Radioen

On air

De Weekend  |  Steely Dan - Peg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weider ugespaante Situatioun an der Kannerklinik

Wéinst Bronchiolitten

Weider ugespaante Situatioun an der Kannerklinik

An der Kannerklinik hätt een déi héchste Bronchiolitten-Zuele vun den leschten zéng Joer, esou d'Isabel de la Fuente, Doktesch an der Kannerklinik. Den Ament wieren eng 57 Puppelcher a Kanner do hospitaliséiert, aacht vun hinnen op der Intensivstatioun. Domat wier een op maximaler Capacitéit, wann och nach am normale Beräich, esou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Et wieren déi héchsten Zuele bei der Bronchiolite vun de leschte zéng Joer, stellt d'Isabelle de la Fuente, Doktesch an der Kannerklinik, fest. Den Ament wieren eng 57 Puppelcher a Kanner do hospitaliséiert, aacht vun hinnen op der Intensivstatioun.

Maximal Capacitéit an der Kannerklinik

Déi Wochen, déi elo nach kommen, wäerten da besonnesch à risque sinn, warnt d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. Et wier een zwar preparéiert mat engem Plan de Montée en charge an enger Cellue de crise, déi sech all Dag géif gesinn.

D'Situatioun an der Kannerklinik wier awer ugespaant, och wann een nach am normale Beräich wier, wier een op maximaler Capacitéit:

"Wann dir eis Länner ronderëm kuckt, kann ee soen, datt mir nach relativ gesinn am grénge Beräich sinn - et si Länner, wou d'Situatioun méi akut ass, wou d'Kanner scho musse massiv transferéiert ginn. Bei eis kréie mir dat nach gestäipt."

Dofir war et och den Appell vun der Gesondheetsministesch un all d'Leit dobaussen, fir bei der Präventioun eng Hand mat unzepaken.

Recommendatioune fir déi Kleng

Dofir sollt een déi Kleng an eng "bulle" packen, esou d'Gesondheetsministerin. Konkret géif dat heeschen: et sollt ee Kanner net mat an Akafszentren oder op Plaze mathuelen, wou grouss Mënschemasse sinn, präziséiert d'Doktesch Isabel de la Fuente.

Erwuessener, déi krank wieren, sollten dann och bei Kontakt mat Kanner eng Mask undoen.

Weider recommendéiert d'Isabel de la Fuente fir Kanner, déi an d'Schoul ginn, een "bon lavage de nez", wa si nees doheem sinn, an och datt een doheem gutt lëfte soll. Bei Kanner déi eigentlech an d'Crèche ginn ass d'Recommendatioun, fir si doheem ze halen, wann dat méiglech ass:

"Nous conseillons de garder les tout petits fratries qui vont en crèche à la maison et d'éviter de fréquenter la collectivité pour qu'ils ne ramènent pas le virus au tout petits. Nous avons régulièrement des tout petits, tout petits de 10, 12 jours de vie qui finissent aux soins intensifs parce que le petit frère de 18 mois, qui était à la crèche, a ramené le virus à la maison."

Congé parental fir op krank Kanner opzepassen

Eltere kënnen an Zukunft och bei hirem Hausdokter oder iwwer Téléconsultatioun de Certificat fir de Congé parental kréien, fir bei hirem kranke Kand ze bleiwen, präziséiert nach d'Paulette Lenert.

Fir déi akut Servicer ze entlaaschten, wäert vu Januar un d'Maison médicale pédiatrique an der Kannerklinik och méi laang op an duebel besat sinn. A mat Kanner iwwer 12 Joer kéint een och bei de Generalist goen, esou d'Gesondheetsministerin.