Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéini gëtt endlech gehandelt?

Fräie Mikro

Wéini gëtt endlech gehandelt?

Rassistesch Diskriminatioun ass e gesellschaftleche Phenomeen, deen och bei eis existéiert, an dee mir net kënnen ignoréieren. Et geet net duer, dëse Phenomen ze erfuerschen et muss och konkret gehandelt ginn. Där Meenung ass d'Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen, d'Laura Zuccoli an hirem Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

D'Laura Zuccoli ass fréier ASTI-Presidentin a Biergerrechtlerin. Foto: Archiv

D'Enquête "Being black in Europe", am Joer 2018 vun der "Agency for Fundamental Rights erstallt, huet bewisen, datt Diskriminatiounen op Basis vun der Hautfaarf zu Lëtzebuerg wäit iwwer der europäescher Moyenne leien.

Am Bericht iwwer Rassismus zu Lëtzebuerg, deen am Mäerz 2022 vum LISER a vum CEFIS virgestallt gouf, gëtt dëst bestätegt. Am meeschte fillen sech Mënschen diskriminéiert, déi sech als Musulmane bezeechnen oder net aus engem EU-Land stamen - dat virun allem bei der Sich no enger Aarbechtsplaz oder enger Wunneng.

Déi wéinegst Fäll gei gemellt

Portugise fille sech besonnesch am Enseignement an am Aarbechtsliewen diskriminéiert. 67 Prozent vun den Affer mellen hir diskriminatoresch Experienzen net, well si dëst als net noutwendeg oder de Fait als net seriö genuch empfannen, awer och aus Mangel un Informatiounen oder well d'Prozedur ze komplizéiert ass.

Nëmmen 11 Prozent deelen hir Erfarunge mat hire Frënn a Familljememberen oder melle se bei der Police oder beim Patron. Nëmmen 3 Prozent wende sech un de Centre pour l'Egalité de Traitement CET, déi zoustänneg Instanz zu Lëtzebuerg.

Dobäi gehéiert et zum CET senge Käraufgaben, Leit ze ënnerstëtzen, déi sech als Affer vun Diskriminatioun betruechten. Si sollen Affer iwwer hir Rechter an iwwer d'Gesetzgebung informéieren.

D'Affer muss awer selwer eng Plainte maachen, mat alle Schikanen a Käschten, déi domat zesummenhänken. 2020 haten 23 Acteuren aus der Zivilgesellschaft opgeruff, am Fall vun Diskriminatiounen dem CET legal Handlungsméiglechkeeten ze ginn, sou wéi dat z.B. an der Belsch de Fall ass.

Ausbildunge fir der komplexer Matière gerecht ze ginn

Dëst wier e wichtege Schrëtt an déi richteg Richtung. Den UNIA an der Belsch - den Equivalent vum Lëtzebuerger CET - proposéiert spezifesch Ausbildunge fir Affekoten, Polizisten oder Leit vum Parquet, fir se op déi dacks komplex Matière virzebereeden.

Et gëtt pro Arrondissement judiciaire eng Referenzpersoun aus der Police oder dem Parquet, Spezialisten am Beräich Diskriminéierung, déi all zesummen am Reseau schaffen an hir Erfarungen austauschen - eng gutt Praxis.

Wéi geet et virun?

D'Familljeministesch huet en Aktiounsplang géint Rassismus ugekënnegt. Gutt! Mee fir wéini? Hire Ministère huet schonn en nationalen Integratiounsplang ausgeschafft, den awer leider weder de Rassismus thematiséiert, nach spezifesch Referenz zu Minoritéite mécht.

Viru kuerzem ass en interministeriellen Delegéierte fir d'Koordinatioun vun der Politik géint Rassismus, Antisemitismus an Anti-LGBTIQ+ ernannt ginn. Och gutt! Wat genau seng Aufgabe sinn, wësse mer allerdéngs net.

Mir brauchen awer och dringend Sensibiliséierungsprogrammer zum Theema Rassismus op der Aarbechtsplaz oder am Enseignement. Mir brauchen den anonymiséierte CV an d'Mediatioune beim Parquet. A mir brauchen de gratis Rechtsbeistand, wann d'Affer op d'Geriicht wëll goen - fir nëmmen dës puer Moossnamen ze nennen.

Eng kollektiv Reflexioun iwwer de komplexe Phenomeen vun der Diskriminéierung ass néideg an d'Erkenntnisser aus der empirescher Fuerschung si wichteg.

Mee et muss och endlech konkret gehandelt ginn!


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.