Flüchtlingen aus der Ukrain Wéi wunnt eng ukrainesch Famill bei hirer Acceuilsfamill?

Zanter dem Ufank vum Krich si ronn aacht Millioune Leit aus der Ukrain geflücht. Iwwer 5.000 Ukrainer sinn op Lëtzebuerg komm, wou si entweder a Strukturen opgeholl gi sinn, oder bei private Famillen doheem. Mir hunn eng ukrainesch Famill getraff, déi zanter Mee bei Lëtzebuerger doheem wunnt.

Jo Diseviscourt / sam / cbi

Ukrainesch Flüchtlingen
Zanter dem Ufank vum Krich si 5.000 ukrainesch Persounen op Lëtzebuerg komm. Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak

Iwwer Ungarn, Polen an Däitschland ass d'Sasha mat hirer Mamm an hiren dräi Kanner op Lëtzebuerg komm. Et war keen einfache Wee, wéi déi 32 Joer al Ukrainerin zielt:

"From Berlin, I took the kids by myself. We took the train and we had five changes. I was with a small baby because my youngest one could not walk at that time. So it was baby, bag, and the other two kids. And for me it was very stressful."

Lëtzebuerg hu si net zoufälleg als Zil rausgesicht. Ee Kolleeg aus hirem Heemechtsduerf bei Kiew, de schonn zanter siwe Joer zu Lëtzebuerg wunnt a schafft, hat hir proposéiert, op Lëtzebuerg ze kommen.

Keen einfache Schrëtt fir béid Säiten

Hei ukomm konnt d'Famill an deenen éischte Méint an enger Wunneng bleiwen, éier si du vun enger lëtzebuergescher Famill opgeholl gi sinn.

Fir béid Säite war et keen einfache Schrëtt, fir mat Onbekannten zesummen ze wunnen. Mee déi zwou Familljen hu sech vun Ufank u gutt verstanen:

"I think that I am a lucky one. In our case, it was all smooth and everything was just great. In my case, thank you very much for everything. I am really appreciative to our host family, to Tessy. She is just an amazing person and we are really lucky that we met her."

Och d'Accueilsfamill bereit d'Entscheedung net, datt si ukrainesch Flüchtlinge bei sech opgeholl huet. Si hate sech zimmlech séier bei der Croix-Rouge gemellt, nodeem déi Leit gesicht hunn, fir Flüchtlingen opzehuelen, verzielt d'Tessy:

"Mir hunn d'Plaz an och d'Zäit fir sech bëssen ëm d'Leit ze këmmeren am Ufank an hinnen ze hëllefen. Bon, dat huet dunn awer eng ganz Zäit gedauert. Si waren natierlech iwwerfuerdert am Ufank. Du sinn ech an een Interview geruff gi bei si, hunn een Dossier agereecht, an no puer Méint war et du souwäit. An dono ass et op ee Mol schnell gaangen."

Kanner léiere Lëtzebuergesch duerch Accueilsfamill

Der Sascha hir Kanner si sechs, véier an annerhalleft Joer al. Duerch de Kontakt mat der Accueilsfamill léiere si Lëtzebuergesch.

Deen Eelste koum am September an d'éischt Schouljoer a géif sech gutt debrouilléieren, esou d'Sasha. Am Ufank wier et schwéier fir si gewiescht, mee elo géif ee schonn ee Fortschrëtt gesinn, och mat der Sprooch:

"They usually don't talk with me in Luxembourgish, but I hear that they talk with our host in Luxembourgish. And also the teachers tell that they speak already well. They can explain what they want and understand everything."

D'Sasha selwer schwätzt nach keng vun de Landessproochen. Nodeem si am Hierscht eng Aarbecht fonnt huet, ass och lo keng Zäit méi do fir Sproochecoursen ze huelen.

Als Sekretärin bei der LUkrain ASBL weess si awer och, datt déi mannst Leit esouvill Chance hu wéi hier Famill. Vill Leit hätte Problemer vu finanzieller oder psychologescher Natur, seet d'Sasha.

Gemëschte Gefiller iwwer d'Chrëschtdeeg

Iwwerdeem huet d'Chrëschtdagszäit d'Sasha traureg gemaach, well de Krich an hirem Heemechtsland nach ëmmer net eriwwer ass. Mee zur gläicher Zäit hätt si sech awer och wéi an engem Märche gefillt, well an der Chrëschtzäit alles esou schéin dekoréiert wier, an do hätt een natierlech eng gewëss Magie verspuert.

Fir d'Feierdeeg koum der Sasha hire Mann aus der Ukrain op Lëtzebuerg, dat war och eng grouss Freed fir si an déi dräi Kanner.

Wann de Krich eriwwer ass, wëllt d'Sasha nees zeréck an d'Ukrain goen. D'Erfarungen, déi si hei zu Lëtzebuerg gemaach huet, sollen dann dobäi hëllefen, hiert Land nees opzebauen.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Nadine Conrardy
Ukrain-Krich

700 Leit hu sech gemellt fir Flüchtlingen aus der Ukrain bei sech doheem opzehuelen, seet d'Nadine Conrardy. Déi concernéiert Leit géifen no an no kontaktéiert ginn an kréichen dono Famille vermëttelt.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen