De René Winkin seet, datt tëscht 2017 an 2021 d'Industrieproduktioun zu Lëtzebuerg e bësse verluer gaange wier, déi en héije Gasverbrauch huet. Dat kéint zu de 15 Prozent Erspuernisser bäidroen.
Et géifen och nach eng Rei Industrieberäicher ginn, déi vum Gas fort op aner Energieträger kéinte goen, fir Lëtzebuerg ze hëllefen op déi 15 Prozent Reduktioun hinzesteieren. Laangfristeg misst ee kucken, fir déi meescht Produktiounen ze elektrifizéieren.
Manner Energieverbrauch an der Industrie schwéier
An der Glas- oder Stolproduktioun wier et zum Beispilll schwéier Energie anzespueren, well déi Industrië gewëssen Temperature brauche fir ze schaffen, sou de René Winkin.
"Ech kann elo nach probéieren, déi Temperaturen mat eppes anerem wéi mat Gas ze areechen, mee ech brauch se. Déi eenzeg Alternativ ass et, et guer net ze produzéieren."
Wann d'Industrie manner produzéiert, kënnt d'Offer um Marché der Demande net hannendrun an d'Präisser klamme weider. Egal wéi ee sech uleet, dierft dëse Wanter eng ustrengend Geschicht ginn - fir d'Industrie sécher, mee och fir déi aner Acteuren, notamment d'Stied, de Staat an d'Gemengen. E genaue Plang wëll d'Regierung dowéinst am September presentéieren.