Éier eppes wech gehäit gëtt, misst fir d'éischt den Tri gemaach ginn, heescht et bei BioGros, engem Grossist vun Bio Liewensmëttel zu Lëtzebuerg: Dat wat nach gutt ass kréien entweder d'Mataarbechter oder Hëllefs-Organisatiounen wéi Foodsharing oder Cent-Buttéker.
An d'Poubelle kënnt bei BioGros awer näischt, seet de Patrick Kolbusch, Responsabel fir d'Uebst an d'Geméis bei BioGros, zu deenen och d'Naturata Butteker gehéieren:
"Ech schwätze wierklech lo vu Wuer déi net méi "verzehrbar" ass, déi geet an d'Biogasanlag. An dat anert gëtt alles opgedeelt. Do geet kee vun de Produkter an eng Dreckskëscht [...] do si mer jo, bei null Prozent. Well mir geheien hei keng Iesswueren ewech."
Manner Offäll duerch Digitalisatioun an Zil-geriichte Verkaf
Och bei der Provençale probéiert een Offäll ze vermeiden. Déi staark Digitalisatioun an den Zil-geriichte Verkaf gesäit de Georges Eischen, Direkter vun der Provençale, als grondleeënd dofir. Wann een, zum Beispill, zevill Pouleten hätt déi nach 2 oder 3 Deeg gutt wieren, da kéint ee Restauratiounen uruffe fir datt si d'Pouleten op de Plat-du-jour setzen.
Esou kéime ganz vill Produiten awer nach ënner d'Leit, soudatt een an der Provençale ongeféier 0,1 bis 0,2 Prozent Iesswueren huet, déi effektiv net méi gutt sinn. Dat meescht dovu geet an d'Biogasanlag, ausser et handelt sech em futtis Verpakungen, wéi zum Beispill Glas - dat misst ee wech geheien.
Och de Cactus huet schrëftlech confirméiert, datt en sech géint d'Liewensmëttelverschwendung engagéiert. Eng speziell Software suergt fir effizient Berechnungen, fir datt de Stock u Marchandise beschtméiglech op den tatsächleche Verkaf ofgestëmmt ka ginn.
Mindesthaltbarkeetsdatum ass och e wichtegt Element
Liewensmëttel am Cactus, déi wéinst hirem Mindesthaltbarkeetsdatum net méi normal verkaf kënne ginn, ginn zum Beispill mat engem gréngen "Eat me today"-Sticker méi bëlleg ugebueden.
An der Diskussioun ëm Liewensmëtteloffäll, fënnt de Patrick Kolbusch vu BioGros de Mindesthaltbarkeetsdatum problematesch.
Dacks kéint een d'Liewensmëttel och nach no dësem Datum ouni Bedenke consomméieren, erkläert de Patrick Kolbusch: Wann een zum Beispill ee Jugurt opmécht, kéint ee richen oder gesinn op en nach gutt wier. Wann en net saierlech géif richen oder Flecken uewendrop hätt, misst een de Jugurt net wechgeheien.
An dësem Sënn begréisst de Patrick Kolbusch d'Anti-Gaspi-Mesuren an déi nei Campagne fir d'Privatstéit zu Lëtzebuerg.
Wat den Handel an d'Grossisten ugeet, esou hofft de Patrick Kolbuch, datt d'Politik si mat an d'Bot hellt, éier nei Gesetzer geschloss ginn. De Problem ëm d'Liewensmëtteloffäll kéint ee schliisslech nëmmen zesumme léisen