Radioen

On air

Notturno  |  Tara Clerkin Trio - The Turning Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi wouer sinn Noriichten?

Generator

Wéi wouer sinn Noriichten?

Wéi wouer sinn Noriichten? Dës an nach e puer anerer Froe ronderëm Informatiounen huet d'Lara Bousch dem Jean-Claude Franck, dem Chefredakter vum radio 100,7 gestallt.

auto_stories

7 min

Lara Bousch: Dat klengt elo bëssen abstrakt, mee wéi wouer sinn dann iwwerhaapt Noriichten?

Noriichte sinn net iwwerall genee d'selwecht wouer. Wa se vu Medie sinn, vu Journaliste recherchéiert sinn, ass dat eppes anescht, wéi wann ech Noriichten einfach als eppes wouer huelen, wat op Facebook publizéiert gëtt a wat méiglecherweis vun dubiéise Quelle publizéiert gëtt.

Dat heescht, wann ech weess: do stécht e Mediekonzern hannendrun, dee streng Richtlinnen huet, dee sech déi Moyene gëtt fir Noriichten ze iwwerpréiwen, da sinn deem seng Noriichte méi fiabel, wéi wann ech elo einfach Facebook opmaachen, ech kucken, wat a mengem Feed dran ass, an ech hunn do vläicht Saachen derbäi, wou ech iwwerhaapt net weess, wou dat hierkënnt, wien dat geschriwwen huet, ob et net vläicht bewosst Manipulatioun ass.

Wéi kontrolléiert d'Redaktioun dann elo, also wann hei an der Redaktioun Sujeten erakommen, wéi gëtt kontrolléiert, datt déi Basis op där ee sech stëtzt, datt déi och richteg ass?

Dat hänkt ganz vun der Source of. D'Rigueur, mat deem mir dat Ganzt iwwerpréiwen, ass scho wichteg. Mir hunn an eise Redaktiounsrichtlinne stoen, datt mer fir esou Informatiounen och zwou Sourcë brauchen, virun allem am ganz sensibele Beräich, wou een e Reproche gemaach kritt, a wou eppes méiglecherweis Strofrechtleches am Raum steet.

Et huet een och vill Sourcen, déi soen: ech hunn héieren, dat an dat wier geschitt, an da froe mer och ëmmer direkt: gëtt et Dokumenter, déi dat beleeën? Do kënnt dann de Quelleschutz och mat an d'Spill.

Et gëtt ëmmer méi kritiséiert, wéi d'Medie mat de Mesurë vum Staat ëmginn. Kritiséiere si de Lockdown genuch, ginn och mol Dokteren un de Mikro gelooss, déi géint de Lockdown sinn? Wéi gitt dir mat esou Kriticken ëm?

Natierlech wëllt jiddweree bei esou Theemen, déi jiddweree concernéieren, och kënne matschwätzen. Et huet een d'Tendenz heiansdo ze séier aus dem Bauch eraus fir oder géint eppes ze sinn, an dann déi Informatiounen, déi engem dann an dee Kontext erapassen, just nach gefiltert wouer ze huelen, déi engem senger Meenung entspriechen.

Bei esou Phenomeener wéi deem heiten ass et ganz wichteg, datt ee sech ëmmer erëm seet: ech maache mer meng Meenung, wann ech mech a Rou bis informéiert hunn. Ganz dacks ass et esou, datt et herno eng nuancéiert Wahrnehmung ass vun deem Ganzen. Et ass jo net alles schwaarz a wäiss, et ass ee jo net einfach fir oder géint e Lockdown.

Wéi mécht een dat dann, wann een zum Beispill zwee Wëssenschaftler huet, déi allen zwee vertrauenswierdeg schéngen oder sinn, an deen ee seet: jo dat do ass elo wierklech schlëmm, an deen anere seet: nee dat ass elo net sou schlëmm. Wat mécht een dann als Journalist?

Et kënnt jo ëmmer op d'Qualitéit vun der Argumentatioun un. Op der anerer Säit ass et jo och esou, och eng Wëssenschaft wärend esou engem neie Virus ass jo och net a Stee gemeesselt.

Wat fir eng Verantwortung hunn d'Nolauschterer dann, wann ee Situatiounen huet, wou relativ séier Saachen ännere kënnen?

Also éischtens soe mir jo och net als Journalisten: dat ass elo esou, mee mir soen, dem amerikaneschem Institut XY no ass dat do elo esou, oder d'Lëtzebuerger Regierung plädéiert fir déi an déi Mesure aus deem Grond.

Mir si jo net selwer och hei de Wëssenschaftler, deen an deem Sënn mengt en hätt d'Wouerecht geparkt. Als ëffentlech rechtleche Radio probéiere mer sou gutt wéi méiglech iwwer d'Realitéit do baussen ze berichten an och Realitéiten ännere sech eben.

En aneren Aspekt ass d'Selektioun vun den Noriichten: wéi gëtt decidéiert, wéi ee Sujet an d'Noriichte kënnt, a wéi een net? Et gouf jo an de leschte Wochen immens vill iwwer Corona bericht an iwwer aner Saachen zum Beispill net.

