Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéini ass eng Maschinn e Mënsch?

Prisma

Wéini ass eng Maschinn e Mënsch?

Fir eist Verständnis gëtt et eng kloer Trennung tëschent Mënsch a Maschinn. Mee dat muss net ëmmer esou bleiwen. Iergendwann kënnt wahrscheinlech de Moment, wou Maschinnen esou fortschrëttlech sinn, datt se eis viru ganz komplex ethesch Froe stellen. Den Thomas Koenig huet sech e puer Beispiller ugekuckt.

auto_stories

6 min

Thomas Koenig

Et ass ëmmer interessant, Leit ze begéinen, déi aus engem total anere Background kommen, wéi ee selwer.

1543 si portugisesch Séi-Fuerer a Japan ukomm a waren domat déi éischt Europäer, déi do gelant sinn. Wat denkt een an där Situatioun, wann een op eemol een do stoen huet, mat deem een net onbedéngt gerechent huet, deen iergendwéi ausgesäit, wéi wann e vun der selwechter Spezies wär, an awer och nees net?

Oder huele mir emol d'Situatioun hei a West-Europa am 12. an 13. Joerhonnert, wei déi éischt Berichter vun de Mongolen hei ukomm sinn. Verschidde Leit hu gemengt, et géif sech do ëm d'Nokomme vum legendäre Priister-Kinnek Johannes handelen, an et kéint een d'Mongole benotzen, fir déi béis Moslemen aus der anerer Richtung hier unzegräifen. Schliisslech war dat jo d'Period vun de Kräizzich. Oder d'Reaktioun vun de Mongolen, wéi op emol Messagen hei aus dem Weste komm sinn, déi hinne gesot hunn, si sollten dëst oder dat maachen. D'Mongolen hu sech an immens kuerzer Zäit e Räich erkämpft, dat esou grouss war, wéi nach keent virdrun a keent méi zanterhier. A si waren der Meenung, datt si déi rechtméisseg Meeschtere vun der Welt wieren, aus reliéise Grënn. D'Tatsaach, datt si militäresch esou erfollegräich waren, huet si wuel an hirem Glawe bestäerkt. De Problem ass, datt um westleche Wupp vun der euroasiatescher Äerdmass ganz vill Chrëschte gemengt hunn, si wieren am Fong déi, déi am Recht wären. Tëschent de Mongolen an de Chrëschte gouf et jo och nach Leit vun eng aner Relioun, déi, wann ee si haut nach kéint froen, engem wuel eng ähnlech Story gezielt hätten.

Bref, deen ee Poopst schéckt deem enge mongolesche Khan e Bréif, datt hie sech konvertéieren an Europa net méi bedränge soll, an de Khan äntwert, datt de Poopst sech bis a seng Haaptstad deplacéiere soll fir sech him do ze ënnerwerfen.

D'Fro vum Selbstbild

Ideal Viraussetzunge fir en erfollegräichen Dialog. Oder fir eng Comedie. Wann net dobäi esouvill Leit gestuerwe wieren, wier et nämlech komesch, sou am Nachhinein.

Mee zeréck zur Fro: Wat maachen ech, wann ech op een treffen, dee mech, eleng duerch seng Präsenz an duerch säi Wiesen zwéngt, meng eegen Iwwerzeegungen a mäi Selbstbild a Fro ze stellen?

Et kéint ee jo mengen, datt de Problem haut net méi ze vill akut wier. Mir ginn zwar mat Frieme konfrontéiert, wéinst der Globaliséierung, oder den diverse Migratiounen oder Flüchtlingskrisen, oder de ville Frontalieren. Mee dat ass näischt, wat total friem ass, wat een net hätt kënne gesi kommen. Ausser et géifen Aliens eise Planéit besiche kommen, gesäit et a priori emol aus, wéi wann d'Fro vun der Alteritéit net zu eisen dréngendste Problemer géif gehéieren.

Et gëtt awer esou eppes, wat sech artifiziell Intelligenz nennt. Iergendwann deemnächst ass déi artifiziell Intelligenz wuel clever genuch fir ze leieren a fir esou ze reagéieren, wéi eng mënschlech Intelligenz. An da gëtt et interessant.

An den 1980er gouf déi Fro schonn thematiséiert an esou Filmer wéi "Robocop". Och wann dem Robocop säi Kierper artifiziell war, mee seng Intelligenz mënschlech. Am Film "Terminator" komme mir der Saach scho méi no. Mee wann eng Maschinn probéiert eis ëmzebréngen, dann ass dat net de Moment fir metaphysesch Diskussioune mat hir ze féieren.

Mee wat ass, wann eng Maschinn net wëllt ëmbruecht ginn?

