

Michel Wolter an der Chambe3r
Chamberwahlen 2018

De Michel Wolter ass iwwerzeegt, datt déi blo-rout-gréng Koalitioun no de Wahle vum 14. Oktober virufiert, wann et arithmetesch méiglech ass. Souguer mat 31 Sëtz. Do wier hie "ganz sécher", seet den CSV-Politiker.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen