Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weider Resultater vun der Vollekszielung vun 2021 publizéiert

STATEC

Weider Resultater vun der Vollekszielung vun 2021 publizéiert

13 Gemengen am Land hu méi wéi 10.000 Awunner, an an enger eenzeger Gemeng liewe manner wéi 1.000 Leit: dat kann een aus de weidere Resultater vun der Vollekszielung vun Enn 2021 erausliesen, déi de STATEC elo verëffentlecht huet.

auto_stories

2 min

Déi meechten Awunner zu Lëtzebuerg liewen an der Stad. (Foto: Ilona Lablaika/Bigstock)

Lauschterenplay_arrow


Mat 960 Awunner ass Sëll déi Gemeng mat de mannste Bierger. Déi meeschten Awunner ginn et an der Stad Lëtzebuerg, mat - Stand Enn 2021 - ronn 128.000 Leit. Dat ass all fënneften Awunner vum Land.

Awunner pro Quadratkilometer als nei Statistik

D'Gesamtbevëlkerung vum Land huet sech zënter 1970 iwwregens ëm 90 Prozent vergréissert.

Prozentual ass d'Populatioun an de leschte 50 Joer am stäerksten an der Gemeng Weiler zum Tuer gewuess. Déi prozentual niddregst demographesch Croissance gouf et zu Esch-Uelzecht.

De Quadratkilometer am Land, op deem am meeschte Leit liewen, läit an der Stad Lëtzebuerg, an de Quartiere Gare a Bouneweg. Dëse Quadratkilometer huet bal 15.000 Awunner.

Liicht méi Männer ewéi Fraen

Den Auslänner-Undeel am ganze Land louch bei der leschter Vollekszielung bei ronn 47 Prozent. Wéinst de villen Naturalisatiounen hätt dësen Undeel sech stabiliséiert, notéiert de STATEC. An eelef vun den 102 Gemenge sinn d'Auslänner an der Majoritéit.

Wéinst engem Surplus vu männlechen Immigrante liewen hei am Land zënter enger Rei Jore liicht méi Männer ewéi Fraen.

Den Duerchschnëttsalter vun der Gesamtbevëlkerung louch 2021 bei 39,7 Joer. 2011 war et ee Joer manner. Déi jéngste Gemeng war 2021 Fëschbech mat 36 Joer, an déi eelste Gemeng war Munneref mat engem Duerchschnëttsalter vun den Awunner vu ronn 45 Joer.

Eng interaktiv Kaart mat de Resultater vun der Vollekszielung vun 2021 fannt Dir um Internetsite geoportail.lu an um Site vum STATEC.