Radioen

On air

Notturno  |  Seed To Tree - Lack Of Proportion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi vill Ënnerstëtzung fir d'Ursula von der Leyen?

Méiglech Presidentin vun der EU-Kommissioun

Wéi vill Ënnerstëtzung fir d'Ursula von der Leyen?

Nieft de politeschen Ambitiounen hunn déi eenzel EU-Deputéiert och d'Kommissioune virgestallt, an deene si als Member oder Suppleant matwierken. Duerch d'Nominatioun vun der Ursula von der Leyen als nei Kommissiounspresidentin stellt sech och d'Fro, wéi sech déi lëtzebuergesch EU-Deputéiert beim Vott decidéieren.

auto_stories

3 min

Eenzel EU-Deputéiert vun CSV, DP, LSAP an déi gréng wëlle sech nach net kloer zum Vott positionéieren. Si kritiséieren och d'Aart a Weis, wéi d'Ursula von der Leyen zur Nominatioun koum, esou zum Beispill de Christophe Hansen vun der CSV.

Hien ass relativ onglécklech mat der Situatioun, well déi meescht grouss Fraktiounen e Spëtzekandidat designéiert haten. Hie géif nach ëmmer kloer hanner deem Prinzip stoen, well d'Participatioun bei den EU-Wahlen dovu profitéiert hätt. "Et war déi éischte Kéier zanter 1979, datt d'Participatioun an d'Luucht gaangen ass", sou de Christophe Hansen.

De Politiker aus der EVP-Fraktioun begréisst, datt mat der Ursula von der Leyen eng Fra fir de Posten vun der Kommissiounspresidentin virgeschloe gouf. Hie wéilt och fir d'CDU-Politikerin stëmmen, wann och mat "Bauchwéi". De Charles Goerens vun der DP huet sech fir de Vott den Dënschdeg den Owend nach Bedenkzäit gefrot. No der Fraktiounssëtzung vun de Liberalen de Méindeg den Owend wéilt een der Kandidatin haut d'Chance ginn, sech virum Plenum ze presentéieren. De Charles Goerens verweist och op déi national Suffragë bei der aktueller Spëtzekandidat-Diskussioun.

"Et sinn am Fong 29 Wahlen, déi noutwendeg sinn. well déi 28 Wahlen an de Memberstaaten, déi designéiere jo d'Staats- a Regierungscheffen. An déi si jo responsabel fir déi Situatioun, an der mir ons elo befannen. Si sinn et, déi decidéiert hunn, wie si dem Parlament virschloen. Den Traité gesäit dat esou vir."

Nominatiounsprozess vu von der Leyen huet batteren Nogeschmaach

D'Monica Semedo, Parteikolleegin vum Charles Goerens, huet en Vue vum Vott nach kee Choix getraff. Fir déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz muss déi zukünfteg Kommissiounspresident e kloert Ufuerderungs-Profil erfëllen.

"Mir hätte gären e President, eng Presidentin, déi sech massiv asetzt fir de Rechtsstaat, fir fräi Press, fir fräi Educatioun etc." D'Ursula von der Leyen hätt der liberaler Fraktioun an all dëse Beräicher immens vag Äntwerte ginn. Si hätt awer deelweis Versteesdemech fir d'Ursula von der Leyen, well si eréischt zanter zéng oder 14 Deeg fir de Poste vun der Kommissiounspresidentin nominéiert ass. Trotzdem wier et net déi Presidentin, déi déi gréng Europadeputéiert an hir Fraktioun ënnerstëtze kéinten, seet d'Tilly Metz.

De Prozess, deen zur Nominatioun vun der Ursula von der Leyen geféiert huet, hätt e batteren Nogeschmaach hannerlooss, esou den Nicolas Schmit. No enger Entrevue mat der Kandidatin hätt den Europadeputéierte vun der LSAP eng gewëssen Erniichterung bei der europäescher sozialdemokratescher Fraktioun erkannt. D'Sozialdemokraten hätten dorop hin e Bréif geschéckt, op deen et mëttlerweil och eng Äntwert gëtt. "Déi Äntwert geet op eng Rei wichteg Punkten, déi mir hir ënnerbreet hunn, an. An ech géif och soe positiv. Mee et geet awer nach net duer, fir dat totaalt Vertraue vum sozialdemokratesche Grupp ze kréien."

A weidere Sëtzunge bannen der sozialdemokratescher Fraktioun soll de Standpunkt zum Vott diskutéiert an eng Entscheedung geholl ginn, esou den Nicolas Schmit weider.

Vott den Dënschdeg den Owend

Um sechs Auer den Dënschdeg den Owend stellt sech d'Ursula von der Leyen dem Vott fir nei Kommissiounspresidentin ze ginn. Virum Vott adresséiert sech d'Uniouns-Politikerin un de Plenum. Dono kënnt et zu engem Debat mat den EU-Deputéierten. Fir Kommissiounspresidentin ze gi brauch déi däitsch Nach-Verdeedegungsministerin iwwer 50 Prozent vun de Stëmmen.