Dat ass net eppes, dat willkürlech entsteet, mir hunn do och Richtlinne generell eben, wéi mir den Tri maachen an do kucke mer nom Noriichten- an Notzwäert.

Wat sinn dann déi Krittären? Kanns de déi eng Kéier kuerz erklären, wéi dir dat an der Redaktioun maacht?

Wann ee kuckt, eng Noriicht, wéi vill impaktéiert dat grad d'Liewe vun de Leit? Ech kucken, ass eng Proximitéit zum Sujet do? Ass et eppes, dat d'Leit beréiert? A wann et eppes ass, dat hei am Land geschitt, ass et esou, datt d'Leit méi concernéiert sinn, wéi wann et eppes ass, wat zu Washington geschitt.

Et kann awer sinn, datt mir wëssen, datt dat wat grad zu Washington geschitt, en enormen Impakt wäert kréien op d'Zukunft, a mer dofir déi Noriicht vu Lëtzebuerg och virun déi Noriicht vu Lëtzebuerg setzen. An dann huet ee seelen d'Situatioun, wou ronderëm d'Welt esou vill Leit vun deem selwechte concernéiert sinn, an datt dofir ganz vill driwwer geschwat gëtt, ass et normal, datt et e ganz grousse Volume an den Noriichten anhëlt.

Et muss ee jo och wëssen, datt eng Chamber zum Beispill aner Sujete méi op d'Säit geluecht huet. Wann also do näischt ass, kann een och do driwwer net berichten, mee et dierf een awer doduerch net Gefor lafen, datt aner wichteg Informatiounen, déi och ëmmer erëm wärend deem kënne geschéien, datt een déi ze kuerz komme léisst. A mir hunn eben och déi Richtlinnen.

Meng Philosophie a meng Virstellung ass, datt en ëffentlech rechtleche Radio een ass, deen onofhängeg, kritesch, awer och fair d'Saache betruecht. Et geet jo net just drëms Kritik auszeübe fir Kritik auszeüben. Et ass ee jo net do fir alles schlecht ze rieden an ze zerstéieren an ze soen, wéi null alles.

Et ass do, wou et relevant ass fir den Debat public, datt ee Kritik och ubrénge soll, wa se berechtegt a wa se och argumentéiert ass, datt een diskutéiert, datt een argumentéiert, an datt een dobäiléiert.

An denger Karriär, hues du do erlieft, datt d'Onofhängegkeet vun de Lëtzebuerger staatleche Medie sech verännert huet?

Also staatlech Medien ass esou, ech hunn deen Terme u sech net gären. Also et ass esou, déi Steiergelder garantéieren, datt de Radio net kommerziellen Interête vun Aktionäre respektiv vun Annonceuren ausgesat wier. Et ass och doduerch, wou garantéiert gëtt, datt dee Radio hei och kann no all de Leit an enger Gesellschaft kucken, och Minoritéiten, déi vläicht net zu deene Kafkräftegsten zielen, an et ass awer och wichteg ze soen, datt dat awer net heescht, datt mir dem Premier säi Sender wieren oder der Regierung hire Sender.

Och wa mer awer vun der Politik ofhängeg sinn, wat de Budget ugeet?

Dat ass eng Diskussioun iwwer d'Gouvernance an iwwer d'Gesetz an iwwer d'Struktur vun engem ëffentlech rechtleche Radio. Mir si jo och der Meenung, datt dat reformbedierfteg ass, fir datt do verschidde Gefore manner bestinn, wéi se haut um Pabeier bestinn.

Genee dat ass eben d'Fro: Huet dat Auswierkungen op d'Fräiheet an d'Onofhängegkeet vun der Press zu Lëtzebuerg?

Nee, well et kéint ee jo och elo soen, datt d'Printmedien zu Lëtzebuerg och eng staatlech Hëllef kréien. Heescht dat elo, datt hei jiddwereen der Regierung hannendrun danzt? Nee, dat kann ech wierklech bezeien.

Et gëtt ëmmer erëm Fäll, wou probéiert gëtt, oder och am Ausland op héijem Niveau, Drock op Medien auszeüben. Et gëtt och negativ Beispiller. Mir hunn eis als 100,7 awer ëmmer géint all méiglech Situatioune gewiert a wann een och kuckt iwwer dat, wat mer beriichten a wann een och eis Kommentaren, eis Kriticke kuckt, déi mer formuléieren, déi sinn ëmmer handlungsbaséiert a se sinn argumentéiert.

Et ass einfach an Zäiten, wou een d'Tendenz huet sech ëmmer méi séier an op ganz ville Kanäl ze informéieren, datt ee sech ëmmer erëm soll zeréckhuelen a sech soll soen: dat, wat ech am Ufank gesot hunn: Fir d'éischt informéieren an da sech eng Meenung maachen. A wann ee sech informéiert, och net just déi dräi Push-Meldungen, déi een am Dag um Handy eng Kéier gesinn huet als Informatioun direkt wouer huelen. Mee wann et een esou interesséiert, datt een herno och mat Kolleege gären driwwer diskutéiert, dann och sech déi Minutten huelen, fir dat och eng Kéier ze liesen an datt een "en connaissance de cause" kann argumentéieren.