Radioen

On air

Notturno  |  Corbi, Godié, Kalo De 78, Gospel Emcee, Fizé, Valkilla & T The Boss - Hamilius

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi zäitgeméiss ass de Steierpirvileeg fir Airlinnen?

EU-Klimaschutz

Wéi zäitgeméiss ass de Steierpirvileeg fir Airlinnen?

Bis elo gëtt Kerosin an der EU net besteiert. Wéi passt dee Privileeg bei de Klimaschutz? Dat froe sech ëmmer méi EU-Politiker. Virun allem well d'Aviatioun dee Secteur ass, dee fir ëmmer méi CO2-Emissioune responsabel ass. Allerdéngs ass d'Iddi nach net zeideg fir ëmgesat ze ginn.

auto_stories

5 min

D'Aviatioun an den digitale Secteur stellen haut déi zwou Sourcë vun Zäregaser duer, déi am séierste wuessen. Déi international Organisatioun fir zivil Aviatioun schätzt, datt bis 2050 tëschent 300 a 700 Prozent méi Emissioune vu Fligere kéinten ausgoen.

Trotzdeem gëtt de Kerosin bis elo net international besteiert. Dee Privileeg gëtt et zanter 1944. En ass an der Konventioun vu Chicago festgehale mam Zil, den internationale Fluchtransport ze promovéieren. Deemools war d'Argument, datt déi Mesure kéint dozou bäidroen, d'Frëndschaft an de Versteesdemech tëschent Natioune ze ënnerstëtzen.

27 Milliarden Euro duerch Kerosin-Steier

Dat ass iwwerholl, seet d'Karima Delli, Presidentin vun der Transportkommissioun am Europaparlament. Déi franséisch Gréng ass iwwerzeegt, datt eng Steier ubruecht wier. Si weist op eng Etüd vun der Europäescher Kommissioun hin: eng Tax vun 33 Cent de Liter géif dem EU-Budget eng Recette vu 27 Milliarden Euro d'Joer bréngen. "Op déi Manéier kéinte mer méi an eng méi propper Mobilitéit investéieren, wéi mer dat bis elo maachen", seet d'Karima Delli.

D'Etüd vun der Europäescher Kommissioun geet och dovun aus, datt eng Tax an där Héicht géif dofir suergen, datt d'Emissiounen ëm eelef Prozent erof géife goen, wat ëmmerhin 16,4 Milliounen Tonnen CO2 pro Joer entsprécht.

Léist déi nei Steier Tanktourismus aus?

Am Secteur selwer ginn aner Rechnunge gemaach. Den Thomas Reynaert, Direkter beim Daachverband Airlines for Europe seet, et géif keng Etüd ginn déi belee géif, datt eng Kerosin-Tax wierklech dozou féiert, datt d'Leit manner de Fliger huelen.

"Wann de Präis fir een Ticket an d'Luucht geet, géife vläicht fënnef bis zéng Prozent manner Leit op där Streck de Fliger huelen. D'Maschinn géif trotzdeem fléien a genee esouvill CO2 verbrauchen. Pro Passagéier géif d'CO2-Belaaschtung also klammen."

Nieft esou Previsioune féiert de Representant vun der Aviatioun och een aalt Argument géint eng Besteierung an d'Feld. Um Enn wieren et d'Passagéier, déi géifen d'Konsequenzen droen, well déi zousätzlech Käschte géifen op si ëmgeluecht ginn.

En plus, sou den Thomas Reynaert, géif eng Besteierung vum Kerosin zu Tanktourismus an der Aviatioun féieren. England wier do an Zukunft vläicht eng gutt Adress fir de Fliger vollzetanken.

Dat Argumenter iwwerzeegt déi aner Säit, d'Klimaaktivisten oder Ëmweltschützer, net. Fir den Andrew Murphy vun der ONG Transport and Environment ass Tanktourismus an der Aviatioun wuel kaum rentabel.

"Et géif vill kaschten, mat eidele Fligeren doruechter ze fléien. Dowéinst hale mir d'Iddi, datt Fligeren aus der EU erausfléie fir ze tanken a fir dann nees zeréckzekomme fir zimmlech absurd. Et ass kaum dovun auszegoen, datt d'Airlinnen dat laang géife maachen."

Dowéinst hält hien eng Besteierung vum Kerosin fir een effektiivt Mëttel.

Ëmmer méi EU-Länner dofir

Och ëmmer méi EU-Länner setze sech dofir an. Am November zejoert hunn d'Finanzministere vu néng Memberlänner, dorënner Lëtzebuerg, een Appell dofir gemaach.

D'Kommissioun huet d'Iddi an hire Green Deal opgeholl a kéint deemnächst proposéieren, datt eng Tax op Flich bannen der EU ageféiert gëtt. De Representant vun der Aviatioun freet awer no enger globaler Léisung a verweist och op een Ausgläichssystem, op dee sech de Secteur schonn 2016 gëeenegt huet.

"Dat ass een enormen Exploit, déi mir erreecht hunn. Et huet méi wéi sechs Joer gedauert, dee globalen Accord ofzeschléissen", sou den Thomas Reynaert.

Dëse sougenannte CORSIA-System soll allerdéngs eréischt vun 2027 un a Kraaft trieden an huet och vill Ausnamereegelungen.

En attendant huet déi gréng Europadeputéiert Karima Delli nach eng aner Propos.

Comeback vun Nuetszich

Nuetszich kéinten erëm ageféiert ginn. D'Hallschent vun de Flich an Europa géifen iwwer eng Distanz tëschent 600 an 1.800 Kilometer goen. Do wier den Nuetszuch eng gutt Alternativ, sou d'Karima Delli. En plus kéim den Nuetszuch och all deenen entgéint, déi wéinst dem Klimawandel net méi fléie wëllen.

Ëmmerhin huet viru Kuerzem d'Linn Bréissel-Wien mam Nightjet vun der éisträichescher Bunn hire Comeback gefeiert. An et leeft eng Petitioun op der Stréck Paräis-Bréissel-Berlin och nees en Nuetszuch fueren ze loossen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.