Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi vill demokratesch Erneierung?

Chamberwahlen 2018

Wéi vill demokratesch Erneierung?

"Renouveau Democratique" ass dat éischt Kapitel vum blo-rout-grénge Koalitiounsaccord vun 2013 iwwerschriwwen. D'Regierung huet eng nei Kultur vun der Oppenheet annoncéiert. Eng nei Verfassung, méi politesch Participatioun an eng méi transparent Politik goufe versprach. E Bilan vum Pia Oppel.

auto_stories

4 min

"Kolleeginnen a Kollegen, mir mussen an dem Land hei d'Fënstere grouss oprappen", sot de frësch genannte Spëtzekandidat Etienne Schneider um LSAP-Kongress am Juli 2013.

Wéi déi nei blo-rout-gréng Koalitioun dunn Enn Dezember stoung, sot de frësch gebaakten DP-Premier Xavier Bettel a senger Deklaratioun virun der Chamber:

"D'Vertrauen an d'Institutiounen ass ee vun den héchste Gidder an enger fräier Gesellschaft. Dat Vertrauen huet besonnesch an de leschte Méint gelidden ..."

Gemengt war ënner anerem de Geheimdéngschtskandal, deen d'Neiwahle provozéiert hat. "... Mir hunn eis zum Zil gesat, dat Vertrauen erëm hierzestellen", huet et deemools vum Xavier Bettel geheescht.

De fréiere Premier an neien CSV-Fraktiounschef Jean-Claude Juncker wollt dem Enthusiasmus vum blo-rout-gréngen Neiufank evidenterweis net ganz gleewen. An der Chamberdebatt vun Dezember 2013 iwwer de Regierungsprogramm sot hien. "Dat ass ee grousst Wuert, fir d'Demokratie wëllen ze erneieren. Wou ass dann elo de Renouveau?"

Referendum huet Erneierungsenthusiasmus däitlech gebremst

Ee grousst Verspriechen huet d'Regierung an hirem Koalitiounsaccord gemaach an agehalen: D'Organisatioun vun engem consultative Referendum iwwer wichteg Punkte vun der Verfassungsreform. Mam Awunnerwahlrecht hat d'Regierung de Courage sech un eng zentral Fro vun der Lëtzebuerger Demokratie erunzewoen.

Datt de Referendum vu Juni 2015 därmoossen en Echec war, huet den Erneierungsenthusiasmus dunn däitlech gebremst. D'Reform vum Nationalitéitegesetz ass kee grousse Worf, mee eng op Konsens mat der Oppositioun ausgeriichte kleng Ouverture. An déi nei Verfassung ass zwar prett, mee e Referendum iwwer de Gesamttext ass net méi organiséiert ginn.

Méi Succès hat d'Regierung mat där Reform, déi anescht wéi geplangt net am Referendum zur Debatt stoung, nämlech der méi staarker Trennung vu Kierch a Staat. Och de Reliounsunterrecht ass, wéi am éischte Kapitel vum Koalitiounsaccord annoncéiert, ganz aus de Schoule verschwonnen.

Reform vum Geheimdéngscht gëtt Uspréch nëmmen deelweis gerecht

Wéinst der Virgeschicht vum Regierungswiessel huet d'Reform vum Geheimdéngscht, déi am Juni 2016 gestëmmt gouf, ee besonnesche Symbolcharakter. Ee präzise legale Kader an eng systematesch Informatiounsflicht géintiwwer dem Parlament goufen am Koalitiounsaccord versprach. D'Regele fir d'Aktivitéite vum Geheimdéngscht sinn elo effektiv wesentlech méi detailléiert wéi virdrun. Anescht wéi uganks virgesinn mécht de SREL-Direkter sech awer net strofbar, wann hien d'Chamber net géif iwwer Dysfonctionnementer informéieren. A fir den Asaz vu sougenannte Staatstrojaner, also Software fir d'Iwwerwaache vu Computeren an Handyen, feele präzis Regelen.

Déi al Geheimdéngschtarchive gi wéi versprach vun Historiker opgeschafft. Iwwer de Verlaf vun der Aarbecht gëtt d'Press awer och op Nofro hin net informéiert.

Ënner dem Androck vun den Affären, déi d'Enn vun der CSV-LSAP-Regierung markéiert hunn, wollt déi nei Regierung och méi kloer Verhalensregele fir d'Politiker festschreiwen. Een Deontologiekodex fir d'Ministeren, gëtt et elo - anescht wéi geplangt, awer net a Form vun engem Gesetz.

Reform vum Staatsrot gëtt vu Regierungspartei nees a Fro gestallt

De Staatsrot krut och e Kodex, deem seng Applikatioun awer schwéier vu baussen ze kontrolléieren ass. D'Gremium, dat ee grousse Poids am legislative Prozess huet, ass nämlech trotz der Reform vu Juni 2017 wéineg transparent. Déi gréng hunn als Regierungspartei um Enn vun der Legislatur selwer gemengt, d'Reform géif net wäit genuch goen.

D'Regierung wollt de Cumul vun de Mandater an der Chamber an op EU- a Gemengenniveau iwwerpréiwen. Dat ass net geschitt.

Transparenzbeméiungen hunn ofgeholl

44 Mol steet de Begrëff Transparenz am Regierungsprogramm.

"Le Gouvernement mettra l'accent sur une politique d'information transparente et active", heescht et an der Preambule.

Dozou passt, datt d'Koalitioun decidéiert huet, d'Pressebriefingen no de wëchentleche Regierungsréit live um Internet ze iwwerdroen an och a Gebäerdesprooch ze iwwersetzen.

No 34 Briefingen 2014 ass den Enthusiasmus fir den Austausch mat der Press séier zréckgaangen op 22 Briefingen am Joer 2015, aacht am Joer 2016 a jeeweils dräi am Joer 2017 an 2018. Domadder wier een nees um Niveau vun der viregter Regierung, wou et pro Joer tëscht zwee a sechs Briefingen no engem Regierungsrot gouf.

D'Informatiounszougangsgesetz, dat den Accès vu Bierger a Journalisten zu Informatioune vun den Autoritéite regelt, an dat just virun der Summerpaus nach gestëmmt gouf, ass vu ville Säiten als ze restriktiv a bürokratesch kritiséiert ginn. Dofir ass "Renouveau démocratique" dann effektiv een ze vill grousst Wuert.