arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi vill Waasser verbraucht den Datenzenter?

Google

|
reading time

1 min

Wéi vill Waasser verbraucht den Datenzenter?

De Mouvement écologique kritiséiert, datt nach ëmmer net kloer wier, wéi vill Killwaasser de geplangte Google-Datenzenter zu Biisse wäert verbrauchen.

reading time

1 min

Den 20. Juni gëtt iwwer d'Ëmklasséierung vum Terrain am Gemengerot ofgestëmmt, mee och bis dohi wäert d'Etüd iwwer de Waasserkonsum nach net ofgeschloss sinn, sou de Mouvement. D'Organisatioun rifft déi politesch Responsabel op, mat der Ëmklasséierung ze waarde bis all d'Fakten um Dësch leien.

De Jos Schummer, Buergermeeschter vun der Gemeng Biisse seet, de Waasserverbrauch géif beim Vott iwwer d'Ëmklasséierung keng Roll spillen. Google géif nämlech eréischt no där Ëmklasséierung ee konkrete Projet areechen. Dora wäert den Internetkonzern da musse präziséieren wéi vill Waasser wäert fir d'Kille vun den Installatioune gebraucht ginn, sou de Jos Schummer.

D'Blanche Weber vum Mouvement écologique:

play_arrow Lauschteren

De Jos Schummer, Buergermeeschter vu Biissen:

play_arrow Lauschteren