Radioen

On air

De Moien  |  Boulevards - Run and Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weidere Verstouss géint d'Naturschutzgesetz

Intern Enquête vun der Naturverwaltung

Weidere Verstouss géint d'Naturschutzgesetz

An der interner Enquête iwwer en net autoriséierte Bëschwee tëscht Rëmeleng an Téiteng sinn der Naturverwaltung (ANF) weider Onreegelméissegkeeten opgefall. Och den Ausbau vu Lagere vun der ANF an der Zone Verte, net wäit vum Bëschwee ewech, goufen net vum Ministère autoriséiert.

auto_stories

3 min

Zu Téiteng um Hutbierg stinn zënter Jore Lagerhale vun der Natur- a Bëschverwaltung (ANF). Fir den Ausbau vun deenen Hale goufen net all déi néideg Autorisatiounen ugefrot, confirméiert den ANF-Vizedirekter Frank Wolff. Et géif gekuckt gi fir alles ze regulariséieren. "Well et alles Saache sinn déi kënnen autoriséiert ginn, mee wou vermësst gouf dat ze maachen".

Am Oktober gouf déi intern Enquête vun der Naturverwaltung opgemaach, nodeems de radio 100,7 op en illegale Bëschwee tëscht Rëmeleng an Téiteng opmierksam gemaach hat. De ronn annerhallwe Kilometerlaange Bëschwee duerch eng Natura 2000-Zone an deelweis duerch e Biotop war 2012 realiséiert ginn. Ouni déi gesetzlech erfuerdert Autorisatioune vum Ministère.

Foto: Archiv

Bauschutt am Wee, mee vu wou?

D'lescht Woch huet d'Natur- a Bëschverwaltung op e puer Plazen de Bëschwee opgerappt fir ze iwwerpréiwe wéi e Material fir d'Befestegung benotzt gouf. Zwee Baueren haten eis gesot, am Wee wier Bauschutt vun Haiser ofgetippt ginn. Et goufen op méi Plazen ënner anerem Zillen a Reschter vu Plättercher fonnt. De Frank Wolff seet, fir d'ANF wier et awer schwiereg zur Konklusioun ze kommen, datt d'Material soll op den illegalen Ofrëss vun Haiser zréckzeféiere sinn. De Fierschter, deen de Wee realiséiert huet, huet an der Vergaangenheet behaapt, fir d'Befestegung vum Wee wier Material vun engem lokalen Depot um Hutbierg benotzt ginn.

Foto vum 29.11.2019

Schiedlech fir d'Ëmwelt wier d'Material op den éischte Bléck net, esou d'Analys vum Frank Wolff. Dat géif ee sech awer vun der Ëmweltverwaltung mat engem Rapport confirméiere loossen.

Déi zwee Baueren haten eis géintiwwer kritiséiert, datt si vun der Naturverwaltung Virschrëfte gemaach kréien, de Staat selwer sech awer net un d'Virschrëfte gehalen hätt. D'Baueren haten och den Androck, datt si wéinst där Kritik, déi si zënter 2012 formuléieren, an hiren Dossierë benodeelegt goufen. Dem Frank Wolff no goufen et laang Gespréicher mat de Baueren. Verschidde Punkte wiere geléist, bei anere wieren et villäicht Malentendue ginn op déi ee misst an engem zweete Gespréich zréckkommen:

"Et muss ee probéieren datt nees Confiance tëscht zwou Säiten entsteet, well Naturschutz a Landwirtschaft zwee Volete si wou mer besser hätten zesummen ze schaffen. Wann do nach Mediatioun néideg ass, wäerte mer dat och maachen."

Der Natur- a Bëschverwaltung wier et wichteg an dësem Dossier komplett transparent ze sinn. Dem ANF-Vizedirekter no kéint déi intern Enquête geschwënn ofgeschloss ginn.

Fir ze lauschteren: Bäitrag iwwer déi intern Enquêteplay_arrow