Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weider géint d'Ofschafe vu Kierchefabricken aktiv

SYFEL

Weider géint d'Ofschafe vu Kierchefabricken aktiv

De 17. Januar gouf d'Gesetz iwwert d'Ofschafe vun de Kierchefabricken an der Chamber gestëmmt. Am Abrëll trëtt et a Kraaft. De Syfel, den Daachverband vun de Kierchefabricken, wäert weiderhin dogéint juristesch aktiv bleiwen. Et géif ee bis op Stroossbuerg goen, seet de Serge Eberhard, de President vum Syfel .

auto_stories

2 min

An enger éischter Phase leeft de Recours géint d'Konventioun iwwert d'Trennung vu Kierch a Staat, déi tëscht dem Bistum an der Regierung ënnerschriwwe gouf. Iwwer 100 Kierchefabricken hate souwuel den Inneminister, de Kultus- a Premierminister, ewéi och de Generalvikar an den Äerzbëschof wéinst där Konventioun ugesicht. Déi Geriichtsprozedur ass nach am gaangen. D'Gesetz selwer trëtt eréischt am Abrëll a Kraaft. Deen Ament kéinten d'Kierchefabricken eng weider Plainte areeche wéinst Expropriatioun.

Dier vum Generalvikar ass zougespaart

Nom Vote vum Gesetz hat de Generalvikar Leo Wagener op enger Pressekonferenz präziséiert, seng Diere géifen opbleiwe fir all déi, déi am zukünftege Kierchefong wéilte matschaffen. An den Ae vum Marc Linden, Vizepresident vum Syfel, wier déi Dier allerdéngs zougespaart. Wéi wäit déi Dier effektiv opsteet géif am Endeffekt dovunner ofhänken, wéi den zukünftege Statut vum neie Kierchefong ausgesäit. Wichteg fir de Syfel bleift d'Fro vun der Dezentraliséierung an d'reellt Matsproocherecht. An deem geplangte Statut vum Kierchefong, sou wéi de Bistum dee bis elo provisoresch ausgeschafft huet, géif déi Dezentraliséierung net wäit genuch goen, seet de Syfel.

Keng Mass méi an desaffektéiert Kierchen!

D'Gesetz iwwert d'Ofschafe vun de Kierchefabricke leet d'Propriétéitsverhältnisser vun de Kierchegebaier fest. An enger Annexe ginn iwwerdeems all d'Kierchen an hir jeeweileg Proprietären opgelëscht, dat heescht entweder d'Gemeng oder de Kierchefong. An enger weiderer Annexe konnt de Bistum festleeën, wéi eng vun de Kierchegebaier, déi de Gemenge gehéieren, als wichteg fir d'Ausübe vum Kultus consideréiert ginn. Am Ganze stinn eng 100 Kierchen an där Annexe. Déi aner Kierchegebaier, déi de Gemenge gehéieren, kënnen op Ufro vun de Gemenge vum Bistum desakraliséiert ginn a fir aner Zwecker genotzt ginn. "Do ginn da keng Masse méi ofgehalen, contrairement zu deem wat d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer gesot huet", seet de Marc Linden.