The Measure of a Man

1989 ass d'Episod "The Measure of a Man" vun der Serie "Star Trek The Next Generation" fir d'éischt op der Tëlee gelaf. An der Serie ass d'Raumschëff Entreprise ënnerwee duerch de Weltraum, et geschéie lauter interessant Saachen, et trëfft een op Aliens, et stellt ee sech philosophesch Froen an esou weider. Mee an der Crew vun der Entreprise gëtt et och en Android, den Data. Ausser datt seng Haut wäiss ass, gesäit hien aus, wéi e Mënsch. Hien ass vill méi staark, wéi en normale Mënsch, ka vill méi séier denke wéi mir, an e besteet aus Plastik, Metall.

Bref, en Android, dee schonn zanter Joren dobäi ass, dee Frënn huet, an deen als Frënd an Offizéier geschat a respektéiert gëtt. Enges Daags kënnt e Wëssenschaftler, Maddox genannt, deen den Data a Stécker zerleeë wëllt fir erauszefannen, wéi hie gebaut ass. Den Erbauer vum Data huet nämlech eppes Eenzegaarteges erschaf, an et huet nach keen et fäerdeg bruecht, eppes genee sou Komplexes nozebauen.

De Problem ass awer deen: De Maddox kann net garantéieren, datt hie fäeg ass, den Data, nodeem en hien an Eenzeldeeler zerluecht huet, erëm esou zesummenzebauen, datt e genee esou ass wéi virdrun. Et besteet de Risiko, datt den Data seng Erënnerunge verléiert. Den Data refuséiert déi Aktioun, de Wëssenschaftler insistéiert, an et kënnt zum Prozess fir ze bestëmmen, op den Data d'Recht op säin eegene Kierper huet oder op e Starfleet gehéiert.

A während dem Prozess kënnt dann d'Fro op, wat et eigentlech bedeit, e Mënsch ze sinn, an datt et am Endeffekt quasi onméiglech ass, fir dat genee ze bestëmmen. Mee et ass gutt méiglech, datt mir iergendwa Roboter hunn, déi eis soen, datt se aus moralesche Grënn bestëmmte Saachen net maachen, oder net weider als eis Sklave fonctionnéiere wëllen. A wat maache mir dann?

An der Serie "Ghost in the Shell" gëtt och d'Fro gestallt, wat de Mënsch dann elo zum Mënsch mécht, besonnesch an engem Zäitalter, wou d'Bewosstsinn vun engem Mënsch mat Hëllef vun der Technik net méi u säi Kierper gebonnen ass. Wat ass, wann ech mäi Bewosstsinn op en artifiziellt Gehir transferéiere kann, an dat da kann an e kompatibele Kierper abauen? Wat mécht mech dann nach zum Mënsch?

Mäi Kierper definitiv net méi.

Reell Problemer?

Mee esouguer wann déi Fantasie, datt mir eist Bewosstsinn op Servere kënnen eroplueden, net sollt ëmsetzbar sinn, de Problem wäert sech iergendwann awer stellen.

Et gëtt jo Mënschen, déi mechanesch Protheesen hunn, déi si mat hirem Gehir gesteiert kréien. An et gëtt Mënschen, déi sech ganz bewosst cybernetiséieren, well si sech wëllen "enhancen", wéi een dat esou nennt.

An d'artifiziell Intelligenz gëtt och ëmmer besser.

Wann Dir elo mengt, datt de Problem op der Säit vun de Maschinnen ze sichen ass, et gëtt genuch Beispiller vu Mënschen, déi ganz interessant Bezéiungen zu Maschinnen hunn. Leit, déi sech zum Beispill mat engem Smartphone, enger Lokomotiv, oder enger Achterbunn bestueden. Mee do kann ee sech da Froe stellen, wéi déi Leit ticken.

Do, wou ee sech déi Fro net méi stelle muss, well d'Äntwert vill ze kloer ass, ass an dem Puff, deen 2017 zu Barcelona opgaangen ass, an an deem nëmme Sex-Roboter schaffen.

Wann also de Sex-Roboter op eemol kee Sex méi wëllt hunn. Oder e Smartphone, dee wierklech smart wier an net just esou géif heeschen, wann deen net wéilt duerch en neien Modell ersat ginn, well e sech un eis gewinnt huet ... Oder Ären Auto ... dat ass jo zum Beispill eng Fro, déi beim "Knight Rider" net gestallt gouf. Wat soe mir dem K.I.T.T., wa mir him erklären, datt mir an Zukunft mam Bus fuere fir d'Ëmwelt ze schounen?

Also, wéini ass eng Maschinn e Mënsch?