D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg sot virun der Presse, datt si net Bescheed wousst iwwer d'Recyclage-Problematik an der Mille vun hirer Famill. D'Lëtzebuerger Wort hat virgëschter geschriwwen, datt d'Moulins Dieschbourg net konform wier mam Offallgesetz.
D'Carole Dieschbourg preziséiert, datt si sech, wéi si Ministerin ginn ass, komplett vum Betrib getrennt huet. Op Basis vum Artikel am Wort huet d'Ministerin elo awer an der Ëmweltverwaltung nogefrot ob se vun der Valorlux iwwer dee Problem informéiert gi wieren, wéi dat üblech ass. Dat wier net de Fall gewiescht.
Verpackunge mussen agesammelt ginn
All Betrib, dee Verpackunge produzéiert oder benotzt, ass derfir zoustänneg se entweder iwwer een eegenen System erëm anzesammelen oder et muss ee Member sinn vun enger Organisatioun, déi dës Aufgab iwwerhëlt. Aktuell huet keng Entreprise hei zu Lëtzebuerg een eegene System fir hir Emballagen anzesammelen an ze verwalten.
Hei zu Lëtzebuerg gëtt et just d'Valorlux, déi ënner der Form vun enger ASBL funktionéiert, mee si huet och d'Roll aner Emballagen ze geréieren ewéi Kartong, Pabeier, Glas asw. D'Betriber mussen dann eng Contributioun bezuelen, déi op Basis vum Genre Offall an dem Gewiicht berechent gëtt.
Alles dat seet am Offallgesetz - doranner steet och, datt d'Ëmweltverwaltung eng Kontrollfunktioun huet. Allerdéngs ass déi Verwaltung komplett ënnerbesat, betount de François Benoy, Deputéierte vun déi gréng, a kéint hiren eigentleche Missiounen net sou nogoen, wéi se dat eigentlech misst. D'Ëmweltministerin hätt awer annoncéiert, datt do méi Poste geschaaft solle ginn.
Carole Dieschbourg: Weder Ëmweltverwaltung nach Betrib goufe kontaktéiert
Wann ee Betrib dee Krittär net erfëllt, da gëtt déi Entreprise vu der Valorlux ugeschriwwen an un d'Ëmweltverwaltung gemellt. Et ass och méiglech, datt eng Entreprise sech selwer mellt fir Informatioune vun der Verwaltung ze kréien, oder datt eng Drëttpersoun déi Situatioun och mellt. Aktuell stinn 46 Betriber op der Valorlux-Lëscht vun deenen Entreprisen, déi net konform sinn. Moulins Dieschbourg steet net drop, betount d'Ministerin.
D'Carole Dieschbourg weist sech erstaunt driwwer, wisou d'Valorlux, där hire President driwwer Bescheed wosst, weder der Ëmweltverwaltung, nach dem Betrib Moulins Dieschbourg matgedeelt huet, datt et ee Problem vu Konformitéit géif ginn. Si versteet och net, wisou e Betrib un de Pranger gestallt gëtt, deen net op der Lëscht vun der Valorlux steet. D'Ëmweltministerin gesäit déi Aktioun vun der Valorlux am Kontext vum geplangten Offallgesetz. Et wier fir si kloer, datt hei ganz vill Acteuren nervös géife ginn.
Valorlux gëtt net an d'Chamberkommissioun invitéiert
An der zoustänneger Chamberkommissioun huet d'Carole Dieschbourg den Deputéierten Explikatioune ginn, si hätt, zanter datt se Ministesch ass, aus deontologesche Grënn näischt mat der Millen ze dinn. De Marc Goergen vun der Piratepartei ass net der Meenung, datt bei Minister méi streng gekuckt soll gi wéi bei aneren, an datt déi och net duerch d'Ëffentlechkeet gezu solle ginn. D'Piratepartei versteet awer net, wisou d'Valorlux net an d'Chamberkommissioun invitéiert gëtt.
D'Majoritéitsparteien wollten deemno d'Valorlux net an d'Kommissioun invitéieren an d'CSV hätt dat kritiséiert. D'Piraten envisagéieren, deenen anere Oppositiounsfraktiounen ze proposéieren, d'Valorlux separat ze invitéieren.