Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéineg Undrang fir eng véiert Impfung, Santé recommandéiert de Rappell

Covid-19

Wéineg Undrang fir eng véiert Impfung, Santé recommandéiert de Rappell

D'Demande fir eng véiert Covid-Impfung hält sech zu Lëtzebuerg a Grenzen, seet den héije Beamten Luc Feller, deen zoustänneg ass fir d'Impfcampagne. Bis elo hätte ronn 75.000 Leit zu Lëtzebuerg sech eng zweet Kéier mam adaptéierten Impfstoff boostere gelooss.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Gerardo Vieyra (Archiv)

Lauschterenplay_arrow


60.000 Leit dovu ware méi wéi 60 Joer al. Si gehéieren zu deenen, fir déi eng véiert Impfung recommandéiert gëtt.

Leit empfannen d'Situatioun manner dramatesch

Zu Lëtzebuerg wier et wéi a villen anere Länner, seet de Luc Feller. Vill Leit wiere schonn infizéiert ginn, an der Populatioun géif et eng gewëssen Immunitéit ginn, an d'Leit géifen och gesinn, datt manner Leit hospitaliséiert sinn.

All déi Facteuren zesumme kombinéiert mam Fait, datt eng Rei Restriktiounen opgehuewe goufen, géif mat sech bréngen, datt d'Leit d'Situatioun net méi sou dramatesch empfanne wéi nach virun engem Joer.

Zuele ginn erëm erop

Mee d'Zuele vun de Covid-Infektiounen an och vun den Hospitalisatioune gi nees erop, seet den Direkter vun der Santé, den Dr. Jean-Claude Schmit:

"Mir wäerten do an eng weider Well rëtschen, dat ass och keng Surprise."

Hien huet dofir méi vulnerabel Persounen opgeruff, hire zweeten Impf-Rappell ze maachen.

Zu de vulnerabele Gruppen, fir déi de Conseil supérieur des maladies infectieuses en eng véiert Impfung recommandéiert huet, an un déi en deementspriechend Courrier erausgoung, gehéiere Leit vu 60 Joer a méi.

Vun de Leit iwwer 60 Joer hunn der bis elo nëmme ronn 60.000 déi véiert Impfung och gemaach. 45 Prozent vun de Leit, déi "effektiv ee Risiko" hunn, hätten net vum zweete Rappell profitéiert, sollten dat awer "elo relativ dréngend" maachen, réit den Dr. Jean-Claude Schmit.

Nëmmen nach een Impfzenter

Een Impfzenter ass nach op - deen an der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg. Den Impfzenter op Esch Beval war am Oktober rëm opgaangen, wéi déi véiert Impfungen disponibel gouf, mee ass elo nees zou.

Ee weideren Impfzenter géif nëmmen da Sënn maachen, wann et och eng héich Participatioun vun de Leit géif ginn, seet de Luc Feller. "Déi war net héich genuch, datt mir zwee Impfzenter kënnen oploossen."

Et géif een awer och gesinn, datt d'Impfung bei den Dokteren an den Apdikten ëmmer besser géif ukommen. An am Süden ass zu Esch elo e Pop-Up-Impfzenter ëmmer Freides disponibel.