Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Joan As Police Woman, Tony Allen & Dave Okumu - Take Me To Your Leader

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Aarbechtsplaze fir behënnert Persounen

APEMH

Méi Aarbechtsplaze fir behënnert Persounen

An den Ateliers protégés zu Lampech schaffe 60 behënnert Persounen, mëttelfristeg klëmmt déi Zuel op 200. Dofir gëtt weider gebaut: déi zweet Phas vum Chantier fänkt Enn 2017 un, esou d'Liette Braquet. D'Direktesch vun der Associatioun vun Eltere vu geeschteg behënnerte Kanner annoncéiert och, datt d'APEMH an d'Beetebuerger Gemeng eng inklusiv Maison Relais opmaachen.

auto_stories

2 min

Liette Braquet, Direktesch vun der APEMH, Invitée vum Dag den 20. Mäerz 2017

An der neier inklusiver Maison Relais am Beetebuerger Park wäerten och behënnert Kanner betreit ginn. Der APEMH-Direktesch Liette Braquet no kënnt eng inklusiv Crèche an d'Struktur, déi am September soll opgoen. Et ass e gemeinsame Projet vum Edukatiounsministère, der Gemeng Beetebuerg an der APEMH; d'APEMH iwwerhëlt d'Gestioun.

Lampech weider am Ausbau

D'Ateliers protégés vun der APEMH zu Lampech gi weider ausgebaut. Viru véier Joer hat de Regierungsrot de Bau vu Strukturen an Ateliers protégés fir 200 Persounen autoriséiert. Enn vum Joer fänkt déi zweet Bauphas un, seet d'Liette Braquet, Direktesch bei der APEMH. Nieft engem Bauerenhaff a Geméisubau, si geplangt:

  • eng Wäscherei
  • eng Bäckerei
  • eng Kantin
  • Formatiounsraim
  • eng Déierepensioun

Waardelëscht

Aktuell waarden 180 Leit op eng Aarbechts- oder Formatiounsplaz an engem Atelier protégé vun der APEMH.

Mä dorënner sinn och Jonker vun 13 Joer un, déi nach net direkt betraff sinn, well se nach net um Aarbechtsmaart sinn, seet d'Liette Braquet. Eng wierklech Urgence géing et net ginn, well zu Lampech nei Plaze géingen dobäi kommen.

Ateliers protégés: eng Reform ouni Impakt?

D'Direktesch vun der APEMH mengt net, datt fir déi behënnert Persounen, déi an den Ateliers protégés schaffen, mat der geplangter Reform eppes wäert änneren. Dat géing éischter d'Verwaltung betreffen. Déi staatlech subventionéiert Ateliere géingen an Zukunft als reell wirtschaftlech Betriber ugesi ginn, an dat wär gutt.

Der geplangter Reform no kréien d'Atelieren en neien Numm: Ateliers d'inclusion professionelle. 1.100 behënnert Salariéë schaffen zu Lëtzebuerg an den Ateliers protégés, déi vum Staat subventionéiert ginn.