Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Cassandra Jenkins - Only One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi wëllkomm ass de Wollef an Europa?

Naturschutz

Wéi wëllkomm ass de Wollef an Europa?

De Wollef ass zeréck: Den Ament liewen eppes méi ewéi 17.000 Wëllef an Europa. Dat seet eng rezent Etüd, déi des Woch am Europaparlament presentéiert gouf. Fir déi eng ass dat eng gutt, fir déi aner eng schlecht Nouvelle. Well och an Zäiten, an deenen de Wollef en héije Schutz genéisst, ass de Wollef net iwwerall wëllkomm. An d'Diskussiounen doriwwer sinn ëmsou méi emotional.

auto_stories

4 min

De Wollef an de Mënsch: Dat ass eng komplizéiert Relatioun. Dat bleift och am 21. Joerhonnert, an deem dëse Fleeschfrësser ënner héchster Protektioun steet, esou.

Et hätt him keen eenzegen Deputéierten, kee Senateur gehollef, wéi et drëms goung, sech fir de Retour vum Wollef anzesetzen, sot des Woch de Nicolas Hulot, wéi hien a Frankräich als Ëmweltminister zeréckgetrueden ass. Net nëmmen a Frankräich ass de Sujet héich ëmstridden. Dat huet natierlech och eppes mat der Relatioun Wollef-Schof ze dinn.

EU-wäit: 20.000 Schof all Joer Affer vu Wëllef

All Joer ginn an der Moyenne 20.000 Schof vu Wëllef an der Europäescher Unioun gerass, seet eng Etüd, déi dës Woch am Europaparlament presentéiert gouf. Am Verglach zu de ronn 60 Millioune Schof, déi op deem nämmlechten Territoire liewen, hält sech dat a Grenzen, kéint ee soen.

Déi Betraffe gesinn dat natierlech anescht. A Frankräich sinn et iwwer 7.000 Schof all Joer, déi engem Wollef zum Affer falen. Déi meeschte Verloschter gëtt et natierlech, wann d'Häerd net bewaacht ass. Déi wéinegst Schof stierwen duerch ee Wollef, wann en elektreschen Zong installéiert gouf oder wann ee Schéifer an Hënn bei der Häerd sinn.

Dowéinst ass dat och d'Recommandatioun vun den Experten, wann et em Preventiounsmesure geet.

"Et ass eng Erausfuerderung, mee méiglech, d'Schied a Grenzen ze halen. De Wëlle muss awer do sinn", seet den Auteur vun där Etüd, den John Linnell vum Norwegeschen Naturfuerschungsinstitut.

Ganz ënnerschiddlech Reaktiounen

Bei esou Remarke krut den Expert am Europaparlament allerdéngs vill Géigewand. Zénk opriichten a Biergregioune mat Touriste wier schwéier, sot zum Beispill den Herbert Dorfmann vun der italienescher, Südtirouler Vollekspartei.

De Mënsch an de Wollef, dat passt einfach net zesummen, dovun ass de Fransous Michel Dantin, Europadeputéiert vun "Les Républicains" iwwerzeegt. Fir hie weist d'Geschicht, datt eng Koexistenz vu Mënsch a Wollef eng "douce utopie" ass.

Déi gréisste Protester géint de Wollef kommen net onbedéngt vun do, wou am meeschte Schof stierwen, hunn d'Experten iwwerdeems festgestallt. A Länner wéi Portugal, Griicheland oder Kroatien, wou d'Schied mat am gréisste sinn, ass d'Opreegung éischter kleng, seet de John Linnell. Och wann des Länner all Dag mam ekonomeschen Impakt vu Wëllef ze kämpfen hunn.

"De Wollef ass do eben eng Partie vun der Landschaft. En ass eng vun den Erausfuerderungen, mat deenen d'Baueren ze dinn hunn, sou wéi de Reen am Summer oder de Schnéi am Wanter oder d'Dréchent", seet den John Linnell.

"Am Contraire dozou, gëtt de Wollef a Länner wéi Frankräich oder Däitschland, wou en ee Joerhonnert net méi do war, net als natierlech, mee als eppes Kënstleches ugesinn. Eppes, dat vum Mënsch agefouert gouf. D'Leit stelle seng Präsenz a Fro, amplaz sech domat auserneen ze setzen, wéi een elo mat der Situatioun ëmgoe soll."

Héije Protektiounsstatut erhalen

Dat ass awer guer net esou einfach. Och am Süde vu Frankräich ginn d'Schofsziichter op d'Barrikaden. Fir de franséische Sozialist Eric Andrieu ass déi extensiv Schofszuucht op Weeden dobausse ganz direkt a Gefor.

Et misst een dee strenge Protektiounsstatut iwwerschaffen, seet hien. Dat ass awer net virgesinn, hat am Mee den EU-Ëmwelt-Kommissär Karmenu Vella annoncéiert.

Déi lëtzebuergesch Gréng Europadeputéiert Tilly Metz begréisst, datt de Wollef esou streng geschützt ass. Si gëtt awer zou, datt dat esouguer a grénge Kreesser heiansdo ëmstridden ass. Datt elo och zu Lëtzebuerg d'Präsenz vun zwee Wëllef nogewise gouf, ass fir d'Tilly Metz eng gutt Nouvelle. De Grand Duché wier gutt preparéiert, schonn 2017 hat den Ëmweltministère ee Plang fir de Management vun de Wëllef presentéiert.

Wollef: Eng Touristenattraktioun a Spuenien

Och an der Belsch goufen dëst Joer e puer Wëllef gesinn. A Flanderen an der Provënz Limburg huet sech eng Koppel niddergelooss. Dorop wier ee stolz, seet den Anthony Kohler vun der Organisatioun Natagora, déi sech fir d'Protektioun vu Wëllef asetzt. Hien huet an der Belsch vill Konferenzen zum Thema gehalen a seet, d'Astellung zu Wollef hätt sech definitiv geännert. D'Leit wieren éischter virwëtzeg ewéi anti agestallt.

Den Expert aus dem Norwegeschen Institut fir Naturrecherchen, den John Linell, weist iwwerdeems drop hin, datt et duerchaus elo schonn erlaabt ass, a spezielle Fäll Wëllef z'erschéissen, an datt dat och a ville Länner gemaach gëtt: "D'Habitat-Direktive setzt de Kader dofir, et ass erlaabt, sou laang et net déi eenzeg Mesure ass. A villen osteuropäesche Länner gëtt de Wollef gejot, als eng Form vum Management vun de Wëllef."

Eent ass sécher, d'Populatioun vum Wollef an Europa wiisst - doriwwer freeë sech déi eng - an déi aner reege sech op. A Spuenien gouf positiv geduecht. D'Géigend vun Zamora zitt Touristen un andeems Safarien offréiert ginn, fir de Wollef an der Natur mat eegenen Aen ze gesinn - an huet Succès domat.